lb fr pt en
Priedegten 2023  
3. Mee 2023

Si hu kee Wäin méi

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (3. Mee 2023)

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes (Joh 2,1-11)

Am dritten Tag fand in Kana in Galiläa eine Hochzeit statt und die Mutter Jesu war dabei. Auch Jesus und seine Jünger waren zur Hochzeit eingeladen.

Als der Wein ausging, sagte die Mutter Jesu zu Ihm: Sie haben keinen Wein mehr. Jesus erwiderte ihr: Was willst du von mir, Frau? Meine Stunde ist noch nicht gekommen. Seine Mutter sagte zu den Dienern: Was er euch sagt, das tut!

Es standen dort sechs steinerne Wasserkrüge, wie es der Reinigungssitte der Juden entsprach; jeder fasste ungefähr hundert Liter. Jesus sagte zu den Dienern: Füllt die Krüge mit Wasser! Und sie füllten sie bis zum Rand. Er sagte zu ihnen: Schöpft jetzt und bringt es dem, der für das Festmahl verantwortlich ist! Sie brachten es ihm.

Dieser kostete das Wasser, das zu Wein geworden war. Er wusste nicht, woher der Wein kam; die Diener aber, die das Wasser geschöpft hatten, wussten es. Da ließ er den Bräutigam rufen und sagte zu ihm: Jeder setzt zuerst den guten Wein vor und erst, wenn die Gäste zu viel getrunken haben, den weniger guten. Du jedoch hast den guten Wein bis jetzt aufbewahrt.

So tat Jesus sein erstes Zeichen, in Kana in Galiläa, und offenbarte seine Herrlichkeit und seine Jünger glaubten an ihn.




Här Kardinol,
Léif Geeschtlech an Diakonen,
Léif Leit alleguer,

An engem bekannte Lëtzebuerger Business-Magazine konnt een de 14. Februar 2023 folgenden Titel liesen: „Le Luxembourg, triste « champion » de l’Overshoot Day“ [1]. Op Vältesdag goufen nämlech d’Resultater vum Global Footprint Network publizéiert. Deemno steet Lëtzebuerg elo direkt hannert dem Katar, nach viru Kanada, den Arabeschen Emiraten an den USA. Mir Lëtzebuerger hunn een neie Weltrekord gebrach, well Mëtt Februar waren eis Ressourcë reng theoretesch schonn all opgebraucht. Eng ferm Datz a Punkto ökologesche Foussofdrock. Wann d’Leit op der ganzer Welt nämlech esou liewe wéilte wéi mir, da bréicht et reng theoretesch 8,1 Planéiten!

Overshoot Day an Hochzäit zu Kana? Hunn déi zwee eppes mateneen ze dinn? Och op dëser Hochzäit hunn d’Gäscht scheinbar méi Wäin gedronk, wéi es am Keller war. Mee wat ass eng Hochzäitsgesellschaft wuel ouni Wäin?

Kucke mir duerfir nach emol méi genee an de Bibeltext [2]. D’Hochzäit fënnt a Galiläa statt. Kana ass ee klengt Duerf nërdlech vun Nazareth. Zum Jesus senger Zäit hunn hei vill „kleng Leit“ gewunnt. Vläicht war d’Hochzäitskoppel souguer Famill mat der Maria? Zumindest kënne mir unhuelen, datt si sech gutt kannt hunn. Eng Hochzäit war deemools eppes Grousses an d’ganzt Duerf war dann deeglaang op de Been. Gaaschtfrëndschaft war een iewescht Geboot. Wat awer maachen, wann de Wäin elo ausgaangen ass?

D’Maria ass déi éischt, déi dat richtegt Gespier huet a went sech léisungsorientéiert a subsidiaresch un hire Jong Jesus: „Si hu kee Wäin méi!“

Op dës Haltungen typesch marianesch sinn, wëll ech net behaapten, awer mir kënne sécher eppes vun hir léieren. Agräifen, mee net alles wëllen eleng maachen, mam Risiko, datt och mol näischt geschitt.

Am Laf vu menger pastoraler Tätegkeet hunn ech méi wéi ee Mol erlieft, datt grad a Krisemomenter Fraen a Männer ënnerschiddlech Reaktiounen hunn, besonnesch wa Problemer mussen ugepaakt ginn. Hei wollten d’Frae meeschtens direkt iwwert de Problem schwätzen an d’Männer haten éischter Tendenz, driwwer ewech ze goen, obwuel si de Problem och gutt gesinn hunn.

Bei der Hochzäit zu Kana ass et duerfir sécher keen Zoufall, datt grad eng Fra als éischt ëm d’Wuel vun der Hochzäitsgesellschaft besuergt ass an eppes dofir mécht. D’Maria freet de Jesus ëm Hëllef. Hien awer weist seng eege Mamm an dësem Moment éischter schroff of. „Wat wëlls du vu mir, Fra?“ oder wéi et an der direkter Iwwersetzung heescht: „Wat ass tëscht Dir a mir Fra?“ [3]. De Jesus wëllt weeder vu senger Mamm nach vun anere bestëmmt ginn. Hie betount, datt seng Stonn nach net komm ass, an domat säi fräien Doud um Kräiz. Dat héiert d’Maria alles a geet da bei d’Dénger vum Haus fir si opzefuerderen: „Dat, wat Hien [de Jesus] iech seet, dat maacht!“ Eng éischter ongewinnte Reaktioun, ouni grouss Diskussiounen. Ass et eng Demissioun virum Problem? Neen! Maria weess ganz gutt, datt de Jesus alles zum Gudde féiere wäert. Als Mamm kennt si hire Jong wéi keen aneren. Duerfir waart si op de Jesus, lauschtert a fuerdert déi aner dozou op, dat selwecht ze maachen. Lauschtere brauch Zäit an ass ëmmer eppes Aktives.

Mee bleiwe mir nach ee Moment beim Bild vum Mariage. Et ass ee ganz aalt Bild, dat mir och aus der Helleger Schrëft kennen, wann et ëm de Bond vu Léift tëscht Gott-Yahwe an dem Vollek Israel geet. Och am Neien Testament fanne mir et erëm, wéi bei der Hochzäit zu Kana. Souguer an den Texter vum II. Vatikanesche Konzil gëtt d’Bild vun der Braut fir vun der Kierch ze schwätze méi dacks gebraucht, wéi d’Bild vum Vollek Gottes.

Den Tomáš Halík, dee bekannten tschechesche Soziolog, Theolog, fréiere politeschen Dissident a kommunisteschen Zäiten, huet virun e puer Wochen zu Lëtzebuerg an enger Konferenz och op d’Bild vun der Hochzäit opmierksam gemaach [4]: Fir hien ass d’Kierch nämlech am II. Vatikanesche Konzil ee „Contrat de mariage“ agaangen. Deemools huet d’kathoulesch Kierch versprach, sech an den Déngscht vun de Mënschen ze stellen, mat Haltungen ewéi Léift, Respekt, Trei, Solidaritéit an Opgeschlossenheet… Eng Kierch, déi d’Freeden an d’Hoffnungen, d’Suergen an d’Ängschte vun de Mënschen an hirer Zäit deele wollt [5], d. h. eng Kierch, déi sech net an eng brillant Kierchevergaangenheet aspäert an nëmmen nach lamentéiert a Schëlleger sicht. Méi wéi 50 Joer no der Publikatioun vu Gaudium et Spes deet et gutt, fir sech ze froen, wéi et ëm dëst hochzäitlecht Versprieche steet a wéi ech dësem Versprieche kann een neie Relief ginn, fir him trei ze bleiwen.

A sengem Buch Die Zeit der leeren Kirchen, dat den T. Halík wärend der Pandemie, ënnert dem Afloss vun den zouene Kierche geschriwwen huet, seet hien: „Es scheint mir, dass die Maßnahmen, mit denen heute die Kirche in unserem Teil der Welt den schon lange anhaltenden Prozess des Wenigerwerdens der Gläubigen abbremsen will – das Zusammenlegen von Pfarrgemeinden, der Import von Priestern aus dem Ausland –, nur das “Hin- und Herschieben der Liegestühle auf der Titanic ist.” [6]

Och op der Titanic war eng Hochzäitsstëmmung. D’Leit hu monter viru gefeiert ouni ze realiséieren, datt d’Situatioun héichdramatesch war. An haut? Erkenne mir den Eescht vun engem kierchlechen Overshoot Day, wou d’Ressourcë feelen? Net nëmmen déi materiell Ressourcen, mee och déi spirituell. A wat ënnerhuele mir op wéi engem Niveau, fir eppes dergéint ze setzen? Grad no der Pandemie kann et net sinn, datt mir nëmmen ee Blaat an der Geschicht ëmdréinen an duerno nees „Business as usual“ maachen an d’Klack lauden an der Erwaardung, datt d’Leit kommen.

D’Sekulariséierung stellt déi d’kathoulesch Kierch och zu Lëtzebuerg viru grouss Erausfuerderungen. Atheismus an Indifferenz heeschen déi nei Reliounen no de rezente Statistike vum Statec [7]. Och wann d’Leit nach reliéis intresséiert sinn, huet hir Sich sech ausserhalb vun der Kierch verlagert. Et ass dat eng rapid Entwécklung, déi net nëmme Westeuropa betrëfft, mee och Länner wéi Polen bis Amerika. An awer kann och eng kleng Kierch nach eng wichteg Roll spillen. Wéi dacks gouf et Minoritéiten a Kierch an a Gesellschaft, déi ee ganze System zum Kippe bruecht hunn. Dëst kann awer nëmme geschéien, wa mir d’Evangelium liewen.

Am Evangelium vun der Hochzäit zu Kana geet rieds vu sechs stengene Waasserkréi, déi zesumme 600 Liter faasse konnten. De Jesus fuerdert d’Dénger op, dës Kréi mat Waasser ze fëllen an si da bei de Verantwortleche vum Fest ze bréngen. Dat maache si och. A wat geschitt? Aus dem banale Waasser gëtt gudde Wäin. Dëst ass dem Jesus säin éischt Zeeche vun Hoffnung am Johannesevangelium.

D’Verwandlung läit am Jesus sengen Hänn, awer mir mussen Him eise klengen Alldag ginn. Hien ass net de magesche Chefmanager, mee den treie Bräitchemann, deen ëm seng Hochzäitsgesellschaft, ëm seng Kierch besuergt ass. D’Fro, déi sech stellt: Wou sinn déi Plazen, wou mir dem Jesus eist Alldagswaasser reechen, fir datt Hien eppes Besseres draus mécht?

Vläicht ass et eng éischt Pist, datt mir nees all Dag mam Gebiet, enger stëller Meditatioun ufänken, eng Zäit, déi mir Gott schenken an net fir d’éischt ambitiéis no vir preschen. Stëllt ass gefrot, a vill Mënschen sichen si ausserhalb vun eise Kierchen. Et ass déi Plaz, wou mir nei vital Kräfte sammelen, eng Quell vu secherer Hoffnung fir jiddereen.

Eng zweet Pist kéint sinn, fir den Dësch vun eiser Gemeinschaft fir nei Leit opzemaachen, z. B. d’Evangelium vum Sonndeg doheem mat aneren ze liesen, ze deelen, ze meditéieren, wéi an deenen éischten Hauskierchen [8], op déi ech nach eng aner Kéier aginn.

Wien dobäi nach ëmmer mengt, de Bëschof a seng Leit missten eleng deen neie Wäin liwweren, deen iert sech. Beim Fëlle vun de Kréi si mir all gefuerdert: Geeschtlech a Laien, haaptamtlech Theologinnen an Theologen, Uerdensleit, Fraen a Männer, Leit vun all Alter an alle Sproochen.

Léif Leit alleguer,

Maria huet bei der Hochzäit zu Kana op déi Ressourcë gekuckt, déi do waren. Si huet se dem Jesus a sengem Wierken uvertraut. Loosse mir dat selwecht maachen an eist hochzäitlecht Verspriechen hale vun enger Kierch am Déngscht vum Mënsch. Amen.


[1Pierre Pailler, „Le Luxembourg, triste « champion » de l’Overshoot Day“, in Paperjam, 14.02.2023; https://paperjam.lu/article/14-fevrier-overshoot-day-trop- (21.04.2023).

[2Joh 2,1-11.

[3Yves-Marie Blanchard, Marie des Écritures, Salvator, 2021.

[4Tomáš Halík, „Kirche vor der Notwendigkeit einer « neuen Reformation »“, Konferenz am 23. Mäerz 2023, Lëtzebuerg (Ciné-Cité).

[5GS, Nr. 1.

[6Tomáš Halík, Die Zeit der leeren Kirchen. Von der Krise zur Vertiefung des Glaubens, übersetzt von Markéta Barth, Herder, 2021, S. 98.

[7STATEC, Religiosité et spiritualité au Luxembourg, 27. Mäerz 2023.

[8Marie-Françoise Baslez, L’Église à la maison. Histoire des premières communautés chrétiennes. Ier-IIIe siècle, Salvator, 2021.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu