lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
6. Februar 2016

Christus begéinen

07.02.2016

Lk 5,1-11

An der Weltausstellung zu Hannover stoung am Pavillon vum Vatikan mat grousse wäisse Buschtawen op enger schwaarzer Wand: „Durch die Begegnung mit Christus entdeckt der Mensch das Geheimnis seines eigenen Lebens.“

D‘Evangelium vun haut ass d’Illustratioun vun dësem Wuert. Et kënnt zu enger Entscheedung, zu engem neie Liewensofschnëtt fir de Péitrus. Fir d’éischt freet Christus hien einfach: „Dierf ech an däi Boot klammen?“ E fiert mat him eraus, fir datt e besser zu de Leit ka schwätzen. Dëse Mann, dee jiddweree wollt héieren, freet grad hien, deen einfache Fëscher, ëm eng kleng Gefällegkeet.

An de Péitrus erfëllt him dëse Wonsch. Hien huet et ganz sécher mat Freed gemaach. E léisst zou, datt Jesus him eng Fro stellt. Dat ass den Ufank vun dësem ganz staarke Kontakt. Jesus fuerdert en dann nees eng Kéier eraus, fir d’Netzer auszewerfen, an dat am hellliichten Dag. Genau esou wéi een, deen awer och guer näischt vum Fësche versteet. An de Péitrus mécht et, well Hien et seet. Hei ass also Vertrauen, eppes ganz Neies am Spill. Dat ass schonn déi zweet Stuf zum Kenneléieren.

D’Resultat vun dësem Vertrauen, dee räiche Fëschfang, ass am Fong geholl erschreckend, et ass net ze faassen, an de Péitrus geet zréck. E bekennt, datt en am Fong geholl net würdeg ass. Grad an dësem Moment awer kritt en en neien Optrag. „Vun elo u bass du mäi Gesandten“, eppes ganz Neies fänkt also un. Et geet ëm eng Ëmwäertung vu senge Wäerter. Et ass e richtege Paradigmenwiessel. De Péitrus, a voller Kraaft; mir wëssen, datt bei him alles direkt kann ausschloen, e kann engersäits voller Vertraue sinn an iwwert d’Waasser lafen, well e gleeft, datt de Jesus dat fäerdeg bréngt, e kann awer och grad esou séier sou Angscht hunn, datt en direkt ënnergeet. E kann sech zu Jesus bekennen a soen, hie géif e mam Schwäert verteidegen an dat bis zum Doud, an deen Abléck duerno kann en e verleegnen, aus lauter Angscht. Am Péitrus also ass dat Staarkt an dat Schwaacht, dat Ängschtlecht an dat Impulsiivt, dat Zaghaft an dat Opbrausend, alles ass ganz no beieneen. A grad hien ass de Fiels, op deem d’Kierch soll opgebaut ginn.

Fir mech ass dëst Evangelium enorm wichteg. Esou kann ech nämlech mech och selwer besser unhuele mat menger Begeeschterungsfäegkeet, mat menger Kraaft, awer och mat mengem Zweiwel, mat menge Blockéierungen, mat deem, wat mech dréckt a plot. Ech weess, Gott huet mech gär, esou wéi ech sinn. Mir kënnen dann och voll Vertrauen duerch d‘Liewe goen, Christus begéinen, hien an eis selwer entdecken, an him d’Geheimnis vun eisem eegene Wiesen uvertrauen.

Ech sinn iwwerzeegt, bei jiddwerengem vun eis gëtt et esou prezis Momenter, wou op eemol alles anescht ginn ass. Eppes wéi eng Kräizung um Wee, wou een huet misse wielen zwësche verschidde Méiglechkeeten. Mir hu gewielt. Vläicht hu mer neit Land betrueden, vläicht si mer spéider erëm an dat Aalt zréckgaang. Mir hunn duerch dat, wat mer decidéiert hunn, eis selwer gewandelt. Mir sinn eis vläicht an eisem eegene Liewen, eisem eegene Geheimnis méi no komm. Mir hunn déi Méiglechkeeten, déi an eis stiechen, entdeckt. Mir hunn alles opginn, fir Neies wuessen ze loossen. Mir waren eis vläicht net ëmmer bewosst, bei dësen Entscheedungen, wat dat alles géif bedeiten.

Wa mer zréckkucken, erkenne mir, datt dës Weeër ëmmer begleet si vun der Léift vu Gott, deen eis hëlleft, deen eis dréit. Dat Geheimnis vun dëser Léift feiere mer ëmmer erëm zesummen am Gottesdéngscht.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu