lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Stackem iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 16. September, um 9 Auer aus der Kierch vu Stackem (Clierf) iwwerdroen. D’Chorale Béigen-Lëllgen-Stackem huet ënnert der Leedung vum Pierre Boever gesongen, op der Uergel huet de Luc Reff begleet, d’Klarinett huet d’Isabelle Huybrechts gespillt.
Chorale Béigen-Lëllgen-Stackem
De vereenigte Chouer Béigen-Lëllgen-Stackem verschéinert des Mass op Heiligkräizdag matt engem ausgewiëlte, flotte Programm. Deen Dag gëtt zu Stackem no enger aler Traditioun eng kleng Kirmes gefeiert an och enger aler Traditioun no, gin no der Mass Hinger versteet, den Erléis as fir d’Onkäste vam Ennerhalt van eiser schéiner Kiirich ze stämmen. Zu dësem Evenement, wiire mer frou, datt vill Lekt eiser Mass géife bäiwanen an och dorno bei der eenzigartiger Hingerstee mattman. Dorno lade mer Eech all den Apéritif an den Schoulsall an, wou na kann gudd a vill gepootert gin. (MiNi)
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Toi qui aimes ceux qui s’aiment | Colombier, arr. Pierre Boever (Arr. fir Klarinett an Uergel) |
---|---|---|
Agangslidd | Morning has broken | Cat Stevens, arr. Pierre Boever (Chouer, Klarinett an Uergel) |
Kyrie | Kumbaya my Lord / Komm bei äis o Här | arr. Pierre Boever |
Gloria | Gloria (Messe de la Jeunesse) | Pierre Boever |
Alleluja | Alleluia grouss ass seng Léift | arr. Pierre Boever |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Dass du mich einstimmen lässt in deinen Jubel | LD 558 |
Sanctus | Sanctus Canon | LD 254 |
Vater unser | Vater unser | W. Lüderitz, arr. Pierre Boever (Chouer, Klarinett an Uergel) |
Agnus Dei | Hevenu shalom alejchem | LD 603 |
Kommuniounslidd | Danken und teilen, was du, Herr, uns gibst | LD 575 |
Schlusslidd | Heilges Kreuz sei hochverehret | LD 446 |
Sortie | Uergel |
Chouer: Chorale Béigen-Lëllgen-Stackem
Dirigent: Pierre Boever
Organist: Luc Reff
Klarinett: Isabelle Huybrechts