lb fr pt en
Priedegten  
16. Mee 2020

„Frou al ginn a getréischt al sinn“

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners bei der Andacht fir déi eeler Leit (16. Mee 2020)

Hinführung

Mit dem Alter und seinen Begleiterscheinungen zurecht zu kommen, fällt einem nicht immer leicht. Beim Gedanken an das Alt-Werden und Alt-Sein, kommen einem daher auch unweigerlich verschiedene Fragen in den Sinn: Wie mit dem Alter umgehen? Ist es möglich froh alt zu werden? Wie kann ich getrost im Alter leben? Die letzte Oktavpredigt versucht eine aus dem Glauben heraus resultierende Antwort auf diese für uns Menschen existentiellen Fragen zu geben.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,
besonnesch léif eeler a krank Schwësteren a Bridder,

„Den Alter ass näischt Schéines!“ Dës Ausso héieren ech dacks am Gespréich mat eelere Leit. Dohannert stécht d’Erfarung, datt villes am Alter net méi esou geet wéi fréier, datt net méi alles machbar ass. Ab engem bestëmmtene Moment ass et eriwwer mat de grousse Partyen an dem Duerchmaachen an Duerchfeiere vu ganzen Nuechten. Et kënnt den Dag, wou ee beim Iessen an Drécken net méi wéinst der schlanker Linn uecht muss ginn, mee wéinst den Zocker- a Cholesterolwäerter oder dem héije Bluttdrock. Et kënnt och deen Ablack, wou d’Aen, d’Oueren a verschidde Gelenker eng Ënnerstëtzung an Hëllef brauchen. E Brëll, en Hörgerät, e Bengel an nei Zänn leeschten an deem Fall hir wäertvoll Déngschter. Schliisslech kënnt de Moment, wou negativ Alterserscheinunge sech bemierkbar maachen. Kierper a Geescht huelen of. D’Gesondheet spillt net méi mat. Krankheet a Boboe weisen engem seng Grenzen op. Dobäi komme ganz dacks séilesch Problemer, ausgeléist duerch de Verloscht vu léiwe Mënschen, duerch dat villt Eleng-Sinn, duerch dat sech dacks iwwerflësseg an net méi nëtzlech fillen; oder duerch d’Nodenken iwwer all dat, wat een eventuell am Liewe mengt verpasst oder a sengem Liewe falsch gemaach ze hunn. Dozou kënnt, datt een op d’Hëllef vun aneren ugewisen ass. D’Autonomie an déi bis dohi geliefte Fräiheet gehéieren der Vergaangenheet un. Fir domadde fäerdeg ze ginn, ass och net evident. Vill wëlle jo kengem zur Laascht falen, och wann d’Liewen engem selwer zur Laascht ginn ass. Oder fir et mam Goethe ze soen: „Nach den Jahren der Last kommt die Last der Jahre.“

Mam Alter eens ze ginn, ass also sécherlech net ëmmer einfach. Engersäits wëll een e schéinen Alter erreechen, anerersäits huet een awer och Angscht, wëll ee mam Al-Gi vill Negatives a Kaf huele muss. Als Chrëschte brauche mir awer u sech guer keng Angscht ze hunn. Mir hunn nämlech déi grouss Chance, zwou fundamental Altersassurancen ze hunn.

Déi éischt liese mir am Buch Jesaja. Do seet Gott: „Ich bleibe derselbe, so alt ihr auch werdet, bis ihr grau werdet, will ich euch tragen. Ich habe es getan und werde euch schleppen und retten.“ (Jes 46,4) Dëse Vers, wuel ee vun deene schéinste biblesche Versen iwwert den Alter, verséchert äis, datt Gott äis zur Säit steet, datt hien et ass, deen äis dréit – vun Ufank u vun eisem Liewe bis eran an den Alter. Hien ass a bleift deen treie Gott, deen äis nimools verléisst. Wa mir och an d’Situatioun kommen, wou mir eleng net méi eens ginn, wou mir op Hëllef vun aneren ugewise sinn, wou Kierper a Geescht äis Suerge bereeden, mir kënnen zouversichtlech sinn, datt den Härgott do ass. Hien dréit äis voller Léift wéi eng Mamm hiert Kand um Aarm dréit. Vun him däerfe mir Gebuergenheet a Sécherheet empfänken. Bei him däerfe mir äis ausrouen, wann eis Kräften noloossen. Hien ass den Immanuel, de Gott-mat-äis. Mat deem Gott als Altersassurance kënne mir frou al ginn a getréischt al sinn.

Léif Leit,

Frou al ginn an d’Liewensetapp vum Alter getréischt goen, däerfe mir awer och, wëll mir eng zweet Altersversécherung geschénkt kritt hunn. Vum Kräiz erof, huet de Jesus seng Mamm äis alleguerten – an der Persoun vum Lieblingsjünger Johannes – zur Mamm ginn: „Kuck, deng Mamm!“ Als gutt Mamm an Tréischterin geet si säitdeem un eiser Säit. Si, déi an hirem Liewe schwéier Stonnen duerchgemaach huet, déi bis ënnert dem Kräiz mat hirem Jong matgelidden huet, déi all Laascht vum Liewe kennegeléiert a mat Vertrauen duerchstanen huet, ass eis trei Begleederin. „Maria ist die Wegleiterin – wenn wir nicht weiter wissen. Maria ist die Wegbegleiterin – wenn wir Stärkung und Bestätigung brauchen, um den Weg weiterzugehen. Maria ist das seelische Weg-Licht – wenn es dunkel wird.“, schreift de Franz-Toni Schallberger. Maria ass eisen Halt am Liewen an eis Stäip am Alter a Krankheet. Erënnere mir äis un dat, wat viru genee 35 Joer hei an der Kathedral den hellege Poopst Jean-Paul II. bei sengem Besuch zu Lëtzebuerg den Eeleren a Kranke Leit zougeruff huet: „Seht da, eure Mutter, eure Trösterin, die das Leiden ihres Sohnes mitgelitten hat und dadurch zur Trösterin und zum Beistand aller Leidenden geworden ist.“ „Seht da!“ Deen Appell vum Poopst gëllt bis haut. Kucke mir op eis Mamm, kucke mir op si grad a schwéiere Stonnen, wann den Alter an d’Boboe sech bemierkbar maachen, hir Firsprooch, hiren Trouscht an hir Begleedung sinn äis gewëss.

Léif Leit,

Am Ënnerscheed zu all den Assurancen, déi mir am Laf vun eisem Liewen ofschléissen an déi eise Portemonnaie dacks staark belaaschten, sinn déi zwou Genannte gratis. Loosse mir se dankbar a mat Vertrauen unhuelen. Den Härgott dréit äis, a Maria, eis Tréischterin, begleet äis a biet fir äis. Mir däerfen deemno frou al ginn a getréischt al sinn. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu