lb fr pt en
Oktav 2020 online . Octave 2020 en ligne  
6. Mee 2020

Eis Muttergottesoktav mat hirer reliéiser a kultureller Traditioun

E Bléck an d’Geschicht, vum Claude Bache

Den 2. Mee dëst Joer hätt d’Muttergottesoktav, déi gréisst a wuel och schéinst reliéis Manifestatioun vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg, mat enger feierlecher Andacht a Präsenz vu ville Pilger ugefaang… mä a Corona-Zäiten ass alles anescht! An engem Communiqué vum 20. Mäerz huet d’Bistumsverwaltung matgedeelt, datt d’Oktav vun dësem Joer – wéi all aner Gottesdéngschter an de leschte Wochen – ouni physesch Präsenz vun de Gleewege géif ofgehal a just am Livestream aus der Kathedral kéint verfollegt ginn.

Mä wat ass d’Oktav eigentlech, bei där fir gewéinlech dausende vu Pilger, Jonker an Aler, Gesonder a Kranker, Fraen a Männer an eis Kathedral gepilgert kommen?

E Bléck an d’Geschicht

Ugefaang huet alles am 17. Joerhonnert. 1594 haten sech Jesuittepateren an der Stad Lëtzebuerg néiergelooss. An der Erzéiung vun der Jugend hunn si eng vun hire Prioritéite gesinn an dofir e Kolléisch gegrënnt, an deem senge Raimlechkeeten herno eis fréier Nationalbibliotéik ënnerbruecht war (46 Joer laang, bis 2019). Dëse Kolléisch gouf vu ville Studente besicht. Dat huet et néideg gemaach, datt nieft der Parkierch, där aler Niklooskierch, déi bei eisem haitege Palais stoung, eng gréisser Uerdenskierch huet misse gebaut ginn. 1613 gouf de Grondsteen geluecht, a 1621 gouf dunn d’Jesuittekierch ageweit, déi un de Kolléisch ugebaut war, an déi souwuel als Klouschterkierch wéi och als „lieu de culte“ fir d’Studente vum Jesuittekolléisch gedéngt huet.

P. Jacques Brocquart, Vitrail
by Guy Wolff - intranet.cathol.lu cc-by-nc-nd

Am Joer 1624 – d’Festung Lëtzebuerg war erëm wéi sou dacks belagert, d’Awunner aus der Stad hunn ënner Krich, Honger a Krankheet, besonnesch där schrecklecher Pescht, dem „schwaarzen Doud“, gelidden – huet de Jesuittepater Jacques Brocquart (1588-1660), deen e grousse Veréierer vun der Muttergottes war, de Gedanke mat sech rondrëm gedroen, virun de Mauere vun der Festung e Marienhellegtum opzeriichten. Hien hat fir deen Zweck e klengt Grondstéck um haitege Glacis geschenkt kritt. Do huet hien den 21. November 1624 e grousst hëlzent Kräiz opgestallt. Zwou Woche méi spéit, den 8. Dezember 1624, huet hie mat Studenten aus sengem Kolléisch eng Muttergottesstatu aus der Festung eraus bis op de Glacis gedroen an si dunn do um Fouss vun deem hëlzene Kräiz opgestallt. D’Leit aus der Stad si vun do un ëmmer erëm op deene puer fräien Deeg, déi si haten, virun d’Stadmaueren op de Glacis gaang an hu virun där Muttergottesstatu – eisem haitege Gnodebild – an hieren Uleies gebiet.

„Consolatrix Afflictorum“

1625 gouf um Glacis de Grondsteen vun enger Kapell geluecht. D’Pescht ass awer erëm ausgebrach, an esou konnt de Bau net ofgeschloss ginn. Och de P. Brocquart gouf krank. Dem Doud no, huet hien der Muttergottes versprach, e géif mat buerbesse Féiss eng zwee Pond schwéier Käerz an d’Kapellchen droen, wann hien nees gesond géif. Dat ass effectiv geschitt, an esou konnt 1627 de Bau vun där klenger Glacis-Kapellchen ofgeschloss ginn. Si ass dat Joer drop, den 10. Mee 1628, vum Weibëschof vun Tréier Georg von Helffenstein ageweit ginn. Um Gnodebild, dat an enger Nisch iwwer dem Altoer stoung, war den Titel ze liesen, deen de P. Brocquart der Statu ginn hat: „Maria, Mater Iesu, Consolatrix Afflictorum“ – „Maria, Mamm vum Jesus, Tréischterin am Leed“.

Nodeems d’Gnodebild vun der Tréischterin an der Glacis-Kapell opgestallt gi war, sinn ëmmer méi Leit dohinner biede gaang. Schonns 12 Joer no der Aweiung vun der Kapell, den 10. Mee 1640, ass ënner der Leedung vum P. Jacques Brocquart ugefaang ginn, d’Kapell ze vergréisseren. Dräi Méint laang hunn dës Aarbechte gedauert, an déi Zäit stoung d’Gnodebild vun der Tréischterin an der Jesuittekierch. Vun do un ass et reegelméisseg all Joer aus der Glacis-Kapell an d’Jesuittekierch iwwerfouert ginn, an eng Woch (aacht Deeg – also eng „Oktav“) laang do veréiert ginn. Um Enn vun där Zäit gouf d’Gnodebild nees a feierlecher Prëssioun (Schlussprëssioun vun der Oktav) hannescht op de Glacis gedroen.

An der Kapell um Glacis stoung d’Gnodebild vun der Tréischterin bis 1795, vun do un huet d’Statu vun der Tréischterin hir definitiv Plaz an der Jesuittekierch, eiser haiteger Kathedral, fonnt.

D’Jesuitten haten op Uerder vum Poopst Klemens XIV. 1773 d’Stad verlooss, an d’franséisch Revolutiounstruppen hunn d’Wallfaartskapell dunn an e Päerdsstall ëmfonctionnéiert. Dat Joer drop, 1796, ass d’Kapellchen dem Äerdbuedem gläichgemaach ginn. Nëmmen d’Fëllementer si bliwwen. Si goufen awer méi spéit, wéi do eng Strooss ugeluecht gouf (d’Scheffer-Allee), zougeschott, sou datt haut vun där ursprünglecher Wallfaartskapell, an déi 170 Joer laang Pilger hir Uleies bei d’Tréischterin am Leed gedroen hunn an déi eng räich Chronik vu wonnerbare Gebietserhéierungen opweises huet, näischt méi iwwreg blouf, bis elo viru Kuerzem, bei den Aarbechte fir den Tram, d’Fëllementer vun där klenger Kapell erëmfonnt an dokumentéiert goufen. (Déi haiteg Glacis-Kapell op där anerer Säit vun der Plaz, zum Park zou, ass iwwregens eréischt 90 Joer méi spéit gebaut ginn.)

Eis Oktav stoung vun Ufank un am Zeeche vun deene Kranken. D’Gnodebild hat – wéi scho gesot – vum P. Broquart den Titel „Consolatrix Afflictorum“ kritt, en Titel, ënner deem d‘Muttergottes an der Lauretanescher Litanei ugeruff gëtt. Dat 17. Joerhonnert war an eisem Land a besonnesch och an der Stad gezeechent vu Krankheet a vu Leed. Vill Mënschen hunn duerch Kricher, Honger a virun allem och duerch d’Pescht hiert Liewe verluer. Besonnesch an deene schreckleche Krichs- a Peschtjoeren 1636 bis 1639 ass d’Populatioun aus der Stad zu engem gudden Deel deziméiert ginn. Déi joerhonnertelaang Geschicht vun der Oktav huet eng ganz Rei vu Gebietserhéierungen opweises. Déi eeler Lieser erënneren sech sécher nach drun, datt virum Krich Krätschen um Votivaltor houngen als Merci fir déi eng oder déi aner Heelung, déi der Muttergottes zougesprach gouf. Och an de Krichsjoeren hu vill Lëtzebuerger virum Gnodebild vun der Tréischterin geknéit an do fir hir Männer, Pappen a Jonge gebiet, déi déi verhaasst Uniform hu missen droen. Wéivill Tréine virum Gnodebild gefloss sinn, dat weess keen. A wéivill vun deenen, déi d’Gléck haten, erëm heemzekommen, koumen all Joer mat hire Gebriechen, mat hire Krankheeten an hirer Péng bei d’Muttergottes gepilgert!

Patréinesch vu Stad a Land

E wichtegen Datum an der Geschicht vun eiser Oktav ass den 10. Oktober 1666. Déi schrecklech Peschtjoere 1626 a 1636 waren nach knapps vergiess, wéi d’Herzogtum Lëtzebuerg erëm de Gefore vu Krich a vu Krankheet ausgesat war. Dunn huet de Jesuittepater Alexander Wiltheim de Prënz vu Chimay, Gouverneur vu Lëtzebuerg, mat engem Bréif opgefuerdert, d’Maria, d’Tréischterin am Leed, déi vill vun den Awunner aus der Stad veréiert gouf, duerch en ëffentlechen Akt zur Schutzpatréinesch vun der Stad z’erwielen. Säi Virschlag ass op gudde Buedem gefall. Magistrat a Geeschtlechkeet hunn eestëmmeg deklaréiert, „die allerseligste Jungfrau solle fürderhin die Patronin und Schutzherrin der Stadt Luxemburg sein“.

An der Geschicht vun der Lëtzebuerger Muttergottesveréierung ass et wéi mat engem Steen, deen an d’Waasser gehäit gëtt, an deen ëmmer méi wäit Kreesser zitt. D’Festung Lëtzebuerg war op esou eng remarkabel Manéier vu Stuerm an Nout verschount bliwwen, datt och d’Landvollek näischt Besseres begiert huet, ass wéi et dem Beispill vun der Stad nozemaachen. Dëse Wonsch gouf nach méi intensiv, wéi vum Süden erfort nei Krichsgefor opkoum. Déi dräi Stänn – d’Geeschtlech, den Adel an de Biergerstand – hunn dunn decidéiert, och dat ganzt deemolegt Herzogtum – sou wéi d’Haaptstad – ënner de Schutz vun der Muttergottes ze stellen. D’Huldegungsfeier gouf op den 20. Februar 1678 festgeluecht. Déi héchst Autoritéiten an e begeeschtert Vollek haten sech an där festlech gerëschter Jesuittekierch versammelt, wéi d’Dokument vun der Erwielung virgelies gouf. D’Klacken hunn zu Haf gelaut, Kanounendonner war vun der Festung erfort ze héieren. An engem Triumphzuch, deen alles iwwertraff huet, wat et bis dohinner gouf, ass d’Gnodebild mëttes op de Glacis hannescht gedroe ginn. D’Oktav war zu engem nationale Fest ginn!

E Votivaltor fir d’Tréischterin

Fir den éischte Centenaire vun der Erwielung vun der Muttergottes als Patréinesch vun der Stad wollt d’Lëtzebuerger Vollek en extrat Dankgeschenk un d’Tréischterin maachen. Sou ass d’Iddi vun engem Votivaltor opkomm. De Jesuittepater Theodor Helm huet sech fir d’Realisatioun vun där Iddi besonnesch verdéngt gemaach. Hien huet Donë gesammelt an déi geplangt Ausféierung vum Votivaltor iwwerwaacht. An der Abtei Orval – deem bekannten Zisterzienser-Klouschter an der belscher „Province de Luxembourg“ – an där vu jeehier Handwierk, Konscht a Wësseschaft gefleegt goufen, gouf den Altor aus „fer forgé“ vum Pierre Petit hiergestallt, engem zu Orval ausgebilte Lëtzebuerger Schlässermeeschter. Firwat sollt de Votivaltor grad aus Eise sinn? Abee, Eise war nach bis an eis Zäit eran den Haaptproduit vun eisem Land. Och stoung deemools d’Konschtschlässerei ganz héich an der Bléi. An dann: Fest wéi Eise sollt de Lëtzebuerger hir Trei zur Muttergottes sinn. De Meeschter Petit huet e richtegt Konschtwierk am Barockstil geschafen. An der Oktavzäit blénkt de Votivaltor vun all deene Weigeschenker, déi drun hänken, besonnesch och duerch déi vill Häerzer, déi en Ausdrock vun der Léift sinn, déi d’Lëtzebuerger fir hir Mamm am Himmel ëmfannen. Fréier war de Votivaltor och nach duerch elauter kleng Gasliichtercher beliicht, déi awer – aus Sécherheetsgrënn – an de 70er Joere vum 20. Joerhonnert ewechgeholl goufen. Fir den 200. Anniversaire schliisslech gouf d’Gnodebild 1866 op Uerder vum Poopst Pius IX. gekréint.

Vu 1666 bis 1678 gouf d’Oktav am Oktober gefeiert; 1679 um 2. Juli (dem Fest vun der Heimsuchung), an zënter 1680 an der Woch vum 4. op de 5. Sonndeg no Ouschteren. Well awer mat der Zäit esouvill Pilger komm sinn, gouf 1921 d’Oktav ëm eng Woch verlängert, an zënterhir gëtt d’Fest vun der Tréischterin mat enger duebler Oktav vum 4. bis de 6. Ouschtersonndeg gefeiert; den einfachen Numm „Oktav“ ass awer bliwwen.

Wann och d’Zuel vun de Pilger an de leschte Joeren ofgeholl huet, wann och – bedéngt duerch de Stroosseverkéier, deen ëmmer méi zouhëlt – d’Zuel vun de Prëssioune méi kleng ginn ass, da bleift d’Oktav dach awer en Héichpunkt am Liewe vun der Kierch zu Lëtzebuerg. Geschate 60.000 Pilger versammlen sech Joer fir Joer virum Gnodebild vun der Tréischterin, fir do ze bieden an ze sangen. Et sinn der sécher eng ganz Rei derbäi, déi soss am Laf vum Joer keng reegelméisseg Kierchegänger sinn, mä d’Oktav mat hirer Tréischterin huet dach eng Unzéiungskraaft, déi kee leegne kann.

An de Mäertchen?

Nach eppes kënnt derbäi: Wat wier eis Oktav ouni de Mäertchen? Och dee gehéiert ganz einfach derzou! Fréier war hien esouguer eng Noutwennegkeet. Wann d’Pilger – meeschtens ze Fouss – an d’Oktav koumen, dacks vu wäit hier, dann hunn si eng Stäerkung gebraucht, eppes fir z’iessen an ze drénken, awer och eng Plaz fir e bëssen ze rouen, well meeschtens ass et dann am spéiden Nomëtteg nees op heem lassgaang. A wann ee mat enger Päerdskutsch an d’Stad koum, dann huet och d’Päerd sech missen erfrëschen. Schliisslech wollt een och nach e Souvenir aus der Oktav mathuele fir déi, déi aus watfir Grënn och ëmmer dat Joer net mat an d’Stad pilgere konnten: e Rousekranz, eng Medaille oder och e Votivbild mat der Tréischterin drop.

Eent vun deene Biller ass iwwregens ganz berüümt ginn: Zwéin Zaldoten hate 1642 hei zu Lëtzebuerg, sécher um Mäertche vun deemools, esou e Bild kaaft an et matgeholl an hir Heemecht, op Kevelaer um Nidderrhäin. D’Wallfaartsbild vu Kevelaer, wéi dat Bild, dat net emol d’Gréisst vun enger Postkaart huet, do genannt gëtt, weist d’Tréischterin am Leed virun der Silhouette vun der Stad Lëtzebuerg an där éischter Wallfaartskapell um Glacis. Haut pilgeren all Joer bal eng Millioun Leit aus Däitschland an aus de Benelux-Länner op Kevelaer a bieden do virum Bild vun der Tréischterin vu Lëtzebuerg.

Och haut kritt ee reliéis Artikelen um Mäertchen ze kafen, mä do hunn Iessen an Drénken, Spillsaachen an Amusement an deene leschte Joeren d’Iwwerhand kritt. Mä och dat gehéiert jo am Fong geholl zu engem Pilgerdag: Et soll een sech begéinen, zesummesinn, laachen an sech et gutt goe loossen. Et dierft eigentlech kee Pilgergang an d’Kathedral ginn, ouni datt een och op de Mäertche geet. Ëmgedréint dierft et awer och kee Besuch um Mäertche ginn, ouni datt een och virum Votivaltor wéinstens e Gebiet gesot hätt – a wier et nach esou e kuerzt!

Awer dat alles ass dëst Joer wéinst der Corona-Kris net méiglech. Schued! Et feelt äis ganz sécher eppes! Mä dofir freeë mir äis elo schonns op d’Oktav vum Joer 2021, wa mir den 355. Joeresdag vun der Erwielung vun der Tréischterin zur Stadpatréinesch feieren.

Claude BACHE
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu