lb | fr | pt | en |
25. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 9,30-37
30 De Jesus an seng Jünger sinn duerch Galiläa gezunn. De Jesus wollt awer net, datt een et sollt gewuer ginn.
31 Hien huet nämlech seng Jünger geléiert a hinne gesot: “De Mënschejong gëtt un d’Mënschen ausgeliwwert, an si maachen hien dout, an dräi Deeg no sengem Doud steet hien erëm op.”
32 Si awer hunn dat net verstan, an dach hunn si gefaart, fir hien derno ze froen.
33 Du sinn si op Kapharnaum komm. Wéi si doheem waren, huet de Jesus si gefrot: “Wouvun hat dir ënnerwee rieds?”
34 Si awer hu kee Wuert gesot, well ënnerwee haten si rieds dervun, wien dee Gréisste wär.
35 De Jesus huet sech niddergesat an huet déi Zwielef geruff. Hie sot zu hinnen: “Wann een deen Éischte si wëllt, da soll hien deen Allerleschte sinn an den Dénger vun en all!”
36 Dunn huet hien e Kand geholl an et an hir Mëtt gestallt. Hien huet et ëmäerbelt a sot zu hinnen:
37 “Wien eent vun dëse Kanner a mengem Numm ophëlt, deen hëlt mech op, a wie mech ophëlt, deen hëlt net mech op, ma deen, dee mech geschéckt huet.”