lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

17. Sonndeg am Joereskrees B

Joh 6,1-15

1 De Jesus ass op déi aner Säit vum Séi vu Galiläa, vis-à-vis vun Tiberias, gaang.

2 Eng Onmass Leit sinn him nogaang, well si d’Zeeche gesinn hunn, déi hien un deene Kranke gemaach huet.

3 De Jesus ass op de Bierg eropgaang an huet sech do mat senge Jünger gesat.

4 Pessach, de Judden hiert [grousst] Fest, war nobäi.

5 Wéi de Jesus opgekuckt huet a gesinn huet, datt eng Onmass Leit bei hie komm sinn, sot hien zum Philippus: “Wou solle mir Brout kafen, fir datt si eppes z’iessen hunn?”

6 Dat huet hie gesot, fir de Philippus op d’Prouf ze stellen. Hie wousst nämlech, wat hie wëlles hat ze maachen.

7 De Philippus huet him geäntwert: “Brout fir 200 Sëlwermënze geet net duer, fir datt jidderee vun hinnen och nëmmen e Stéckelche kritt.”

8 Ee vum Jesus senge Jünger, den Andreas, dem Simon Péitrus säi Brudder, sot zu him:

9 “Hei ass e Bouf, dee fënnef Geeschtebrout an zwéi Fësch huet. Ma wat ass dat scho fir esou vill Leit?”

10 De Jesus sot: “Dot d’Leit sech sëtzen!” Et ass nämlech vill Gras op där Plaz gewiescht. Dunn hunn d’Männer sech gesat. Et waren der ongeféier 5.000.

11 De Jesus huet d’Brout geholl, an nodeems hien dem Herrgott merci gesot hat, huet hien et un déi verdeelt, déi sech niddergelooss haten. Gradesou huet hien hinnen och vun de Fësch ginn. Jidderee krut esou vill, wéi hie wollt.

12 Wéi si all gesiedegt waren, sot de Jesus zu senge Jünger: “Sammelt déi Stécker an, déi rescht bliwwe sinn, fir datt näischt verdierft!”

13 Si hunn d’Stécker agesammelt, déi vun deene fënnef Geeschtebrout rescht bliwwe waren, nodeems d’Leit all giess haten, an si hunn zwielef Kierf dermat gefëllt.

14 Wéi d’Leit dat Zeeche gesinn hunn, dat de Jesus gemaach hat, soten si: “Deen hei ass wierklech de Prophéit, deen an d’Welt komme soll!”

15 Well de Jesus awer an Uecht geholl huet, datt si kommen an hie mathuele wollten, fir hien zum Kinnek ze maachen, huet hien sech nees eleng op de Bierg zréckgezunn.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu