lb | fr | pt | en |
4. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 1,21-28
21 Zu Kapharnaum ass de Jesus um Sabbat an d’Synagog gaang an huet d’Leit geléiert.
22 Si waren ausser sech iwwer seng Léier, well hien huet si geléiert wéi een, deen Autoritéit huet, an net wéi d’Schrëftgeléiert.
23 Grad du war an hirer Synagog een, dee vun engem onrenge Geescht besiess war. Hien huet ugefaang ze jäizen:
24 “Wat hu mir mat dir ze doen, Jesus vun Nazareth? Bass du komm, fir äis ze zerstéieren? Ech weess, wien s du bass: den Hellegen, dee vum Herrgott kënnt!”
25 Dunn huet de Jesus him gedreet: “Sief roueg a fuer aus deem Mënsch do eraus!”
26 Dueropshin huet deen onrenge Geescht dee Besiessenen hin an hier gerappt, huet haart gejaut an ass aus him erausgefuer.
27 Doriwwer waren d’Leit alleguer erféiert, an si hunn een deen anere gefrot: “Wat ass dat do? Eng nei Léier, a mat wat fir enger Autoritéit! An hie gëtt esouguer deenen onrenge Geeschter en Uerder, an si follegen him!”
28 An säi Ruff huet sech gaangs a ganz Galiläa verbreet.