lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

2. Sonndeg am Joereskrees B

Joh 1,35-42

35 De Johannes stoung mat zwéi vun senge Jünger beim Jordan, wou hie gedeeft huet.

36 Hien huet op de Jesus gekuckt, dee laanschtgoung, a sot: “Kuckt, d’Lamm Gottes!”

37 Nodeems dem Johannes seng zwéi Jünger héieren haten, wat hie gesot hat, sinn si dem Jesus nogaang.

38 Wéi de Jesus sech ëmgedréit a gesinn huet, datt si him nokoumen, huet hien si gefrot: “Wat sicht dir?” Du soten si zu him: “Rabbi” – dat heescht iwwersat: Meeschter –, “wou wunns du?”

39 Hie sot zu hinnen: “Kommt a kuckt!” Si sinn also dohigaang an hu gesinn, wou hie gewunnt huet, an si sinn deen Dag bei him bliwwen; et war ëm déi zéngt Stonn.

40 Den Andreas, dem Simon Péitrus säi Brudder, war ee vun deenen zwéin, déi dem Johannes nogelauschtert haten an déi dem Jesus du nogaang waren.

41 Hien ass fir d’éischt sengem Brudder Simon begéint a sot zu him: “Mir hunn de Messias” – dat heescht iwwersat: de Christus – “fonnt!”

42 Dunn huet hien de Simon bei de Jesus gefouert. De Jesus huet de Simon bekuckt a sot: “Du bass de Simon, dem Johannes säi Jong; du solls Kephas” – dat heescht iwwersat: Péitrus [Fiels] – “genannt ginn!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu