lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

30. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 10,46-52

46 Wéi de Jesus mat senge Jünger a villen anere Leit aus Jericho erausgoung, souz dem Timäus säi Jong, de Bartimäus, e blannen Heeschemann, um Wee.

47 Wéi hien héieren huet, datt et de Jesus vun Nazareth war, huet hien ugefaang ze jäizen: “Jesus, Jong vum David, erbaarm dech menger!”

48 Vill hunn der him Virwërf gemaach an him gesot, hie sollt de Mond halen; hien awer huet nach méi haart gejaut: “Jong vum David, erbaarm dech menger!”

49 Dunn ass de Jesus stoe bliwwen a sot: “Rufft hien!” Si hunn dee Blanne geruff a soten zu him: “Hief Kuraasch a stéi op, hie rifft dech!”

50 Dunn huet dee Blannen säi Mantel op d’Säit gehäit, ass opgesprong an ass bei de Jesus komm.

51 De Jesus huet hie gefrot: “Wat soll ech fir dech maachen?” Dee Blanne sot zu him: “Rabbuni, maach, datt ech nees gesinn!”

52 Du sot de Jesus zu him: “Géi, däi Glaf huet dech gerett!” An am selwechten Ament huet hien nees gesinn, an hien ass dem Jesus op sengem Wee nogaang.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu