lb | fr | pt | en |
D’Mass um 25. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
De 24. September gouf d’Sonndesmass aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. D’Chorale ’Ad Hoc’ (Choristen aus 3 verschiddene Chorallen) huet mat den Dirigente Pol a Sylvie Serra gesong, op der Uergel begleet vum Marc Loewen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale ’Ad Hoc’
Et sange Choristen aus 3 verschiddene Chorallen, déi ënnert dem Begrëff „Chorschule“ den Alteren no gruppéiert sinn.
Fir dës Mass, déi am Ufank vum Schouljoer steet, kënnt spontan eng kleng „Délégatioun“ vu Sänger zesummen.
Gegrënt gouf d’Chorschule vum Sylvie Serra a steet och ënnert hirer Leedung. De Pol Serra huet virun engem Joer de Grupp vun den “adolescents & jeunes adultes” iwwerholl.
Begleet gëtt dës Mass op der Uergel vum Marc Loewen.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Monologues op. 162 | Josef Rheinberger |
---|---|---|
Agangslidd | Jubilate Deo | Jon Paige |
Kyrie | Kyrie | Jerry Estes |
Gloria | Gloria | Jon Paige |
Alleluja | Alleluia irlandais | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Look at the World | John Rutter |
Sanctus | Sanctus | LD 246 |
Anamnes | Notre Père | Sylvie Serra |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | Sylvie Serra |
Kommiounslidd | Dona nobis pacem | Arr. Hal Hopson |
Schlusslidd | Let it shine | Don Besig |
Uergel: Sortie | A son ami Henri Funk | Marcel Dupre |