lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

2. Adventssonndeg A

Mt 3,1-12

1 Deemools ass de Johannes den Deefer opgetratt an huet an der Wüüst vu Judäa gepriedegt:

2 “Denkt ëm, well d’Himmelräich ass um Kommen!”

3 Et war nämlech hien, dee vum Prophéit Isaias ugekënnegt gi war, wéi dëse gesot hat: “Eng Stëmm rifft an der Wüüst: Maacht dem Här säi Wee prett, maacht seng Pied grued!”

4 De Johannes hat e Kleed aus Kaméilspelz un an e lieder Rimm ëm d’Hëffen, an hien huet vun Heesprénger a vu wëllem Hunneg gelieft.

5 D’Awunner vu Jerusalem an d’Leit aus ganz Judäa an aus der ganzer Ëmgéigend vum Jordan si bei hie gaang,

6 hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss an hunn dobäi hir Sënnen agestan.

7 Wéi de Johannes gesinn huet, datt vill Pharisäer a Sadduzäer komm sinn, fir vun him gedeeft ze ginn, sot hien zu hinnen: "Dir Schlaangebrutt! Wien huet iech gleewe gedoen, dir kéint deem Geroos, dat kënnt, entgoen?

8 Drot Friichten, déi äert Ëmdenke weisen!

9 Mengt net, dir kéint iech soen: ’Eise Papp ass den Abraham!’ Well ech soen iech: Den Herrgott kann dem Abraham aus dëse Steng Kanner maachen!

10 Elo schonn ass d’Aaxt un de Beem hir Wuerzel ugeluecht, an all Bam, dee keng gutt Friichten dréit, gëtt ëmgeha an an d’Feier gehäit.

11 Ech deefen iech mat Waasser, fir datt dir ëmdenkt. Ma et gëtt een, deen no mir kënnt, an dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, him seng Sandalen ze droen. Hien deeft iech mat hellegem Geescht a mat Feier.

12 Elo schonn huet hien d’Schëpp an der Hand, mat där mécht hien säin Denn propper a sammelt säi Weess an der Scheier. D’Kuef awer verbrennt hien an engem Feier, dat ni ausgeet."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu