lb | fr | pt | en |
Dag vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Gesondheetspastoral
Treffe bei de Franziskanerschwësteren de 17. Oktober
Méindes, de 17. Oktober hunn déi benevol an déi haaptamtlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Gesondheetspastoral sech getraff bäi de Franziskanerschwësteren.
De Pater Théo Klein huet si duerch den Dag ënner dem Thema „Den roten Faden des Lebens (wieder) entdecken“ gefouert. Wat ass de „roude Fuedem“ fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen? Wat kann de roude Fuedem si fir déi Leit, déi hinnen an der Gesondheetspastoral begéinen? Den Théo Klein huet Impulser ginn, duerno konnt jidderee fir sech nodenken iwwer déi Werter an Ideeën, déi de roude Fuedem duerstellen am perséinleche Liewen, éier et an de Gruppenaustausch goung.
Et war e rouegen, déiwen Dag, dee vum géigensäitege Vertraue gedroe war. Bäim Iessen huet de Generalvikar Patrick Müller dem Grupp merci gesot fir d’Aarbecht vum Joer. Am Nomëtteg, nom gemeinsame Gebiet, Gesang an der Feier vun der Eucharistie goufen déi haaptamtlech a benevol Mataarbechterinnen a Mataarbechter geéiert, déi an d’Pensioun gaange sinn. Eng haaptamtlech Mataarbechterin ass an de benevolen Déngscht gewiesselt. Et goufen och 3 nei benevol Mataarbechterinnen an 1 benevole Mataarbechter begréisst. Si hunn hir Formatioun Mëtt Juni ofgeschloss a fänken hiren Déngscht bäi de Kranken elo offiziell un.
E grousse Merci u jiddereen, deen zum Gelénge vun dësem Dag bäigedroen huet, an och e grousse Merci un all déi, déi di nei Mataarbechterinnen an Mataarbechter an der Formatioun begleet hunn.
En neie Formatiounszyklus lfir benevol Mataarbechterinnen a Mataarbechter an der gesondheetspastoral leeft am November un. Dir kënnt Iech fir weider Informatiounen un d’Sylvie Schares (sylvie.schares@cathol.lu / Tel: 43 60 51-335) oder un d’Josiane Mirkes (josiane.mirkes@cathol.lu / Tel: 46 20 23-97 oder 621 26 32 56) wenden.