lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

26. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 21,28-32

28 De Jesus sot zu den Hohepriister an deenen Eelste vum Vollek: "Wat mengt dir? E Mann hat zwéi Jongen. Hien ass bei deen éischte gaang a sot: ’Mäi Jong, géi haut an de Wéngert schaffen!’

29 Ma de Jong huet geäntwert: ’Ech wëll net!’ Herno awer huet et him leedgedoen, an hien ass dohi gaang.

30 De Mann ass och bei deen anere Jong gaang a sot datselwecht. Deen huet geäntwert: ’Ech ginn, Här!’, ma hien ass net dohi gaang.

31 Wie vun deenen zwéin huet dat gemaach, wat de Papp wollt?“Si soten:”Deen Éischten.“De Jesus sot zu hinnen:”Amen, ech soen iech: D’Steierandreiwer an d’Stroossemeedercher gi virun iech an dem Herrgott säi Räich eran.

32 De Johannes ass nämlech bei iech komm, an hien ass um Wee vun der Gerechtegkeet gaang, ma dir hutt him net gegleeft. D’Steierandreiwer an d’Stroossemeedercher dergéint hunn him gegleeft. Dir hutt dat gesinn, ma och duerno huet et iech net leedgedoen, esou datt dir him gegleeft hätt."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu