lb fr pt en
Sonndesmass  
1. Juni 2023

D’Mass vum Dräifaltegkeetssonndeg gouf vun Nidderdonwen iwwerdroen

De 4. Juni gouf d’Sonndesmass vun Nidderdonwen iwwerdroen. Et hunn d’Sängerfrënn Saint-Jacques Widdebierg gesong, Dirigent war de Jos Stutz, Organist den Thierry Konsbrück. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Sängerfrënn Saint-Jacques Widdebierg

D’Sängerfrënn Saint-Jacques Widdebierg hunn sech spontan am Joer 2022 zesumme fonnt. D’Zil vun deem klenge Männerensemble ass virun allem Spaass um Sangen ze hunn an d’Frëndschaften ze fleegen. Mir prouwen all selwer doheem, wat et eis erlaabt mat wéinege Prouwe fir en Optrëtt auszekommen.

Als nächsten Optrëtt ass ee klenge Concert geplangt an eng weider Sonndesowesmass zu Rued/Syr an der Kierch. Wann elo dobaussen nach een sech ugesprach fillt fir matzemaachen, kann hien sech gäre bei eiser Kontaktpersoun mëllen (William Krier, Tel. 770623).

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Fahre fort, fahre fort F.Kühmstedt
Agangslidd Laudate Domino Charles Gounod
Kyrie Mess brève n° 5 (aux séminiaires) Charles Gounod
Gloria Mess brève n° 5 (aux séminiaires) Charles Gounod
Zwëschegesank Preist den dreifaltigen Gott Melodie: EGB-Kommission, Satz: Mathias Kohlmann
Alleluja Halleluja, Halleluja Melodie: EGB-Kommission, Satz: Mathias Kohlmann
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Der Herr ist mein Hirt Bernhard Klein
Sanctus Mess brève n° 5 (aux séminiaires) Charles Gounod
Anamnèse Aujourd’hui nous célébrons Jesus Christ Henri Veysseyre
Vater unser Eise Papp am Himmel Jos Stutz
Agnus Dei Mess brève n° 5 (aux séminiaires) Charles Gounod
Kommiounslidd O Jesu, all mein Leben bist du Chorsatz: Jos Stutz
Schlusslidd Grosser Gott, wir loben dich LD 136
Uergel: Sortie Dir, dir, Jehova, will ich singen A. Reinhard

Chouer: “Sängerfrënn Saint-Jacques Widdebierg”
Tenor: Jean-Marie Dürrer, William Krier, Jean-Marie Sadler
Bariton: Jeannot Goergen a Jos Stutz (Direktioun) a Guy Thillges
Bass: Fred Schmit
Organist: Thierry Konsbrück


Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu