lb fr pt en
Priedegten  
9. Mee 2020

Bleiwen oder goen?

Oktavpriedegt vum Weibëschof Leo Wagener um Héichfest vun der Tréischterin am Leed (9.5.2020)

Här Äerzbëschof, léif Matbridder,
Léif Schwësteren a Bridder,

Chères sœurs, chers frères,
Permettez-moi de commencer mon sermon en luxembourgeois pour conclure en français.

„Bleift doheem“, « Restez à la maison », dat war bis elo d’Opfuerderung un äis alleguer am Kader vun der Lutte géint de Corona-Virus.

Wat dat kierchlecht Liewen ubetrëfft, hat déi grouss Majoritéit vun eise Leit dës Devise schonn zënter Joerzéngten – och ouni Corona – ganz gutt behäerzegt: Si sinn doheem bliwwen amplaz an de Gottesdéngscht um Samschdegowend oder Sonndegmoien ze goen. Elo hunn och nach déi, déi soss komm sinn, missen doheem bleiwen. Fir eis all, an der Stad, am Dekanat, an der Diozees war an ass et e groussen Defi, fir ënnert dësen Ëmstänn „Zesumme Kierch ze sinn“.

Eigentlech ass de Regierungsopruff awer net nëmmen „Bleift doheem“ gewiescht, mee hie gouf och nach komplettéiert mat dem Zousaz: „Bleift aktiv!“ Bleift net de ganzen Dag am Bett oder op der Couche leien, mee gitt Iech e Kader, erniert Iech gesond, bleift a Beweegung, kuckt no Iech selwer an no deenen aneren.

A ganz vill vun eis hunn dat och ëmgesat, net nëmmen am private Beräich, mee och am pastorale Kontext. Mir sinn doheem bliwwen, awer och aktiv:

  • duerch perséinlecht Gebiet,
  • duerch d‘Matfeier vun de Gottesdéngschter iwwer déi verschidde Kommunikatiounsmedien – eis Radiosmass huet e richtege „Revival“ erlieft, an op dëser Plaz dierfe mir och emol besonnesch dem Här Chanoine Georges Hellinghausen fir säi laangjäregen Asaz Merci soen,
  • duerch d’Katechees doheem,
  • duerch kleng Hausgottesdéngschter mat Impulser, déi äis per Mail oder Post geschéckt goufen,
  • duerch sozial Aktivitéiten zu Gonschte vu vulnerabele Leit,
  • duerch eng Telefonspastoral,
  • duerch eng vill méi ausgebaute pastoral Presenz an de social Media,
  • duerch allméiglech aner Initiativen, déi an eise Poren a Sproochegemeinschafte geholl gi sinn…

All dat ass wonnerbar a weist, datt mir zwar numeresch geschrumpft, mee awer geeschtlech a pastoral op ganz ville Plaze lieweg sinn! Vu ganzem Häerz – och am Numm vun eisem Kardinol – MERCI dofir!! Och „doheem“ si mir esou „zesumme Kierch bliwwen!“

Léif Schwesteren a Bridder,

Komescherweis hänkt och theologesch a spirituell de „Bleift doheem“ mat dem Kierchsinn zesummen. Ech erkläre mech:

Mir hunn an de leschte Woche gemierkt, wéi d’Doheembleiwe schwéier gefall ass. „D’Bleiwen“ ass fir den Evangelist Johannes, deem mir eist Oktav-Evangelium verdanken, eng elementar wichteg Eegenschaft vun enger Jüngerin a vun engem Jünger vum Jesus. „Bleift a menger Léift, […] esou wéi ech an der Léift vu mengem Papp bleiwen!“ (Joh 15,9-10) seet hien.

Jesus nofollegen, un Hie gleewen, bedeit bei Him bleiwen, jo esou guer an Him bleiwen, a senge Wierder, a senger Frëndschaft, a senger Léift. Nofollegen ass, wéi dat eegent Doheem verloossen, fir a Christus en neit an definitiivt Doheem ze hunn.

Eng entscheedend Fro vum Jesus am Johannesevangelium ass déi, déi Hien den Zwielef stellt an engem Moment, wou vill Leit un Him Ustouss geholl hunn an Hien eleng gelooss hunn: „Wëllt och Dir fortgoen?“ De Jesus léisst seng Jünger ganz fräi, mee zugläich implizéiert seng Fro och eng Decisioun: bleiwen oder goen.

Oui, chers amis,

le Gouvernement nous a invités à « rester à la maison » ces dernières semaines. Il faut « rester » pour notre bien et celui des autres. Même si nous sommes convaincus du bien-fondé d’une telle mesure, il nous coûte de rester en un lieu fixe. Il n’était pas non plus évident pour les parents de rester coincés tout le temps avec leurs enfants sous un même toit.

Pourtant « rester » ou « demeurer » est une notion théologique dans l’évangile de Saint Jean. Le vrai disciple reste avec Jésus, comme le vrai berger reste avec ses brebis, même et surtout dans une situation de danger.

« Rester » veut dire « être fidèle ». Le croyant, le fidèle, c’est celui qui n’abandonne pas Jésus, mais qui reste auprès de lui. C’est si simple que ça, mais en même temps c’est difficile.

Pourtant une chose est certaine : c’est la Croix qui révèle la fidélité à Jésus, pas les noces de Cana. Aux noces de Cana, les amis de Jésus étaient présents avec Marie.

À Golgotha, Marie était là, mais plus les disciples de la première heure, sauf un : Jean et encore d’autres femmes. La première Église est constituée sous la Croix par ceux qui restent auprès du Seigneur. Il semble que les femmes étaient plus fidèles que les hommes.

Pouvons-nous vraiment saisir ce que ce « rester » a coûté à Marie, à Jean et aux autres femmes ? Ne lisons jamais cet évangile en vitesse, ne pensons pas que nous le connaissons par cœur ! Point. À la ligne. Restons avec le Seigneur, contemplons Marie sous la croix, méditons sur Jean et les autres femmes.

Vous l’avez remarqué : la Croix révèle également la fidélité de Jésus à nous, car nous ne pouvons pas nous débarrasser de nos croix et prendre la fuite devant elles. Regardez le corona : voulez-vous fuir devant lui ? Vers où ? Il vous attendra !

Il en est de même avec les autres vicissitudes de la vie. Nous ne pouvons pas les ignorer. Mais depuis Golgotha nous savons aussi que, si nos croix se dressent dans nos vies, celle du Christ s’y trouve déjà, car il est resté avec nous jusque dans la mort.

Chers amis,

L’Église du Christ se construit avec celles et ceux qui restent auprès de lui.

Ne nous trompons pas ! Pensez-vous vraiment que toutes les places seront à nouveau occupées à la Maison de Dieu, une fois que la crise sera plus ou moins surmontée et les églises ouvertes ?

Rester ou bien s’en aller, c’était depuis toujours la décision qu’il fallait prendre envers la personne du Christ. Celui qui décide de rester trouvera la vie, il marchera dans la lumière, il aura part à la résurrection du Christ, il vivra en communion avec Marie et les autres disciples. Celui qui reste aura la vie. Quelle promesse de bonheur ! Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu