lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

31. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 12,28b-34

28b E Schrëftgeléierten ass bei de Jesus komm an huet hie gefrot: “Wat fir e Gebot ass dat éischt vun en all?”

29 De Jesus huet geäntwert: "Dat éischt ass dat hei: Lauschter, Israel, den Här eise Gott ass Här, hien eenzeg an eleng,

30 an du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil, mat dengem ganzen Denken a mat denger ganzer Kraaft.

31 Dat zweet ass dat hei: Du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer. Méi grouss wéi déi zwee ass keen anert Gebot.”

32 Du sot de Schrëftgeléierten zu him: "Gutt, Meeschter. Et ass wouer, wat s du gesot hues: Hien ass et eenzeg an eleng, an et gëtt keen aneren ausser him,

33 an hie gär hu mat ganzem Häerz a mat ganzem Verstand a mat ganzer Kraaft, an deen Nächste gär hu wéi sech selwer, dat ass vill méi wéi all Brandaffer an all aner Affer.”

34 De Jesus huet an Uecht geholl, datt hie verstänneg geäntwert hat, a sot zu him: “Du bass net wäit ewech vum Herrgott sengem Räich.” Dunn huet keen sech méi getraut, him nach iergendeng Fro ze stellen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu