lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

7. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 2,1-12

1 Nodeems de Jesus nees op Kapharnaum komm war, hunn d’Leit héieren, datt hien do an engem Haus war.

2 Et sinn esouvill Leit zesummekomm, datt keng Plaz méi war, esouguer net virun der Dier, an hien huet hinnen d’Wuert verkënnegt.

3 Du sinn der komm, déi e Gelähmte bei de Jesus bruecht hunn. Si waren zu hirer véier, fir de Mann ze droen.

4 Well si dee Gelähmte wéinst deene sëllege Leit net bis bei hie brénge konnten, hunn si do, wou de Jesus war, den Daach ofgedeckt an e Lach dra gemaach, fir d’Brëtsch mat deem Gelähmten erofzeloossen.

5 Wéi de Jesus hire Glaf gesinn huet, sot hien zu deem Gelähmten: “Kand, deng Sënne sinn dir nogelooss!”

6 Elo souzen der awer en etlech vun de Schrëftgeléierten do, déi an hirem Häerz geduecht hunn:

7 “Wat geet deen do un, esou ze schwätzen?! Hie lästert den Herrgott! Wie kann da Sënnen noloossen, wann net den Herrgott eleng?!”

8 De Jesus, dee gläich an sengem Geescht erkannt hat, datt si esou bei sech geduecht hunn, sot zu hinnen: "Firwat denkt dir esou eppes an ärem Häerz?

9 Wat ass da méi liicht: zu deem Gelähmten ze soen: ’Deng Sënne sinn dir nogelooss!’, oder ze soen: ’Stéi op, huel deng Brëtsch a géi!’?

10 Dir sollt awer wëssen, datt de Mënschejong Muecht huet, op der Äerd Sënnen nozeloossen." An hie sot zu deem Gelähmten:

11 “Ech soen dir: Stéi op, huel deng Brëtsch a géi heem!”

12 Dunn ass dee Gelähmten opgestan, huet eenzock seng Brëtsch geholl an ass bei hinnen zou erausgaang, esou datt d’Leit alleguer ausser sech waren. Si hunn den Herrgott gelueft a soten: “Esou eppes hu mir nach ni gesinn!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu