lb | fr | pt | en |
D’ Mass vum 5. September 2021 gouf vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 5. September gouf um 9 Auer aus der Kierch vu Habscht iwwerdroen. Et séngt d’Sopranistin Patricia Frères. Op der Uergel spillt den Abbé Joël Santer. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an ausnahmsweis um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Sonndesmass ënnert der Matwierkung vum Patricia Frères
Dëse Sonndeg gëtt d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d’Patricia Frères, eng lëtzebuergesch Sopranistin mat enger ongewéinlecher, ausdrocksstaarker, emotionaler Stëmm. Si ass éischter op de Bünen vun der Oper a Musekstheater am Ausland doheem.
Dat hält si awer net of, dëse Sonndeg mat hirer waarmer Stëmm all déi ze begeeschteren, déi d’Sonndesmass mat der chrëschtlecher Gemeinschaft zu Habscht matfeieren. Och hier Stëmm wëll „Gottesdéngscht“ sinn, a sou wëll si dozou bäidroen, dass mer all duerch d’Konscht vum Gesang nach méi am Häerz getraff ginn.
Op der Uergel gëtt si begleet vum Abbé Joël Santer.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisatioun iwwer d‘Ufanklidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Morgenlied | Johann Georg Herzog / Paul Gerhardt |
Kyrie | Missa brevis in C für mittlere Stimme und Orgel | Robert Jones |
Gloria | Missa brevis in C für mittlere Stimme und Orgel | Robert Jones |
Alleluja | Halleluja | LD 208 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Seele, was ermüdst du dich | Johann Georg Herzog / Paul Gerhardt |
Sanctus | Missa brevis in C für mittlere Stimme und Orgel | Robert Jones |
Agnus Dei | Missa brevis in C für mittlere Stimme und Orgel | Robert Jones |
Kommiounslidd | Herr, wie du willst | Johann Georg Herzog / Paul Gerhardt |
Schlusslidd | Segne du, Maria | LD 528 |
Sortie: Uergel | Offertoire | Louis James Alfred Lefébure-Wély |