Skip to main content Skip to page footer

„D'Léift vu Gott dem Papp, d'Gnod vun eiser Här Jesus-Christus an d'Gemeinschaft vum Hellege Geescht sief mat iech all!“

Kommentar zu Dreifaltigkeit Jahres A - Soeur Clara-Martine Regenwetter o.s.b. (31.05.2026)

Dëse Sonnde feiere mer déi helleg Dräifaltegkeet. Net grad deen evidendsten Glawensinhalt fir vill Chrëschte vun haut an eise Länner.

Et waren d'Konzilen vun Nicäa a Konstantinopel (325 an 381) déi eist Glawensbekenntnis vun haut zesummegeschriwwen hunn, als Reaktioun op den Arius, deen de Jesus net als gëttlech Persoun mee als geschafe Kreatur ugesinn huet. Och un der Gläichstellung vum hellege Geescht als gëttlech Persoun hunn zu der Zäit verschiddener gezweifelt. Dorop hu Chrëschten an dunn d'Konzilen reagéiert, well si gespuert hunn, datt déi Aussoen hirem Glawe géingen widderspriechen an et deemno Zäit wier, dat, wat d'Mehrzahl vun de Chrëschte vun Ufank u gegleeft huet, an engem Text festzeschreiwen.

Et goung also à la base net ëm komplizéiert Wieder an theologesch Akrobatien. Et goung als alleréischt em d'Erfarung déi Mënsche mat Gott gemaach hunn an déi se versicht hunn op Basis vun  hierer Kultur auszedrécken a matzedeelen.

Och am Extrait vum Buch Exodus vun dësem Sonnden geet et em d'Erfarung mat Gott. Interessanterweis ass et net de Mënsch deen als éischt vu Gott seet, e wier douce a baarmhäerzeg. Mee et ass Gott selwer, deen dëst vun sech seet ... an dem Mënsch et ze erliewe gëtt. Virum Extrait vun haut ass nämlech de Passage an deem de Moses verlaangt Gott Face à Face ze gesinn (Ex 33,18-23). Gott hëlt him dëst net iwwel, mee Hie weist en drop hin, datt dat net méiglech ass, well de Mënsch Gott net kucke kann, sou wéi een net kann an d'Sonn kucken ouni blann ze ginn. Hien ass also baarmhäerzeg géintiwwer dem Moses senger klatzkäppeger, mee verständlecher Demande. Hien ass och douce. Hie geet op seng Demande an, souwäit dat méiglech ass. A mat engem Geste vu grousser Zaartheet schützt Hien de Moses an enger Fielsekluft viru Sengem Passage. An dësem Bild coexistéiren d'Allmacht an d'Zaartheet vu Gott. Moses mécht d'Erfarung datt Gottes Allmuecht am Service steet vu senger Léift an net vun enger Dominatioun. Hien erlieft also hautno dat, wat Gott vun sech selwer seet am Extrait vun haut.

Och an der 2. Liesung, dem 2. Bréif un d'Chrëschte vu Korint, steet d'Erfarung am Vierdergrond. De Paulus benotzt nämlech eng Formel fir ze gréissen, déi mir och haut nach an der Mass gebrauchen: „D'Léift vu Gott dem Papp, d'Gnod vun eiser Här Jesus-Christus an d'Gemeinschaft vum Hellege Geescht sief mat iech all!“ Dës Formel huet de Paulus warscheinlech net vun sech aus geschriwwen, mee et war eng Tournure déi an der Liturgie vun den éischte Chrëschte benotzt ginn ass, an déi hire Glawen ausdréckt. Effektiv hunn si deemols d'Apostel kannt, déi 3 Joer mam Jesus ënnerwee waren a woussten datt Hien ëmmer erëm ënnerstrach huet datt Gott säi Papp an eise Papp ass. Si hate vun den Apostelen héieren, datt dës sech nom Doud vum Jesus voller Angscht an Zweifel agespaart hunn. A wéi dat alles duerch den hellege Geescht an hiren Häerzer geännert huet. Si hu kloer gespuert, wéi den hellege Geescht hier Gemeinschafte leed, d'neit Testament ass voll vun Aussoen déi dëst beleeën. D'liturgesch Formel entsprecht also deem, wat erlieft a gegleeft gouf.

D'Wieder vun deemols entspriechen haut oft nët méi der Kultur vun de Mënschen, si „schwätzen“ net méi mat hinnen. Mee Gott ass genau sou real a präsent wéi deemols. Hie bewunnt an duerchdréngt all Epoch. Mir maachen och haut Erfarunge mat Him. Un eis, net midd ze ginn, ze versichen Wieder dofir ze fannen an esou haut Séng Zeien ze sinn.

Och an dëser Rubrik

Solennité du Corps et du Sang du Christ : fête de Dieu parmi nous

Judith Vonderau: Eltern beten mit und für ihre Kinder

„D'Léift vu Gott dem Papp, d'Gnod vun eiser Här Jesus-Christus an d'Gemeinschaft vum Hellege Geescht sief mat iech all!“

„Komm Schöpfer Geist“