lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Christi Himmelfahrt C

Lk 24,46-53

46 De Jesus sot zu senge Jünger: "Esou steet et geschriwwen: De Christus leit, an deen drëtten Dag steet hie vun den Doudegen op;

47 an sengem Numm gëtt alle Vëlleker en Ëmdenke verkënnegt, fir datt d’Sënnen nogelooss ginn. Vu Jerusalem aus

48 gitt dir Zeien heifir.

49 Kuckt, ech schécken dat, wat mäi Papp versprach huet, op iech erof. Bleift an der Stad, bis dir d’Kraaft vun uewe kritt hutt!"

50 Dunn huet hien si erausgefouert op Bethanien zou. Hien huet d’Hänn gehuewen an si geseent.

51 Iwwerdeems hien si geseent huet, ass hien eropgefouert ginn an den Himmel an huet si zréckgelooss.

52 Si awer hunn hien ugebiet, a voller Freed sinn si hannescht op Jerusalem gaang,

53 wou si bestänneg am Tempel waren an den Herrgott gelueft hunn.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu