lb fr pt en
Priedegten  
18. Mee 2019

Bleif bei eis – a Krankheet a Leed / Joh 9, 1-3

Lauschtert a liest d’Priedegt vum Abbé Guy Diederich bei der Krankenandacht (18. Mee 2019)

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

„Wat hunn ech dem Herrgott gemaach, datt et mir esou schlecht geet?“ Dat ass eng Fro, déi stells Du Dir all Kéier, wann eppes net esou geet, wéi s Du et fir gutt fënns. Un allem, wat geschitt, ass eng Ursaach Schold.

Jo, wat sinn dat fir Ursaachen, wann ech krank sinn? A ville Fäll ass et den Alter.

Wéi ech als Bouf an d’Oktav gepilgert koum, ass di ganz Prëssessioun mueres fréi zu Hollerech an d’Wiertschaft Kaffi drénke gaang, an do war eng Wiertsfra, déi huet all Joer gesot, wann d’Leit sech geiergert hunn, well den Service ze lues war: „Jo, et geet net méi esou séier ewéi zejoert!“ – Dat huet si all Joer gesot, an et goung och all Joer manner gutt.

Et ass den Alter, – do méchs Du näischt! Do méchs Du näischt, an et deet awer wéi!

Et ginn an der Krankheet awer och nach Saachen, déi sinn esou uerg, do kanns Du den Alter aleng net méi dranzéien. Do schéngt et nach aner Ursaachen ze ginn. Do geet et Dir, wéi de Leit deemools beim Jesus: „Weem seng Schold ass et?“ Deen heie war blann op d’Welt komm, weem seng Schold ass et? Schwéierlech seng eegen, soss hätt hie jo scho gesënnegt, ier hien op d’Welt koum – vun der Ierfsënd gëtt jo kee blann, soss wiere mer et all – da muss also eppes an der Famill sinn. Am Beschten, mir froen emol de Jesus. „Kee vun hinnen all huet eng Sënd, déi Schold ass, datt hie blann ass, mee dem Herrgott säi Wierke soll offegeluecht ginn.“

A wat heescht dat?

Ech stellen elo nach eng Kéier d’Fro bei mir selwer: „Wat hunn ech gemaach, datt et mir esou miserabel ass?“

Mäi Glawen un dee gudde Gott gëtt mer d’Vertrauen, datt hie mech net mat enger Krankheet strooft, well hie rosen iwwer mech wier. – Neen, esou laang ech näischt wéi hunn, vertrauen ech drop, datt Gott mer gutt wëllt. Mee, mat der éischter Péng, mat der Krankheet oder deem éischte Leed, dann iwwerfält et mech erëm, ech ginn de Gedanken net lass, datt eng Schold, eng Schold virum Herrgott, d’Ursaach ass.

A wann ech éierlech sinn, da muss ech agestoen, datt, wann dee blöde Gedanken, den Herrgott géing mech strofen, mech net lass léisst, da brauch ech do net laang ze sichen, bis ech eppes fonnt hunn, woufir hie mech strofe kéint. Da fannen ech eppes, wou ech ka soen: „Wann ech den Herrgott wier, géing ech deen do strofen!“ Wat hu mer eng Chance, datt hien „Jahwe – ech sinn do“ Gott ass, an net ech oder soss ee vun eis.

  • „Dem Herrgott säi Wierke gëtt offegeluecht,“ seet de Jesus, „dem Herrgott säi Wierken ass Verzeien.“ Dat ass jo mat dat éischt, wat mer an der Mass, am Kyrie froen.

Ech kann him alles, wat ech a mengem Liewen als „net gutt“ erausfonnt hunn, uvertrauen. Da gi meng déifsten Ängschte viru Strof a Mësstraue geheelt. Beim Jesus waren d’Heelunge meeschtens mat Verzeien a Baarmhäerzegkeet verbonnen.

Wann ech wéi hunn a krank sinn, da kann dat als Niewewierkung hunn, datt ech vun Drock an Däischtert a mir selwer befreit ginn, wann ech mech deem stellen. Vill Leit, no schwéiere Krankheeten, déi soe mer, si géifen elo nom Infarkt oder no der Chemo hiert Liewe ganz aneschters a vill besser ugoen.

Nach eng Kéier: ech gleewen, datt den Herrgott mech net mat Péng a Leed strooft, mee wann ech den negative Gedanken do net lass ginn, dann ass et Zäit, déi däischter Plazen a menger Séil an dem Herrgott säi Liicht ze halen a säi gëttlecht Erbaarmen.

  • Dem Herrgott seng Herrlechkeet gëtt offegeluecht andeems hie Fraen a Männer e Wësse vermëttelt, dat kapabel ass, an der Krankheet ze hëllefen.

Dat heescht: „Géi bei den Dokter a looss der hëllefen!“ Si maachen dat esou gutt, wéi si kënnen, mee och vun de Medeziner sinn der selwer scho méi gestuerwen, wéi der liewen, et gëtt kee Wonnermëttel.

  • Dem Herrgott seng Herrlechkeet gëtt offegeluecht, wann d’Mënschen a sengem Geescht ee mat deem aneren ëmginn.

„Ech war krank, an Dir sidd bei mech komm!“ seet de Kinnek am Matthäusevangelium. Et ass dem Herrgott säi gudde Geescht, deen um Wierk ass, wann e Kranken e gutt Wuert, eng gutt Medezin oder eng gesond Zopp kritt. (Et sinn der, déi schwieren op Héngerbritt, déi kréich een erëm, wann een nach net wäit fort ass!)

Wann s Du als Kranke spiers, datt Mënsche sech ëm Dech këmmeren, wa si bei all Therapie an Hygiène mat Respekt mat dengem Kierper ëmginn, da spiers Du e Stéck vun deem Geescht, dee Gott an de Mënsch eraleet.

  • Ganz extra ass dem Herrgott säi Wierken offegeluecht, wa Mënschen ee fir deen anere bieden.

Hei sinn zwee Bicher, déi an der Kapell vum CHL ausleien. D’Leit kënnen hir Gebieder dra schreiwen. Dat ass grad ewéi bei enger Käerz – Du hues d’Impressioun, d’Gebiet géing méi laang daueren: esou laang d’Käerz brennt oder esou laang d’Gebiet ze liesen ass. An 30 Joer hu mer do bal 100 esou Bicher vollgeschriwwen – vollgebiet kritt:

° vill Leit schreiwe Gebieder fir sech, fir hir Gesondheet erëmzefannen, fir eng gutt Stierfstonn;
° et sinn anerer, och grad esou vill, déi maache Gebieder fir aner Leit, déi krank sinn: „Hëllef mengem Kand, mengem Partner, etc.“

An da geschitt an dëse Bicher regelméisseg eppes Immenses: et komme Leit an d’Kapell a liesen d’Gebieder, déi do opgeschriwwe sinn, an da schreiwwe si derbäi, si géingen elo och fir di Uléies bieden, déi do stinn. Leit, déi sech net kenne si solidaresch mateneen, duerch d’Gebiet an der Krankheet. Dat ass fir mech e weidert Zeechen, mat deem d’Gréisst vum Herrgott offegeluecht gëtt.

  • An zum Schluss offréiert d’Kierch e Sakrament, en Zeechen an en Instrument, datt Gott eis an der Krankheet net eleng léisst a scho guer net verstéisst.

Firwat et awer elo keng Welt ouni Péng a Misère gëtt? – Do stousse mer erëm op e grousst Geheimnis, op eppes, wou schonn zanter Joerdausende probéiert gëtt, et ze verstoen, a wou – wéi mer dat schonn dacks rieds haten – mer ni wäerte fäerdeg ginn „et ze verstoen“!

Zréck bei d’Krankesakrament: den Herrgott léisst eis net eleng, mee hie geet eis ënnert d’Haut, grad ewéi de Krankenueleg an eise Kierper, d’Hänn an d’Stir anzitt.

Mir kréien elo dëst Sakrament gespent: Dir kritt et net als Stierfsakrament, mee, als Gesondheetssakrament – grad ewéi zanter enger Réi Joren d’Krankekees jo och elo „Gesondheetskees“ heescht.

Esou eng Andacht ass grad déi richteg Plaz dofir. Net nëmmen um Stierfbett, wou de Kranke meeschtens net méi vill matkritt – do dierf natierlech och gebiet a geseent ginn – mee d’Sakrament ass am beschten, wa mer eis doduerch bewosst ginn, datt mer staark a couragéiert vertrauen dierfen: „Och an der Krankheet léisst Gott Dech net aleng.“

Dem Herrgott seng Gréisst gëtt offegeluecht, wann s Du och an der Krankheet biets „Bleif bei eis!“, an dem Herrgott seng Äntwert ass ëmmer déi selwecht: „Ma, ech sinn dach scho laang do!“

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu