lb fr pt en
Oktav 2020 online . Octave 2020 en ligne  
1. Mee 2020

Fotograféier e Rousekranz an/oder eng Muttergottesstatu

Aktioun “Oktav2020” vun de Lëtzebuerger Massendénger

Dëst Joer ass et eng méi “besonnesch” Oktav – d’Oktav ass an der Kathedral vum 02.05.-17.05.2020 a mir dierfen net dohin. An dat an deem Joer, wou den Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger déi Éier huet, fir Oktavpriedeger ze sinn.

Dir dierft awer d’Maria froen, datt si eis all beschütze soll. Als Massendénger wësst dir, datt bäi de Prëssessiounen an och bei ganz villen anere Momenter wärend der Oktavzäit de “Rousekranz” gebiet gëtt.

Rousekränz – Statuen a Biller vun der Muttergottes

Elo ass et un iech fir eis Fotogalerie “Rousekränz” a “Muttergottesstatu” ze fëllen: Also lass: knipst e Rousekranz (oder och méi): de Rousekranz vun der Kommioun, der Mamm hiren, dem Papp säin, ee selwer gebastelten, ee geluechten (z. B. mat Blummen, Steng asw.), ee gemoolten… eng Virlag fannt dir op eiser Homepage.

Vläicht begéint dir och bei engem Spadséiergang eng Muttergotteststatu (an der Kierch, an enger Nisch vun engem Haus, an engem Fiels asw.) oder dir hutt eng doheem. Fotograféiert déi Statu a mailt se mat enger kuerzer Beschreiwung, wou dir d’Statu geknipst hutt (z. B. Kierch Konsdref). Vill Spaass!

D’Foto/Fotoen einfach op d’Mailadress massendenger@cathol.lu mailen. Op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger ass eng Galerie mat all äre Fotoen:

Zousätzlech kënnt Dir Iech op eisem YouTube-Kanal e puer Videoen ukucken, déi mir zougeschéckt kritt hunn: YouTube Lëtzebuerger Massendénger

Bléift all gesond a monter!
Bescht Gréiss aus der Massendéngerzentral

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu