lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gebuert vum Här - Fréimass ABC

Lk 2,15-20

Kontext

D’Evangelium vu Chrëschtdag mueres gehéiert zu de sougenannte “Kandheetserzielungen”, Lk 1-2 (cf. Kontext 4. Adventssonndeg C). – Et ass wichteg, ze wëssen, mat watfir enger litterarescher Gattung een et ze dinn huet, fir net Saachen an den Text ze leeën, déi iwwerhaapt net dra sinn.

An deenen zwee Kapitele verzielt de Lk a parallelen Erzielunge vum Johannes dem Deefer a vum Jesus. Déi wichteg Aussoen iwwert deen een an deen anere leien an den Ënnerscheeder vun deenen eenzelnen Elementer ; z. B. hu mer a Lk 1, 57-66 d’Erzielung vum Johannes senger Gebuert an a Lk 2, 1-21 déi vum Jesus, wou frappant Ënnerscheeder sinn : de Johannes kënnt am Zacharias sengem Haus op d’Welt, d’Famill an d’Nopere sinn do a freeën sech (1, 58), an de Bierger vu Judäa gëtt iwwerall verzielt, wéi d’Elisabeth an de stommen Zacharias sech eens waren iwwert denNumm, deen d’Kand kréie sollt bei senger Beschneidung (1, 65f) – de Jesus kënnt ënnerwee op d’Welt, well en heednesche Keeser en Dekret erausginn hat, d’Maria huet just de Jouseph fir ëm bäizestoen an hatt selwer wéckelt d’Kand a leet an eng aremséileg Krëpp (2, 4-7) an nëmme Randgestalte vun der deemoleger juddescher Gesellschaft komme laanscht kucken (Vv. 15-20). Am Kontrast zu dëser mënschlecher Aarmut steet de Gesank vun den Engelen (2, 11-14) an zwee christologesch Titele gi gebraucht fir ze soen, wien dat Kand ass : de Retter (en Titel, deen an der LXX ëmmer just fir den Herrgott gebraucht gëtt) a Christus, Här (en Titel typesch fir de Lk : 19x am Lk an eng 40x an der Apg, no Ouschteren, wou de Jesus kloer als Här akklaméiert gi kann ; an der réimescher Welt gouf déi Zäit den Augustus, ‘KYrios/Här Augustus’ esou betitelt !). Domadder sinn d’Erzielungen aus dem Evangelium virbereed an deenen de Jesus sech als Retter a Messias, Här weist.

An de Vv duerno (22-39) sinn et dann net méi Engelen, déi verkënnegen, wien de Jesus ass, mee zwee Mënschen, de Simeon an d’Hanna (Lk 2, 22-39 ; cf // Lk 1, 41-45. 69-79).

Text

Wéi d’Engele vun den Hierde fortgaang waren... (V. 15)
Virdun an de Vv.5-8 kréie mer ganz kuerz an nüchtern dem Jesus seng Gebuert verzielt an hir Bedeitung gëtt Hierden duerch Engel(en) erkläert (Vv.8-14) : dat Kand, dat grad op d’Welt komm ass, ass de Retter an de Messias, dee vu Gott versprach war ; d’Engele si “Gesandten”, hiirt Untriede weist, datt an deem Kand sech Himmel an Äerd beréieren, datt Gott an d’Geschicht vun der Mënschheet trëtt. – Fir esou eppes Gewalteges auszedrécken feelen de Mënschen d’Wierder ; si mussen also a Biller schwätzen. – Déi éischt Zeie vun dësem Evenement waren Hierden, also Leit, déi um Rand vun der juddescher reliéis-ziviler Gesellschaft gelieft hunn. – Déi ganz Evangelie si geschriwwen am Liicht vun Ouschteren, d.h. se musse vum “Schluss” hir verstanen a geliese ginn : fir de Lk heescht dat, de Jesus, deen nach um Kräiz sech deenen um Rand hirer unhëlt (cf. Lk 23, 39ff), wéi hien dat säi Liewe laang gemeet huet a wouranner fir de Lk d’Evangelium besteet (cf. Lk 4, 16-30), ass och fir d’éischt aarme Randfigure vun der Gesellschaft verkënnegt ginn (a Lk 2, 10 verkënnegt den Engel eng Gutt Noriicht = en Evangelium !).

"Loosse mer dach op Bethlehem goen... (V. 15)
Den David war zu Bethelehem op d’Welt komm ; esou koum am Laf vun der Zäit d’Iwwerzeegung op, datt de Messias, Nokomme vum grousse Kinnék David, och do gebuer géif ginn (cf. Mi 5, 1). – Dësen “davidesche” Messias gouf als politeschen Herrscher gesinn, deen d’Réimer erausgeheie géif. De Lk seet hei : “jo, de Jesus ass dee versprachene Messias ausd der Famill vum David”, awer well d’Hierden als Eischt d’Evangelium héieren, seet hien och “awer hien ass anescht Messias, wéi där méngt”. De Rescht vum Lk erkläert da wéi ee Messias de Jesus ass.

... wat geschitt ass a wat den Här äis matgedeelt huet (V. 15)
Gott seet eppes an et geschitt, eng déif juddesch, al-testamentlech Iwwerzeegung. (Wuertwiertlech : dat Wuert, dat geschitt ass).

Si hunn sech geflass...(V. 16)
Tselwescht wéi d’Maria sech geflass huet fir beim Elisabeth unzekommen, fläissen hei d’Hierden sech (cf. Lk 1, 39).

... an si hunn d’Maria an de Jouseph fonnt an d’Këndchen, dat an enger Krëpp louch (V. 16)
Den Ochs an den Iesel sinn eréischt e puer Jorhonnerte méi spéit derbäikomm, an engem apokryphen Text (= “geheimen”, net offiziell unerkannten Evangelium, dem Evangile du pseudo-Matthieu). - D’Këndchen, dat an enger Krëpp louch (cf. supra Kontext). – De Jouseph ass bis kaum ernimmt ginn.

Wéi si dat gesinn hunn,..., wat hinnen iwwert dëst Kand gesot gi war. All déi, déi et héieren hunn... (Vv. 17-18)
Erstaunt kéint ee froen, wien dann nach do war (cf. V. 16) !

... hunn sech gewonnert (V. 18)
A Lk 1, 63 wonneren d’Leit sech iwwert den Zacharias, deen de Numm Johannes opschreiwt. Duerno iwwerkënnt si Angscht (1, 65), d’Hierden awer si voller Freed (cf. V. 20).

D’Maria awer huet sech all dës Wierder gemierkt (V. 19)
A Lk 1, 66 maachen d’Leit dat wéinst den Ënstänn ronderëm dem Johannes seng Gebuert. – Op ville Plazen an den Evangelie behalen d’Leit eppes an hirem Häerz/hiren Häerzer, resp. denken do iwwert eppes no (beim Lk z. B. 1, 66. 2, 19.35.51 bis hin zu 21, 14). Mam Häerz ass biblesch näischt sentimentales geméngt, mee, et ass do, wou de Mënsch iwwerleet an Décisiounen hëlt, d’Plaz, wou d’Verstoen, d’Intelligenz sëtzt.

Wéi d’Hierden hannescht bei hir Häerd gaange sinn,... (V. 20)
Tselwecht wéi d’Leit an dem Lk, déi de Jesus heelt oder, déi hien eppes froe kommen, ginn och d’Hierden no dier Begéignung erëm hannescht an hiren Alldag, an dach ass eppes anescht wéi virdrun.

... hunn si den Herrgott verherrlecht a gelueft.... (V. 20)
Tselwecht wéi Geheelter, oder Zeie vu Wonner anerwäerts am Lk verherrlechen a luewen d’Hierden, déi Ausgestoussen, den Herrgott (cf. Lk 5, 25f; 7, 16; 13, 13; 18, 43;...). Bis zum Schluss vun dësem “Gebuertsdaagstext” mierke mer, datt mer hei kee Reportage, keng Biographie hunn, mee handfest Theologie, wou permanent am Hannergrond deen Operstanen duerchschéngt.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu