lb | fr | pt | en |
14. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 10,1-12.17-20
1 Den Här huet 72 aner Jünger bestëmmt an si zu zwéin an zwéin an all Stad an all Uertschaft virgeschéckt, an déi hie selwer goe wollt.
2 Hie sot zu hinnen: "D’Rekolt ass zwar grouss, ma d’Aarbechter sinn net zu dacks. Biet duerfir den Här vun der Rekolt, Aarbechter an seng Rekolt erauszeschécken!
3 Gitt! Kuckt, ech schécken iech wéi Schof ënner d’Wëllef.
4 Huelt kee Geldbeidel mat, kee Kuuschtesak, keng Sandalen, a gréisst keen ënnerwee!
5 Wann dir an en Haus eragitt, da sot fir d’éischt: ’Fridde sief mat dësem Haus!’
6 Wann do e Mënsch wunnt, deen op ass fir de Fridden, da rout äre Fridden op him; wann awer net, da kënnt en op iech zréck.
7 Bleift an deem Haus an iesst an drénkt dat, wat d’Leit iech ginn! Den Aarbechter huet nämlech säi Loun zegutt. Laaft net vun engem Haus an dat anert!
8 Wann dir an eng Stad eragitt an do opgeholl gitt, dann iesst dat, wat iech virgesat gëtt,
9 an heelt déi Krank, déi do sinn, a sot hinnen: ’Dem Herrgott säi Räich ass bei iech schonn um Kommen.’
10 Wann dir awer an eng Stad eragaang sidd an net do opgeholl gi sidd, da gitt eraus op d’Strooss a sot:
11 ’Esouguer de Stëbs vun ärer Stad, deen un eise Féiss pecht, rësele mir iech erof. Dat hei awer sollt dir wëssen: Dem Herrgott säi Räich ass um Kommen!’
12 Ech soen iech: Sodom ergeet et deen Dag méi gelënd wéi där Stad do.”
17 Déi 72 si voll Freed erëmkomm a soten: "Här, wa mir däin Numm soen, da sinn esouguer d’Dämonen äis ënnerdon.”
18 De Jesus awer sot zu hinnen: "Ech hu gesinn, wéi de Satan wéi e Blëtz vum Himmel gefall ass.
19 Kuckt, ech hunn iech d’Muecht ginn, Schlaangen a Skorpiounen an dem Feind seng ganz Kraaft mat Féiss ze trieden, an et gëtt glat a guer näischt, wat iech schuede kéint.
20 Dir sollt iech awer net doriwwer freeën, datt d’Geeschter iech ënnerdo sinn, ma freet iech driwwer, datt är Nimm am Himmel ageschriwwe sinn!"