lb fr pt en
Persönliche Kommentare  
7. März 2017

Vun enger Auer, déi et net gëtt

E perséinleche Kommentar zu enger Fake News rondrëm dem Bëschof seng Auer

“Ech weess jo net ob eng Rolex zum Aarmutsgebot vun der Kierch gehéiert!”, schreift een als Kommentar ënnert en Artikel iwwer d’Kierchefabricken an de Fong op engem Noriichtesite. Gemengt ass den Äerzbëschof… a seng Auer… seng deier Auer, wéi offensichtlech onschwéier z’erkennen ass. Am Artikel ass jo eng Foto derbäi vun deemols, wéi de Bëschof eng Conventioun signéiert huet.

7 Likë kritt dee Kommentar a 5 Mol geet den Daum erof... an en aneren äntwert, “datt offiziell keen him seng Rolex verbitt”. Seng Rolex? Richteg, kee verbitt engem eng deier a schéin Auer ze kafen an unzedoen, ma nach méi richteg ass, datt de Bëschof guer keng esou Auer huet. Et gëtt déi Auer net, an et gouf se och net… an et wäert se, dofir leeën ech elo mol meng Hand ouni Auer an d’Feier, och ni ginn…

Ma, deen ee schreift eppes, deen anere liked oder disliked et, deen Drëtte kommentéiert et, dee Véierten deelt et… a fir dee Fënneften ass wahrscheinlech schonn acquis, datt et stëmmt. An hie wonnert sech, wat dann eisen Äerzbëschof mat esou enger Auer mécht a wou hien dann dru kéim… an et ass dann net méi wäit bis bei d’Thema Kierch a Suen… a jidderee fillt sech bestätegt. A wou eng Rolex ass, ass bestëmmt och nach méi…

Sou entsti Fake News! Dëst ass e gutt Beispill heifir. Et geet hei net nëmmen ëm de Bëschof, net nëmmen ëm eng Auer, ma am Gronn dorëms, wéi mir mat der Wourecht ëmginn, wat mir fir wouer halen a wéi mir eis selwer “alternativ Fakten” bastelen, kommentéieren a weiderleeden.

Ma, och no dëse puer Zeile wäert net jiddereen iwwerzeecht sinn, datt d’News “fake” ass, dofir hei eng Foto vun där Auer, déi et esou ni gouf!

Roger NILLES
roger.nilles@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu