lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

28. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 10,17-30

17 Et koum een op de Jesus duergelaf, ass virun him op d’Knéie gefall an huet hie gefrot: “Gudde Meeschter, wat muss ech maachen, fir dat éiwegt Liewen ze kréien?”

18 De Jesus sot zu him: "Firwat nenns du mech gutt? Gutt ass nëmme just den Herrgott, a soss keen!

19 Du kenns jo d’Geboter: Du solls keen doutmaachen, du solls d’Bestietnes net briechen, du solls net stielen, du solls keng falsch Zeienausso maachen, du solls kengem eppes ewechhuelen, du solls däi Papp an deng Mamm an Éieren halen!”

20 De Mann huet him geäntwert: "Meeschter, un all dat hunn ech mech vu Jonktem u gehal.”

21 De Jesus huet hie gekuckt an hien dunn an d’Häerz geschloss, an hie sot zu him: “Eppes feelt dir nach: Géi, verkaf alles, wat s du hues, a gëff deenen Aarmen, an du kriss e Schaz am Himmel. Da komm erëm a komm mir no!”

22 De Mann awer ass traureg ginn iwwer dës Wierder a goung verdrësserlech fort, well hien hat e grousst Verméigen.

23 De Jesus huet ronderëm sech gekuckt a sot zu senge Jünger: “Wéi schwéier ass et fir déi, déi e grousst Verméigen hunn, an dem Herrgott säi Räich eranzekommen!”

24 D’Jünger sinn iwwer seng Wierder erféiert. De Jesus awer sot nach eng Kéier zu hinnen: "Kanner, wéi schwéier ass et, an dem Herrgott säi Räich eranzekommen!

25 Et ass méi liicht fir e Kaméil, duerch d’Lach vun enger Nol ze kommen, wéi fir e Räichen, an dem Herrgott säi Räich eranzekommen!”

26 Du waren si nach méi ausser sech an hunn een deen anere gefrot: "A wie kann dann iwwerhaapt nach gerett ginn?”

27 De Jesus huet si gekuckt a sot: "Fir d’Mënschen ass dat onméiglech, ma net fir den Herrgott, well fir den Herrgott ass alles méiglech.”

28 Dunn huet de Péitrus d’Wuert ergraff a sot zu him: "Kuck, mir hunn alles stoen a leie gelooss a sinn dir nokomm!”

29 De Jesus sot: "Amen, ech soen iech: Et gëtt keen, deen säin Haus, seng Bridder oder Schwësteren, Mamm, Papp oder Kanner, oder seng Stécker wéinst menger a wéinst dem Evangelium zréckgelooss hätt,

30 an deen net elo, nach an dëser Zäit, matzen a Verfolgungen honnertfach Haiser, Bridder a Schwësteren, Mammen a Kanner a Stécker krit, an an där Welt, déi kënnt, dat éiwegt Liewen."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu