lb fr pt en
Klinikpastoral . Pastorale de la santé  
19. Oktober 2021

Mataarbechterdag vun der Pastorale de la Santé

Grousse Merci dem Jutta Förtsch

Kuckt eis Fotogalerie

E Méindeg haten d’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter vun der Pastorale spécialisée fir d’éischt säit der Coronapandemie e Mataarbechterdag bäi de Franziskanerschwësteren um Belair. Et war e frout Zesummesinn.

De Moie war gedroe vun engem Gebietsmoment a Reflexiounen iwwer d’Thema „Ehrfurcht vor dem Leben“ op de Spure vum Albert Schweitzer ënner der Leedung vum Jean-Jacques Grosber a vum Jutta Förtsch.
Musikalesch gouf den Dag animéiert vum Michele Camposeo an dem Egle Staskunie.
Nom Mëttegiessen war e Gebietsmoment mat Partage ënner dem Motto „Alles beginnt mit der Sehnsucht“ mam Generalvikar Patrick Müller.
No dem Lidd „Allez, pars sur les chemins du monde“ war de Moment fir dankbar Äddi a Merci ze soe fir déi vill Aarbecht vun de leschte Joren, ganz besonnesch fir d’Aarbecht wärend der Coronapandemie, déi vill Kreativitéit verlaangt huet.

E puer haaptamtlech Mataarbechter a Mataarbechterinne ginn an hir wuelverdéngte Pensioun, bleiwen awer zum Deel nach benevole am Déngscht.
Mir hunn dem Michael Kunze, dem Josiane Rommes an dem Solange Kummer all Guddes gewënscht op hirem weidere Wee.
Och e puer benevole Mataarbechter a Mataarbechterinnen halen op an hirem Déngscht. Dem Jeanny Kass, dem Patrick Byrne, dem Marianne a Pierre Bamberg, der Sr.Marie-Thérèse Kieffer an der Sr. Hedwid Adames gëllt eise grousse Merci.

Eise leschte ganz grousse Merci gëllt dem Jutta Filot-Förtsch, wat de Service vun der Pastorale spécialisée no 6 Joer verléisst. Hatt huet mat senge kreativen Ideen a sengem strukturéierte Plange vun der Formatioun eist Schaffe beräichert.
Als nei Mataarbechter goufen d’Martine Regenwetter an de Père Hervé-Pierre Guillot begréisst. Zwou Persounen hunn de Cours fir benevole Mataarbechter ofgeschloss a komme lo an de Stage.
D’Josiane Mirkes iwerhëllt d’Charge vum Jutta Filot-Förtsch vum 15.Oktober un.

Allen eng gutt Zesummenaarbecht!

Josiane MIRKES
josiane.mirkes@cathol.lu

Referentin fir Gesondheetspastoral

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu