lb fr pt en
Priedegten  
15. Mee 2020

„Annuntiate“ – Verkënnegt (Devise vu S. Em. Jean-Claude Kardinol Hollerich)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (15. Mee 2020)

Hinführung

Zu allen Zeiten ging die Kirche ihrem missionarischen Auftrag nach und hat das Evangelium, die Frohe Botschaft der Liebe Gottes und der Erlösung, bei den Menschen verkündet. Die zwölfte Oktavpredigt geht der Frage nach, wie wir heute diesen von Christus selbst gegebenen Missionsauftrag glaubwürdig erfüllen können. Wie gelingt es uns, dem Evangelium einen Weg in die Herzen der Menschen zu eröffnen? Wie können wir anziehend auf unsere Zeitgenossen wirken? An diesen Fragen hängt nicht zuletzt die Zukunft unserer Kirche.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

Eng ganz al Legend weess dovun ze erzielen, datt den Däiwel de Jesus dovun ofbrénge wollt, fir um Kräiz ze stierwen. „D’Kierch brauch dech op der Welt.“, seet den Däiwel. „Wie soll da priedegen, d’Räich Gottes verkënnegen, heelen an d’Gemeinschafte leeden, wann s du net méi do bass?“ An de Jesus äntwert: „Ech hu schonns etlech Männer a Fraen dofir ausgewielt.“ Den Däiwel kontert: „Mee deng Auserwielte wäerten dat dach nimools paken.“ „Stëmmt“, äntwert de Jesus, „awer si wäerten anerer fannen, déi hinnen hëllefen. An dës wäerten erëm anerer sichen a fannen.“ Awer den Däiwel buert weider: „A wa si et net maachen? Wann hinnen d’Loscht vergeet a si ufänken ënnereneen ze streiden? Ass däi Plang, Mënschen ze gebrauchen, net zimlech riskant?“ A Jesus kuckt den Däiwel un a seet: „Ganz riskant esouguer! D’Kierch kéint dorun zu Gronn goen. Awer en anere Plang hunn ech net.“

Jesus hat kee Plang B. An enger Zäit, wou et nach keng Zeitungen, kee Radio oder Fernsee gouf, wou mol nach kee wousst, wéi ee „Computer“ an „Internet“ géif buschstawéieren an ëffentlech Aushäng nach rar waren, ass dem Jesus keng aner Méiglechkeet bliwwen, wéi d’Weiderféierung vu sengem Wierk a senger Sendung an d’Hänn vu Mënschen ze leeën. An dofir huet hie sech Mataarbechter, Apostelen, Fraen a Männer gesicht, déi mat him duerch d’Land Israel gezu sinn. Si hunn d’Botschaft vum Räich Gottes héieren; si hunn d’Wonner an d’Heelunge materlieft; si si gewëssermoossen ugeléiert a vu Jesus Christus selwer ausgebilt ginn. Hinnen huet hie spéider no senger Operstéiung an Himmelfaart seng Missioun a Sendung uvertraut. „Annuntiate“ – „Verkënnegt“. „Geht hinaus in die ganze Welt, und verkündet das Evangelium allen Geschöpfen.“ (Mk 16,15) Seng Strategie ass opgaangen. D’Jünger sinn eraus an d’Welt gezunn, hunn d’Botschaft vum Räich Gottes verkënnegt, hu Gemeinschafte gegrënnt a sech Mataarbechter a Mataarbechterinne gesicht – modern géife mir soen ‚Multiplikatoren‘ –, déi no hinnen d’Evangelium – d’Frou Noriicht vun der Erléisung – ënnert d’Mënsche bruecht hunn. An datt se erfollegräich waren, gesäit ee wuel dodrun, datt haut e besse méi wéi een Drëttel vun der Weltbevëlkerung enger chrëschtlecher Konfessioun ugehéiert.

„Annuntiate“ – „Verkënnegt“. Als Jünger a Jüngerinne si mir haut zur Verkënnegung vun der Botschaft vun der Erléisung opgeruff. An eisen Hänn läit et, datt d’Evangelium säi Wee an d’Häerzer vun de Mënsche fënd. Dëst ass net nëmmen d’Aufgab vun de sougenanntenen Haaptamtlechen an eiser Kierch. Et ass d’Aufgab vun alle Gedeeften. „Zesumme Kierch sinn“ heescht, gemeinsam der Fuerderung no engem missionaresche Chrëschtentum no ze kommen. Mee, kënne mir dat iwwerhaapt? Hu mir d’Kraaft dozou?

Vläicht hëlleft äis jo e Bléck op eng vun den eelste chrëschtleche Gemeinschaften – op d’Gemeinschaft vu Thessalonich. A sengem Bréif un d’Thessalonicher dréckt den Apostel Paulus seng Freed doriwwer aus, datt déi heednesch Welt sech fir de Glawen opmécht. Säi Merci gëllt de Chrëschte vun Thessalonich, déi et fäerdeg bruecht hunn, datt de Glawe vun hinnen aus sech verbreet huet. „Von euch aus ist das Wort des Herrn nicht nur nach Mazedonien und Acháia gedrungen, sondern überall ist euer Glaube an Gott bekannt geworden.“ An enger Stad, wou vill reliéis Stréimungen zesummekoumen, hu si hir chrëschtlech Identitéit fonnt a festgehalen an hu glawens-ustiechend gewierkt. Wou hate si d’Kraaft dozou? D’Chrëschte vun Thessalonich hunn net nëmmen u Gott gegleeft, mee – wat méi entscheedend war – si hunn aus deem Glawe gelieft. Et huet een hinnen d’Freed ugesinn, déi si aus dem Glawe geschefft hunn. Schwieregkeeten, Bedrängnis a Réckschléi konnten hire Glawe weder un d’Wackele bréngen nach erdrécken. An et ass genee esou e liewegen, vitale Glawen, deen unzitt a faszinéiert. Hie fënnt säin Ausdrock an der Entdeckung vum Härgott fir dat eegent Liewen. Missioun fänkt deemno bei äis selwer un. Mir mussen alles drusetzen, datt mir de Glawen, dee mir mat op de Wee kritt hunn, an d’Kraaft, déi mir aus deem Glawe scheffen, erëm nei entdecken. Äis ass jo e Schaz vu Gott geschenkt ginn, an dee musse mir mol fir d’éischt fir äis selwer erëm hiewen, éier mir anerer dovun erzielen. Dofir ass et wuel noutwendeg, datt mir äis erëm – wéi et an der Liesung geheescht huet – vun de Götze befreien an äis nei zum Härgott bekéieren, datt mir hien nees zum Zentrum vun eisem Liewe maachen an net d’Götze vun eiser Zäit.

Léif Leit,

Där haiteg Götze kenne mir etlech. Do ass mol fir d’éischt de Gott vum Materialismus. Mir wëllen e Liewe voller Erliefnesser an Héichpunkter; ginn äis mat Klengegkeeten net méi zefridden; lafen all neiem Trend no an heefen onméiglech – meeschtens onnëtz – Saachen un. Et lieft ee jo schliisslech nëmmen eemol. Awer esou e Liewensgenoss ass trügersch. E féiert zu Jalousie a schlussendlech zu enger grousser Onzefriddenheet, well mir ëmmer méi wëllen. Geld berouegt vläicht, mee mécht op Dauer net glécklech.

Da sinn do d’Götze vum Erfolleg, der Muecht, der Unerkennung an dem Stolz. Vill bréngen Affer fir hir Carrière, stiechen onmoosseg Zäit an de Beruff an investéieren all Energie fir déi gewënschte gesellschaftlech Stellung an Unerkennung – an dat alles dacks op d’Käschte vun der Ëmwelt a virun allem zum Nodeel vu Famill a Partnerschaft. Et ass erschreckend, wéivill Kanner a Jugendlech hautdesdaags un engem Mangel un Opmierksamkeet a Léift leiden. Mir beléien äis eigentlech selwer, wa mir denken, datt mir dat alles nëmme fir si maachen, fir datt si e bessert Liewen hunn. Am Endeffekt – wa mir éierlech sinn – maache mir et dach fir äis selwer, fir datt mir an den Ae vun der Welt erfollegräich dostinn.

A schliisslech ass do de Gott vum Narzissmus. Mir sinn an äis selwer esou verléift, datt mir alles Erdenkleches kafen a maachen, fir jonk a schéin ze bleiwen. Mir schmiere Cremen an d’Gesiicht, leeën äis Cornichongen op, lafen a Kuren, verbrénge vill Zäit am Wellness, loossen déi onméiglechst Operatiounen iwwert äis ergoen, maachen all méiglech Diäten an esou weider… Dat alles fir dem Ideal vun der Schéinheet ze entspriechen an éiweg jonk wëllen auszegesinn. Mir konzentréieren äis esou op äis, datt mir de Bléck op deen anere vergiessen.

All dës modern Götzen hunn eng Saach gemeinsam an ee Schwéierpunkt: ECH, déi eege Persoun! Mir setzen äis selwer an de Mëttelpunkt a betruechten äis an eist Liewen als den Nuebel vun der Welt. Dobäi vergiesse mir dacks de Matmënsch a virun allem dränge mir den Härgott an den Abseits.

Missioun fänkt bei äis selwer un. Wéi kënne mir iwwerzeegte Chrëschte sinn, wa mir de modernen Trend matmaachen? Kënne mir ustiechend a begeeschternd op anerer wierken, wa mir net aneschters liewen, wéi vill vun eisen Zäitgenossen? Mir kënnen nëmme glafwierdeg Verkënneger vun der Botschaft vun der Erléisung sinn, wa mir dem Härgott nees déi éischte Plaz am Liewe ginn, déi, déi him zousteet; wa mir äis vun de Götze vun eiser Zäit net blenden an ierféiere loossen; wa mir dat liewen, wat mir gleewen, a wa Gottes- an Nächsteléift keng eidel Wierder bleiwen. Gefrot sinn deemno haut authentesch Chrëschten, déi hire Glawen ouni Angscht, konsequent, mat engem demütege Selbstbewosstsäin awer virun allem mat Freed liewen, an esou der Welt an de Mënschen eng Alternativ zum haitegen Zäitgeescht opweisen an ubidden. Eist chrëschtlecht Liewe muss liichten a Wäermt ausstralen, fir esou Mënsche mam Härgott a Beréierung ze bréngen. Denke mir un d’Wierder vum Poopst Franziskus: „Le Seigneur est à la recherche de tous, il veut que tous sentent la chaleur de sa miséricorde et de son amour. Il nous invite à aller sans crainte avec l’annonce missionnaire, là où nous nous trouvons et avec qui nous sommes, dans le quartier, au bureau, au sport, lors des sorties avec les amies, dans le bénévolat ou dans le travail; toujours il est bon et opportun de partager le joie de l’Évangile. C’est ainsi que le Seigneur va chercher tout le monde.“ [1]

Léif Leit,

D’Soziologe soen äis, datt et eng grouss Sehnsucht no Relioun an der Welt a Gesellschaft gëtt. D’Soziologe soen awer och, datt nëmmen déi Botschaft ukënnt, déi als glafwierdeg erkannt gëtt. Eis Glafwierdegkeet ass deemno d’Grondlag dofir, haut als Kierch missionaresch täteg ze sinn. Feile mir also un eiser Glafwürdegkeet a liewe mir dat, wat mir gleewen a wouvu mir iwwerzeegt sinn – all Dag vun eisem Liewen an net nëmme sonndes oder d’Feierdeeg. Wa mir dat wierklech maachen, da sinn och mir haut nach déi Geschéckte vu Christus, déi dozou bäidroen, datt d’Räich Gottes wiesst a seng Botschaft an der Welt sech verbreet. Da geet och haut dem Jesus seng Strategie op!

„Annuntiate“ – „Verkënnegt“. Huele mir dësen Optrag vu Christus, dee sech jo och eisen Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich als Devise iwwert säin Episkopat gesat huet, mat Freed a Courage un. A gi mir nees eng glafwierdeg, iwwerzeegend missionaresch Kierch, well vergiesse mir net: Eng Kierch, déi hirem missionareschen Optrag net méi nokënnt, déi kee Courage zur Missioun an der Welt méi opbréngt, esou eng Kierch huet schonns längst demissionnéiert. Amen.


[1Poopst Franziskus, Christus vivit – Le message du pape pour les jeunes et pour tout le peuple de Dieu, Roum, 25. Mäerz 2019.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu