lb | fr | pt | en |
3. Faaschtesonndeg B
Joh 2,13-25
13 Well de Judden hiert Pessach-Fest nobäi war, ass de Jesus op Jerusalem eropgaang.
14 Am Tempel huet hien d’Véihändler fonnt, déi Ranner, Schof an Dauwe verkaaft hunn, an d’Geldwiessler, déi do souzen.
15 Dunn huet hien aus Strécker eng Gäissel gemaach an si alleguer aus dem Tempel erausgedriwwen, d’Schof esougutt wéi d’Ranner. De Geldwiessler hir Suen huet hien ausgeschott an hir Dëscher ëmgehäit,
16 an zu deenen, déi d’Dauwe verkaaft hunn, sot hien: “Kuckt, datt dat hei alles ewechkënnt! Haalt op, aus mengem Papp sengem Haus e Joermaart ze maachen!”
17 Seng Jünger hunn sech drun erënnert, datt geschriwwe steet: Den Äifer fir däin Haus frësst mech op.
18 Dunn hunn d’Judden hien zur Ried gestallt a soten: “Wat fir en Zeeche gëss du äis, fir ze weisen, datt s du dat do maachen däerfs?”
19 De Jesus huet hinne geäntwert: “Rappt dësen Tempel of, an an dräi Deeg riichten ech en nees op!”
20 Dueropshi soten d’Judden: “46 Joer laang gouf un dësem Tempel gebaut, an du wëlls en an dräi Deeg opriichten?”
21 Hien awer huet vum Tempel vun sengem Läif geschwat.
22 Wéi hien herno aus dem Doud erwächt gi war, hunn seng Jünger sech drun erënnert, datt hien dëst gesot hat, an si hunn der Schrëft an dem Jesus sengem Wuert gegleeft.
23 Wéi de Jesus um Pessach-Fest zu Jerusalem war, hunn der vill d’Zeeche gesinn, déi hie gemaach huet, an si hunn un säin Numm gegleeft.
24 De Jesus selwer awer huet sech hinnen net uvertraut, well hien si alleguer kannt huet,
25 an hien hat et och net néideg, datt een him géif iwwer d’Mënsche Bescheed soen: Hien hat nämlech erkannt, wat am Mënsch bannendran ass.