lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
27. August 2016

Éischt Plaz oder lescht Plaz?

28.08.2016

Lk 14, 1.7-14

Wéi de leschte Sonndeg, sou gëtt hei eppes e bësschen op d’Kopp gedréit. De Jesus huet déi lescht Plaz ageholl, déi vum Déngscht, an e rifft eis fir op deem Wee, deem selwechte Wee vun Demut, bei hien ze kommen. Grad an eiser Welt, wou de Kampf ëm déi éischt Plaz ëmmer méi hefteg gefouert gëtt, invitéiert de Jesus eis en anere Bléck op d’Mënschen an op d’Evenementer ze geheien.

Lo gëtt et esouvill Bicher iwwer déi gutt Manéieren, wéi een sech soll organiséieren, wéi ee soll e Fest virbereeden, eng Receptioun, wéi ee soll eng Dëschuerdnung opstellen, e Virstellungsgespréich durchzéien. Haut kréie mer esou eppes vum Jesus gesot. „Wann s de invitéiert bass, da setz dech net automatesch op déi beschte Plaz. Et kënnt nämlech ee kommen dee méi dichteg ass wéis du, an da muss du zréckréckelen.“ (Interessant ass, datt de Jesus hei wuel Regelen vun der gesellschaftlecher Uerdnung unerkennt, an dobäi och unhëllt, datt et eng Reihefolg gëtt. Datt et besser a manner gutt Plazen gëtt. Hie réit ons, ons selwer net ze héich anzeschätzen.)

De Jesus wëllt nämlech net, datt mer esou zeréckgesat ginn. Hie wëllt datt mer geéiert ginn, an dofir musse mer eis eben anescht uleeën. Hien ass komm fir all Mënsch erëm seng Würd, seng Éier zeréckzeginn, fir all Mënsch opzeriichten. Natierlech geet et him net drëm, wéi mir eis sollen an der Gesellschaft behuelen. Hien invitéiert eis, a Wierklechkeet, realistesch ze sinn, lucide ze sinn iwwert eis Situatioun. Mir ginn eis gär vun eis selwer e positiivt, e schéint Bild of. Mä wat déi aner vu mir gesinn, dat entsprécht net automatesch deem, wat ech gär hätt datt se gesinn.

An ech selwer, ech gesinn déi aner jo och duerch mäi Brëll, net ëmmer gerecht, net ëmmer richteg. Mäin Temperament geet heiansdo mat mer derduerch, an do fillen ech mech dann op eemol onverstanen. Ech géif mech jo selwer erofsetzen an da wär et mer schlecht a menger Haut, wann ech dauernd esou en Inferioritéitskomplex hätt. Oder de Contraire: mat engem Superioritéitskomplex wann ech dauernd op meng Valeur géif insistéieren, da géif ech mech jo gär esou weisen, wéi wann ech op déi éischt Plaz géif gehéieren, ohne Rücksicht auf Verluste, also géif ech déi aner erofdrécken. Mir kennen all déi bekannt „Hackuerdnung‘ am Betrieb, der Schoul, dem Sport… Dat ass elementar Psychologie.

De Jesus weess ganz genau datt Psychologie wichteg ass, mä hie geet méi wäit. Hien invitéiert dech a mech fir eis ënnert de Bléck vum Herrgott ze stellen an dann ze probéieren, mat sengem Bléck op déi aner ze kucken. Hien eleng nämlech ass kapabel, fäheg, fir all Mënsch esou ze gesinn a gär ze hunn, wéi en ass. Well hien eleng kuckt nëmme mat den Ae vun der Léift, vum Vertrauen, vun der ,Misericorde‘, vun der mer jo d’ganzt Joer elo schwetzen. Eis selwer an dat Liicht ze stellen, dat ass wahrscheinlech déi bescht Manéier fir eis een deen aner gär ze hunn a fir ee mat deem aner ëmzegoen, ouni deen aneren ze beleidegen an ouni him Komplexer matzeginn.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu