lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

33. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 25,14-30

14 De Jesus huet senge Jünger dat heite Gläichnes erzielt: "Mat dem Himmelräich ass et wéi mat engem Mann, deen op d’Rees gaang ass. Hien huet seng Dénger geruff an hinnen säi Besëtz uvertraut.

15 Deem engen huet hie fënnef Talenter ginn, deem aneren der zwee, nees engem aneren eent, jidderengem senge Fähegkeeten no, an dunn ass hien op d’Rees gaang. Eenzock

16 ass deen, deen déi fënnef Talenter kritt hat, higaang an huet dermat geschafft, an hien huet der nach fënnef derbäiverdéngt.

17 Gradesou huet och dee mat deenen zwee Talenter der nach zwee derbäiverdéngt.

18 Deen awer, deen dat eent Talent kritt hat, ass fortgaang, huet e Lach an de Buedem gegruef an huet sengem Här seng Sue verstoppt.

19 No laanger Zäit ass deenen Dénger hiren Här zréckkomm an huet d’Ofrechnung mat hinne gemaach.

20 Deen, deen déi fënnef Talenter kritt hat, ass dohigetratt an huet nach fënnef aner Talenter matbruecht. Hie sot: ’Här, fënnef Talenter has du mir uvertraut; kuck, ech hunn der nach fënnef derbäiverdéngt!’

21 Säin Här sot zu him: ’All Respekt, du bass e gudden an zouverléissegen Dénger! Bei deem bëssche waars du zouverléisseg, duerfir wëll ech dech och asetzen iwwer villes. Komm, free dech mat mir!’

22 Och dee mat deenen zwee Talenter ass dohigetratt a sot: ’Här, zwee Talenter has du mir uvertraut; kuck, ech hunn der nach zwee derbäiverdéngt!’

23 Säin Här sot zu him: ’All Respekt, du bass e gudden an zouverléissegen Dénger! Bei deem bëssche waars du zouverléisseg, duerfir wëll ech dech och asetzen iwwer villes. Komm, free dech mat mir!’

24 Dunn ass och deen, deen dat eent Talent kritt hat, dohigetratt a sot: ’Här, ech weess, datt s du en haarde Mënsch bass: Du hëls eng Rekolt eran, wou s du net geséit hues, an du sammels an, wou s du net ausgestreet hues.

25 Well ech gefaart hunn, sinn ech fortgaang an hunn däin Talent am Buedem verstoppt. Kuck, hei hues du Däint erëm!’

26 Säin Här huet him geäntwert: ’Du schlechten a lidderegen Dénger! Du wousst dach, datt ech eng Rekolt eranhuelen, wou ech net geséit hunn, an datt ech asammelen, wou ech net ausgestreet hunn!

27 Duerfir häss du meng Sue missen op d’Bank setzen, a wann ech zréckkomm wär, hätt ech Mäint da mat Zënsen erëmkritt!

28 Huelt him also dat Talent of a gitt et deem, deen déi zéng Talenter huet!

29 Well jiddereen, deen eppes huet, kritt nach derbäi, an hie kritt am Iwwerfloss. Deen awer, deen näischt huet, kritt och nach dat ewechgeholl, wat hien huet.

30 An deen onnëtzen Dénger, geheit deen eraus, an d’Däischtert! Do gëtt gejéimert a mat den Zänn gegrätscht.’"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu