lb fr pt en
Beruffungen . Vocations  
5. November 2018

“De Priisterberuff ass eng Beruffung, déi e groussen Engagement erfuerdert”

Interview vu cathol.lu mam Yves Olinger iwwer seng Virbereedung op d’Diakonewei a säi Wee vum Schoulmeeschter zum Priisteramtskandidat

“Matt 35 Joer war du fir mech de richtege Moment komm, fir dem Härgott sengem Ruff ze follegen an den Här Äerzbëschof ze froen, mech an de Seminaire opzehuelen.” (Fotoen: Claude Windeshausen)

Am Virfeld vu senger Diakonewei den 10. November zu Bouneweg huet de Priisteramtskandidat Yves Olinger op eis Froe geäntwert.

Cathol.lu: Yves Olinger, Dir gitt den 10. November zum Diakon geweit. Wéi hutt Dir Iech an de leschte Méint op dëse wichtege Moment virbereet?

Yves Olinger: No fënnef Joer Seminaire huet d’spezifesch Preparatioun op meng Diakonewei am Ufank vun dësem Joer ugefaangen. Am Séminaire des Carmes vum Institut Catholique de Paris, wou ech a Formatioun war, war virgesinn, datt ech meng Demande fir d’Diakonat bis Ufank Mäerz stelle sollt. Do virdrun hunn ech eng ignatianesch Retraite vun zéng Deeg bei de Jesuitten um Châtelard bei Lyon gemaach.

Duerno hunn ech meng Studien ofgeschloss a sinn elo zënter Ufank September an der Par Wooltz am Stage, wou am Alldag vun der Par déi praktesch Virbereedung op d’Tâche vum Diakon geschitt. Dernieft hunn ech och Coursen am Centre Jean XXIII.

Fir di konkret Virbereedung vun der Wei hu mer de Präses vum Seminaire vu Lëtzebuerg, den Abbé Patrick Muller, de Cérémoniaire vum Här Äerzbëschof, den Abbé Jempi Reiners, a virun allem d’ganz Equipe vu Bouneweg gehollef.

Elo, kuerz virun der Wei, ass nach eng Retraite an engem Klouschter.

Et ass also eng relativ laang Virbereedung, déi op de Moment vun der Wei hiféiert.

“Duerch d’Communautéit d’Léift vu Christus z’erfueren a probéieren, d’frou Botschaft ze deelen: Dat mécht fir mech d’Kierch aus an do wëll ech mech elo weider engagéieren”

cathol.lu: Gëtt et ee Bibelvers oder e Wuert vu Jesus dat Iech besonnesch uschwätzt an an Ärem Engagement an der Kierch leet?

Yves Olinger: Ainsi vous serez capables de comprendre avec tous les fidèles quelle est la largeur, la longueur, la hauteur, la profondeur…
Vous connaîtrez ce qui dépasse toute connaissance : l’amour du Christ. Alors vous serez comblés jusqu’à entrer dans toute la plénitude de Dieu.
(Éphésiens 3,18-19)

Dëst Wuert aus dem Bréif vum Apostel Paulus un d’Epheser begleet mech elo schonn eng Zäit. Et weist mir, datt ech an der Gemeinschaft vun all de Gleewegen d’Léift vu Jesus Christus erfuere kann, eng Léift, déi et erlaabt, ganz bei den Härgott ze kommen. Duerch d’Communautéit d’Léift vu Christus z’erfueren a probéieren, d’frou Botschaft ze deelen: Dat mécht fir mech d’Kierch aus an do wëll ech mech elo weider engagéieren.

cathol.lu: Dir waart als éischt Schoulmeeschter, éier Dir Iech fir de Priisterberuff entscheet hutt. Wéi koum et zu dëser Decisioun?

Yves Olinger: De Priisterberuff ass eng Beruffung, déi e groussen Engagement erfuerdert. No der Première hunn ech mech net prett dofir gespuert. Mee de Ruff vum Härgott hunn ech weider héieren. Matt 35 Joer war du fir mech de richtege Moment komm, fir dem Härgott sengem Ruff ze follegen an den Här Äerzbëschof ze froen, mech an de Seminaire opzehuelen.

cathol.lu: Wat huelt Dir aus Ärer Erfarung an der Schoul mat an Ären Déngscht an der Kierch?

Yves Olinger: Nieft der pädagogescher Erfarung, déi mengen ech och an der Kierch op ville Plazen en Atout ass, sinn et sécher déi sozial Kompetenzen, déi een als Schoulmeeschter brauch, déi mer elo hoffentlech am Déngscht an der Kierch hëllefe kënnen.

“Mir sinn eng villsäiteg Kierch. Dofir ass et och wichteg, datt mer och ënnert de Geeschtleche villsäiteg Perséinlechkeete mat verschiddenen Erfarungen hunn”

cathol.lu: Gesitt Dir et fir Äre weidere Wee als Virdeel un, als éischt en anere Beruff gehat ze hunn?

Yves Olinger: Et ass sécher keen Nodeel, verschidden aner Erfarunge gesammelt ze hunn. Ech hoffen, datt ech selwer an och déi Leit, mat deenen ech ze di wäert hunn, dovu profitéiere kënnen. Mir sinn eng villsäiteg Kierch. Dofir ass et och wichteg, datt mer och ënnert de Geeschtleche villsäiteg Perséinlechkeete mat verschiddenen Erfarungen hunn, also souwuel Leit, déi scho ganz jonk no der Première an deen Déngscht erawuessen, wéi och Leit, déi eng gewësse Liewenserfarung hunn, ier se dee Wee aschloen.

D’Diakonewei ass e Samschdeg, den 10. November 2018, um 9.30 Auer an der Kierch zu Bouneweg.
Deen Dag virdrun ass freides owes vun 20 bis 21 Auer eng Gebietsveillée fir kierchlech Beruffungen an der Garer Kierch.
Häerzlech Invitatioun!

cathol.lu: Wou wëllt Dir an Ärem diakonesche Wierke Schwéierpunkte setzen? Wat ass Iech besonnesch wichteg?

Yves Olinger: “Diakon sein heißt, im Menschen Gott dienen”. Sou steet an der Rahmenordnung für das Ständige Diakonat vun eiser Diözes. Duerch den Déngscht un de Mënschen, virun allem un deenen Aarmen a Schwaachen, un deenen, déi op Hëllef ugewise sinn, kann ech als Diakon a spéider och als Priister dem Härgott déngen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu