lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

1. Faaschtesonndeg A

Mt 4,1-11

1 De Jesus gouf vum Geescht an d’Wüüst gefouert, fir vum Däiwel op d’Prouf gestallt ze ginn.

2 40 Deeg a 40 Nuechte laang huet hien do gefaascht; um Enn war hien hongereg.

3 Dunn ass deen, deen hien op d’Prouf stelle sollt, dohi komm a sot zu him: “Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da so, déi Steng hei solle Brout ginn!”

4 De Jesus huet him geäntwert: “Et steet geschriwwen: De Mënsch lieft net nëmme vu Brout, ma vun all Wuert, dat aus dem Herrgott sengem Mond kënnt.”

5 Dueropshin huet den Däiwel hien an déi helleg Stad matgeholl an hien op d’Spëtzt vum Tempel gestallt.

6 Hie sot zu him: “Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da gehei dech hei erof! Et steet nämlech geschriwwen: Wéinst denger gëtt hien sengen Engelen den Uerder, an si droen dech op den Hänn, fir datt s du dir de Fouss net un engem Stee stéiss.”

7 De Jesus sot: “Et steet och nach geschriwwen: Du solls den Här, däi Gott, net op d’Prouf stellen!”

8 Duerno huet den Däiwel hien op e ganz héije Bierg matgeholl an him alleguer d’Räicher vun der Welt an hir Herrlechkeet gewisen.

9 Hie sot zu him: “All dat hei ginn ech dir, wann s du nidderfäls a mech ubiets.”

10 Du sot de Jesus zu him: “Fort mat dir, Satan! Et steet nämlech geschriwwen: Den Här, däi Gott, solls du ubieden, an him eleng solls du déngen!”

11 Dueropshin huet den Däiwel hie verlooss, a kuck, et sinn Engelen dohi komm an hunn hie bedéngt.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu