lb fr pt en
Priedegten  
10. Mee 2020

„Geescht a Courage“

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners wärend der Pontifikalmass (10. Mee 2020)

Hinführung

Ein Blick in die vergangenen 150 Jahre des Bestehens unserer (Erz-)Diözese zeigt, dass die Kirche in Luxemburg immer wieder vor großen gesellschaftlichen, politischen und innerkirchlichen Herausforderungen stand. Daran hat sich auch in unserer Zeit nichts geändert. Die siebte Oktavpredigt im Pontifikalamt der Trösterin der Betrübten, der Schutzpatronin von Stadt und Land, richtet einen dankbaren Blick in die Geschichte. Gleichzeitig fragen wir uns, ob wir als Kirche von Luxemburg Lehren aus der Vergangenheit für unsere Zukunft ziehen können.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

Wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do ka Fruchtbares entstoen a kënnen Hürden iwwerwonne ginn. Zeien dofir sinn déi vergaangen 150 Joer vun eiser Diözes. Werfe mir nämlech e Bléck an d’Vergaangenheet – an dat muss jo erlaabt si bei eisem diözesane Jubiläum – dann erkenne mir, wou Mënschen hire Mutt an zwou Hänn geholl a gläichzäiteg Gottes Geescht wierke gelooss hunn, do ass d’Kierch vu Lëtzebuerg gewuess a konnt d’Stierm vun der Zäit iwwerstoen.

Wéi 1870 Lëtzebuerg en eegenstännegt Bistum gouf, do stungen de Bëschof Adames, seng Mataarbechter an d’Chrëschten alleguerte virun Erausfuerderungen. Bistumsstrukturen opbauen, kierchlecht Liewen um Lëtzebuerger Territoire festegen, de Buedem bereede fir d’Grënnung vu reliéis-karitative Veräiner, all dat war keng Selbstverständlechkeet. Hei ware Courage, Wäitsiicht a Mënschlechkeet vu Säite vum Bëschof an alle Chrëschte gefrot. Hei war awer gläichzäiteg Gottes Geescht um Wierk. Well de Mënsch eleng wier den Erausfuerderunge schwéierlech Meeschter ginn. Hei erkenne mir: Wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do entsteet Fruchtbares an all Hürde ginn iwwerwonnen.

Gottes Kraaft a mënschleche Courage waren och gemeinsam um Wierk, wéi de Bëschof Koppes am Sträit iwwert d’Schoulgesetz déi kierchlech Positioun vis-à-vis vum Staat huet misse verteidegen; wéi ënnert him awer och de Katholizismus zu féirender kultureller a politescher Kraaft an eiser Gesellschaft gouf. Och fir säin Episkopat gëllt: Wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do entsteet Fruchtbares an all Hürde ginn iwwerwonnen.

Gottes Kraaft a mënschleche Courage ware sécherlech och Hand an Hand, wéi et wärend de Krichsjore geheescht huet, fest zum Glawen ze stoen an duerchzehalen an de Stierm vun der Zäit, wou d’Kierch aus dem ëffentleche Liewen zréckgedrängt gouf, kierchlech Organisatiounen an d’kontemplativ Kléischter opgehuewe gi sinn, de Reliounsunterricht aus de Schoule verbannt an déi aktiv Uerdensgemeinschaften enteegent goufen. Villes hat de Krich zerstéiert. Familljen hate Gefalener a Vermësstener ze bekloen. Haiser a Kierche louchen a Ruinen. Vill haten hir Liewensgrondlag verluer. Als Jonke faszinéiert et mech ëmmer nees ze héieren, wéi d’Krichs- an d’Nokrichsgeneratioun a grousser Solidaritéit den Erëmopbau vum Land ugepaakt a realiséiert hunn. En Neiufank war méiglech. An eiser Heemecht sinn nei Liewensperspektiven opgebléit. An och eis Kierch ass zu neiem Liewen erwächt – dank villen engagéierte Chrëschten an dank eisen deemolege Bëscheef, virun allem dem Mgr. Lommel, dee sech och fir d’Verséinung mat Däitschland agesat huet. Bei all deem, ware Courage, Ausdauer, geliefte Mënschlechkeet a Gottes Geescht sécherlech gemeinsam um Wierk. Nees eng Kéier gëllt: Wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do entsteet Fruchtbares an all Hürde ginn iwwerwonnen.

Dem Zesummespill vu Gottes Kraaft a mënschlechem Courage, verdanke mir weiderhinn, datt an de folgende Joren, d’Zeeche vun der Zäit erkannt goufen, an eis Kierch hei zu Lëtzebuerg sech der moderner Welt a Kultur opmaache konnt. No dem Zweete Vatikanesche Konzil an eiser véierter Diözesansynod goufen noutwendeg fir d’Zukunft richtungsweisend pastoral Akzenter gesat. D’Bëscheef Léon Lommel a Jean Hengen hu mat Mënschlechkeet a charismateschem Engagement de Chrëschten hei am Land en neie Stellewäert ginn an hinne bewosst gemaach, datt si all „zesumme Kierch sinn“, datt si opgrond vun Daf a Firmung un der priisterlecher, kinneklecher a prophéitescher Sendung vu Christus deel huelen. E verstäerktent Laienengagement huet sech duerchgesat, nei Gremie si geschafe ginn – Priesterrot, Pastoralrot, Parréit. D’chrëschtlech Basis kruet eng Stëmm an der Kierch. Nei seelsorglech Dynamik gouf fräigesat. Lues a lues ass verstane ginn, datt d’Seelsorg net ausschliisslech d’Saach vun de Priister ass, mee d’Aufgab vum ganze Vollek Gottes. [1] An der selwechter Linn huet och de Mgr. Franck gewierkt, deem eng lieweg Kierch, wou jiddwereen „mat upaakt“, um Häerz luch; eng Kierch awer och, déi sech verstäerkt um diakonesch-soziale Gebitt engagéiert a sech asetzt fir d’Mënschen an d’Würd vum mënschleche Liewen. Ugedriwwe vu Gottes Geescht a mat Courage hunn eis Bëscheef, zesummem mat ville Fraen a Männer, d’Kierch an drëtt Jordausend gefouert a vill Guddes an Neies zum Virschäi bruecht. Wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do entsteet Fruchtbares an all Hürde ginn iwwerwonnen.

An haut? Mir liewen an enger Zäit, déi net nëmme momentan geprägt ass vun engem Coronavirus, mee och nach vu ganz anere Viren. Et ass eng Zäit vu ville groussen Ëmbréch, vun déifgräifende sozialen a wirtschaftleche Verännerungen. D’Politik deet sech schwéier op muench Froe plausibel Äntwerten ze ginn. Nationalistesch Tendenze maachen och virun eise Grenze keen Halt. All dat bréngt nei Erausfuerderunge fir Welt a Kierch mat sech. Niewent dësen Hürden, hu mir dann och eis spezifesch innerkierchlech lëtzebuergesch Problemer ze verschaffen. Mir wëssen et all, déi lescht Jore ware fir eis Kierch hei am Land net einfach. Villes ass nach net verdaut. Vill bréngen hir Onsécherheet wéi et weidergoe soll, och drastesch zum Ausdrock, wa se mam Bléck op eis Kierch soen: Kee Geld, kee Personal, manner Gleeweg, keng Relevanz an der Gesellschaft. Wann een enger Studie vu Freiburg gleewe kann, da gesäit d’Zukunftsprognos net roseg aus: „Die Altersstruktur der Kirchenmitglieder hatte einst die Form einer zum Himmel aufragenden Pyramide. Im Jahr 2060 wird sie voraussichtlich die Form einer Urne haben.“ Net grad encouragéirend Wierder! D’Zukunft vun der Kierch ass also méi wéi ongewëss. Mir hunn zwar déi grouss Chance, charismatesch Bëscheef ze hunn, déi mat hire Mataarbechter a Mataarbechterinnemn noutwendeg Reformen net scheien a versichen, d’Kierch fir d’Zukunft nei opzestellen. Och fir si gëllt ouni Zweifel: wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do entsteet Fruchtbares an all Hürde kënnen iwwerwonne ginn. Mee, iwwerloosse mir hinnen net eleng déi schwiereg Aufgab:

  • „Zesumme si mir Kierch!“
  • Zesummen droe mir Verantwortung.
  • Zesumme musse mir eise Mutt an zwou Hänn huelen a gläichzäiteg Gottes Geescht wierke loossen.

Well, Gottes Geescht vun uewen a Courage vun ënnen, déi Symbios verännert d’Gesiicht vun der Kierch a léisst d’Evangelium an eiser Zäit zu neiem Liewen erwächen.

Léif Leit,

Viru Kuerzem ass mir duerch Zoufall en Zitat vum däitschen Historiker Heinrich Leo begéint. Hie behaapt: „Jedes Jubiläum ist eine Vorfeier des Begräbnisses.“ Ech weess net, wéi et iech ergeet, wann dir dës Ausso héiert, mee ech fannen, si kléngt zimlech verbattert a pessimistesch. Ech gesinn d’Feier vun engem Jubiläum aneschters, positiv, als freedege Moment. All Jubiläum ass fir mech d’Geleeënheet fir zur Rou ze kommen; de Moment fir an Dankbarkeet e Bléck an d’Vergaangenheet op dat Ereechtend a Geleeschtend ze werfen a gläichzäiteg e Bléck no vir ze riichten, eran an d’Zukunft, déi drop waart, gestallt, geformt a mat Liewe gefëllt ze ginn. Mir feieren d’Jubiläum vun 150 Joer Diözes Lëtzebuerg. Fir mech ass dat Jubiläum – trotz allen Hürden, hausgemaachte Problemer a Schwieregkeeten, déi mir an eiser Diözes momentan hunn – awer alles aneschters wéi – fir de Verglach vum Heinrich Leo ze gebrauchen – d’Virfeier vum Begriefnes vun eiser Kierch zu Lëtzebuerg. Mee am Géigendeel, d’Feier vun eisem Jubiläum ass de Startschoss eran an eng hoffnungsvoll Zukunft – eng Zukunft, déi mir gemeinsam als Chrëschten, engagéiert Jonker an Eelerer, a vereent mat alle Mënschen hei am Land, déi guddes Wëllens sinn, gestalte sollen – mat Courage an dem Vertrauen op Gottes Geescht, deen och haut nach a Kierch a Welt wierkt. Vergiesse mir ni, wat d’Geschicht äis gewisen a geléiert huet: Do, wou d’Kraaft vu Gottes Geescht a mënschleche Courage zesumme fannen, do entsteet Fruchtbares an all Hürde ginn iwwerwonnen. An deem Sënn, gi mir mat Hoffnung eran an déi nächste Joren.

Happy birthday, an ad multos annos, Kierch vu Lëtzebuerg! Consolatrix afflictorum, Tréischterin a Patréinesch biet fir äis, biet fir eis Kierch zu Lëtzebuerg. Amen.


[1Vgl. Léon Lommel, Hierdebréif „Unsere gemeinsame Verantwortung für die Zukunft der Kirche Luxemburgs“, 1969, S. 18.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu