lb fr pt en de
Jahr C (2018-2019)  
23. Februar 2019

Baarmhäerzegkeet ...

Kommentar zum 7. Sonndeg am Joreskrees vum Romain Richer (24.2.2019)

Lk 6, 27-38

Leider kennen déi meescht vun äis eng Situatioun, wou mir am léifsten eng bestëmmte Persoun op de Mound géife schéissen. Et ass ee rosen, genervt a midd. Et fillt ee sech net verstanen, an et ass ee frou, wann een dann déi Persoun net méi virun Aen huet. Wéi oft erliewe mir dat an der Famill, am Frëndeskrees, op der Aarbechtsplaz oder an der Noperschaft. Wéi oft geschitt et, datt Mënsche sech iergendwou begéinen a sech schonns op den éischte Bléck, ouni iwwerhaapt mol matenaner geschwat ze hunn, net kënnen ausstoen. Dat ass ganz frustrant! A wa mir jo dann awer als Chrëschte wëlle liewen, da kënnt esou en Erliefnis engem Mësserfolleg gläich.

Am Evangelium vun dësem Sonndeg kréie mir e Passage aus dem Lukasevangelium presentéiert, deen äis erschrecke kann. Well genee deene Mënschen, fir déi mer esou gären en Ticket op de Mound giffe kafen (en Ticket „aller“ ouni „retour“ ...), deene Mënschen, déi äis béis wëllen, all deenen, déi äis ganz bewosst am Ree stoe loossen ..., all deene Mënsche solle mir mat Léift begéinen! Wéi soll dat méiglech sinn? A wann een äis eppes ewechhëlt, da solle mir et net zeréckfroen?! Na ja, wann ee mol en Abroch erlieft huet, dann deet ee sech mat dësen Zeilen e wéineg schwéier, oder?

Awer de Jesus ass a senge Wierder ganz kloer. Sécherlech weess hien ëm déi oft schwiereg Bezéiung zwëschen de Mënschen, awer hie wëll, datt mir, och hei, eise Bléck méi wäit riichten. Hie wëll net, datt mir beim Konflikt stoe bleiwen, mä datt mir et fäerdegbréngen, Brécken ze bauen. Well mir sinn net beruff, als Individualisten 
duerch d’Liewen ze goen, mä an der Gemeinschaft mat Gott an dem Matmënsch. Jo, dat ass net ëmmer einfach ..., awer dës Gemeinschaft, wou jiddereen, op seng Art a Weis, seng Plaz ka fannen, jo, dat ass eis Beruffung.

Wann ee mir eng op de Bak heet, da kann ech zréckschloen. A wann ech zréckschloen, da kréien ech séier eng Äntwert an esou geet dat da weider, bis mir all keng Kraaft méi hunn. Oder ech ënnerbriechen dee Wee vu Gewalt, andeems ech net mat Gewalt äntweren, mä de Raum schafe fir eng friddlech Léisung. Dat erfuerdert vill Courage, Zäit a Léift, awer et lount sech! Och hei ass et wichteg, de Wierder vum Jesus ze vertrauen, op hien ze kucken an ze versichen, säi Message ze liewen. Vun deem Moment un, wou mir bereet sinn, no dëse Wierder ze liewen, vun do aus u si mir schonns um richtege Wee ... Mir kennen se all, d’gëlle Regel: Dat, wat mir vun aneren erwaarden, dat solle mir och fir si maachen (vgl. Lk 6, 31). Ech denken, dat do ass e wichtegen Ausgangspunkt. Wa mir versichen, genee esou ze liewen wéi de Vers 31 et äis seet, da 
wäerte mir et vill méi einfach hunn, och d’Verse 27-30 an 32-38 ze liewen. Jo, et bleift eng Erausfuerderung, awer Gott gëtt äis déi Zäit an déi Geleeënheet, déi mir brauchen ... just ... mir musse se notzen an oppe si fir seng Wierder a fir nei Weeër.

Source: Luxemburger Wort

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu