lb fr pt en
Priedegten  
7. Mee 2020

„Tibi servire“ – Dir ze déngen (Devise vum Mgr. Jean Hengen)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (7. Mee 2020)

Hinführung

Gott rief zu allen Zeiten immer wieder Menschen in seinen Dienst und ermutigte sie, das Alte hinter sich zu lassen, um so zu neuen Ufern aufzubrechen und einen Neuanfang im Leben und im Glauben zu wagen. Der gleiche Ruf verbunden mit der göttlichen Ermutigung ergeht auch heute an uns. In der vierten Oktavpredigt gehen wir der Frage nach, was diese Ermutigung zum Neuanfang für unser Christ-Sein in der heutigen Kirche bedeuten kann und wie wir vor allem in unseren neuen Pfarreien konkret gemeinsam Kirche sein können.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

D’Geschicht, déi haut am Mëttelpunkt vum Evangelium steet, ass eng Beruffungsgeschicht. Et geet – esou hu mir héieren – ëm de Péitrus a seng Frënn – ëm déi alleréischt Jünger an der Nofolleg vu Jesus Christus. Schonns beim Liese gëtt däitlech: De Wee vun der Nofolleg ass kee Spazéiergang. Éischter geet et drëms alles hannert sech ze loossen; Famill, Beruff an all Sécherheeten opzeginn an an d’Ongewëssheet opzebriechen. Datt dat duerchaus eng Iwwerfuerderung duerchstelle kann, ass méi wéi verständlech. Dofir encouragéiert Jesus de Péitrus a seet: „Fürchte dich nicht.“ – „Fäert net!“

Dëst Encouragement „Fäert net“, begéine mir net nëmmen hei beim Péitrus. Mee 70 mol ass dës Ausso an der Bibel ze fannen. Mir begéinen hir beim Abraham, deen am héijen Alter opbrieche soll an e friemt Land, dat Gott him weise wäert. De Jeremia kritt se gesot an dee Moment, wou Gott hien zu sengem Prophéit mécht, obwuel hie sech nach vill ze vill jonk dofir fillt. An och Maria héiert dëst „Fäert net“ vum Engel Gabriel, deen hir matdeelt, datt si d’Mamm vum Erléiser soll ginn. „Fäert net!“, en Encouragement vu Gott selwer, deen de Mënsch erwielt an dësem eppes zoutraut; en Encouragement vu Gott, fir en Opbroch, en neien Ufank.

Léif Leit,

„Fäert net“, seet Gott och haut zu äis. „Fäert net, du gëss gebraucht. Ech hunn dech erwielt, an trauen dir eppes zou! Fäert net, d’Kierch brauch dech – an zwar konkret do, wou s du wunns an denger Par!“

Vill kennen noch eng Zäit, an där alles aneschters war: kleng iwwerschaubar Paren, voll Kierchen, all sonndes wéinstens eng Mass an der Duerfkierch. Et gouf kuerz Weeër bis zum jeweilege Paschtouer, deen zu all Moment erreechbar war. An haut? Villes huet geännert – net zuletzt well d’Zuel vun de Priister an de Beruffunge staark zréckgaangen ass. Mat all de Verännerungen – och den neie Parstrukturen – eens ze ginn, fält villen net liicht a si traueren der Vergaangenheet no. Bei villen Neierungen héiert een dann och an der Par: „Fréier war alles besser!“ Oder: „Net dat doten och nach, dat war nach ni esou!“ Novollzéibar Äusserungen, déi eng gewëss Flemm, Onzefriddenheet a Frustratioun zum Ausdrock bréngen. A genee an déi Situatioun eran, rifft Jesus Christus äis zou: „Fäert net!“ – „Fäert net, déi Neierunge grad an de Paren unzehuelen, frësche Wand zouzeloossen. Maacht et wéi de Péitrus oder den Abraham, loosst dat Alt hannert iech a stellt iech der neier Situatioun.“ Mat deem Encouragement vu Jesus Christus hu mir dach d’Kraaft, nei opbriechen a grad eis Pare mat de verschiddenen Dierfer nei zum Bléie ze bréngen. Grad an der Par an am Parliewe weist sech wat et heescht: „Zesumme Kierch sinn“. A sengem apostolesche Schreiwes Evangelii gaudium, seet eise Poopst Franziskus: „Die Pfarrei ist eine kirchliche Präsenz im Territorium, ein Bereich des Hörens des Wortes Gottes, des Wachstums des christlichen Lebens, des Dialogs, der Verkündigung, der großherzigen Nächstenliebe, der Anbetung und der liturgischen Feier. Durch all ihre Aktivitäten ermutigt und formt die Pfarrei ihre Mitglieder, damit sie aktiv Handelnde in der Evangelisierung sind. Sie ist eine Gemeinde der Gemeinschaft, ein Heiligtum, wo die Durstigen zum Trinken kommen, um ihren Weg fortzusetzen, und ein Zentrum ständiger missionarischer Aussendung.” (EG 28) Wa mir dës Wierder vum Poopst bedenken an eescht huelen, dann däerfe mir – trotz aller verständlecher Flemm an negativen Erfarungen aus der lescht – eis Hänn net an de Schouss leeën. Mir mussen opstoen, aus der Frustratioun oder dem Schlof vun der Gläichgültegkeet erwächen, a voller Courage fest an iwwerzeegend bekennen: „Här, fir deng Kierch, konkret a menger Par, wëll ech mech engagéieren.” „Tibi servire“ – „Dir ze déngen, o Här, solle meng Freed a mäin Zil sinn.“ D’Bëschofsdevise vum Mgr. Jean Hengen, eisem 6. Diözesanbëschof an éischten Äerzbëschof, ass also méi wéi je aktuell!

„Tibi servire“. Dës Devise gëllt fir all Chrëscht, deem de Glawen, d’Kierch, jo konkret seng Par wichteg sinn. D’Verkënnegung vum Evangelium, vum Glawen der Hoffnung an der Léift kënnen net einfach u Spezialisten – Kleriker, Uerdensleit, haaptamtlech Laien – delegéiert ginn, nom Motto: Si gi jo dofir bezuelt! All Chrëscht ass hei gefuerdert. All Gedeeften a Gefirmten – all Laien – dréit seng Responsabilitéit – zesumme mat de geweiten Amtsträger.

An deem Kontext e klengen, vläicht op den éischte Bléck seltsame Verglach vum Hans Urs von Balthasar. Mat dem altertümleche Bild vum kämpfende Ritter, dee vu sengem Waffenträger begleet gëtt, beschreift hien d’Verhältnis tëschent Laien a Klerus. Kämpfe muss de Ritter – säi Waffenträger kann him nëmmen d’Waffe reechen, déi de Ritter am néideste brauch. D’Bild ass zwar zimlech militaristesch, trëfft d’Saach awer genee. Éischtens seet et äis: D’Laien – also déi gedeeften a gefirmte Chrëschten – hunn d’Liicht vum Evangelium an der Welt an an der Kierch zum Liichten ze bréngen. Si kämpfe gewëssermoossen an den Erausfuerderunge vum Alldag, a Beruff, a Famill. De Klerus, d’Diakonen, d’Priister an d’Bëscheef – och de Poopst – kënnen hinnen dofir just d’„Waffe“ reechen, hinnen dat néidegst „Handwierksgeschier“ mat op de Wee ginn, fir als Chrëschten an der Welt hire Mann, resp. hir Fra, kënnen ze stoen. D’Bild seet äis awer och zweetens: De kämpfende Ritter ka sech net hannert sengem Waffenträger verstoppen. Hien ass gefrot, mat sengem Glawensmut, senger missionarescher Phantasie a senger ganz perséinlecher Léift zu Christus. „Dat ass“ – esou sot de fréieren Erfurter Bëschof Joachim Wanke „dat richtegt Verhältnis tëschent Klerus a Gedeeften, „wobei ich aus eigener seelsorglicher und kirchlicher Praxis weiß, dass das leider nicht immer so gesehen wird. Es gibt Knappen, die machen sich wichtiger als die Ritter, oder sie meinen gar, sie könnten allein die Schlacht schlagen.“ Ech woen ze soen, de Géigendeel ass och muenchmol de Fall.

Sécherlech fält et net liicht kierchlech, dacks kulturell, geschichtlech Rollebiller ze iwwerwannen. Wëlle mir „zesumme Kierch sinn“, an dat „Zesummen“ och an eise Pare konkret liewen, da musse mir all – Laien a Klerus – äis bewosst sinn, datt mir äis géigesäiteg brauchen, äis ergänzen, keen iwwert oder ënnert deem anere steet, awer jiddwereen déi Roll anzehuelen huet, déi him zousteet. Déi däitsch Bëscheef drécken et esou aus: „Nur gemeinsam und in gegenseitiger Verwiesenheit und Angewiesenheit können Priester und Laien, Frauen und Männer die Sendung der Kirche erfüllen, Zeugnis zu geben vom Evangelium und diakonisch die Liebe des Herrn zu vergegenwärtigen.“

Léif Leit,

Ech dreeme vun enger Kierch, wou „Ritter“ a „Waffenträger“ a géigesäitegem Respekt zesummestinn. Ech dreeme vu Paren, wou Laien a Priister op gläicher Aenhéicht zesummeschaffen, wou eng Kultur vu Vertrauen an dem Verzeie virherrscht, wou d’Dialogbereetschaft gepfleegt gëtt, wou och mol konstruktiv diskutéiert oder fair gestridde gëtt, wou awer och matenee gelaacht gëtt, den Humor net am Tirang verfault, a wou net all Wuert an all Kommentar op d’Goldwo geluecht ginn. Ech dreeme virun allem vu Paren, wou nees Jesus Christus a seng Botschaft am Virdergrond stinn, an net déi onzieleg Diskussiounen iwwer Finanzen a Kierchegebaier. Ech dreeme vu liewege Paren, wou zesumme Kierch gelieft a praktizéiert gëtt, andeems Haaptamtlech, Klerus a Laien hir Verantwortung iwwerhuelen, wou d’Engagement vun de Bénévolen – sief et an der Liturgie, der Katechees, der Diakonie, der Kanner-, Jugend-, Kranken-, Alten- a Begriefnespastoral, eise Pargremien a Veräiner geuecht, gefërdert a revaloriséiert gëtt.

E groussen Dram. Mee wéi sot schonns de Friedensreich Hundertwasser oder den Dom Helder Camara: „Wenn einer allein träumt, ist es nur ein Traum. Wenn viele gemeinsam träumen, ist das der Anfang einer neuen Wirklichkeit.”

Kommt mir dreemen zesummen a loossen deen Dram Realitéit ginn. Woe mir an eise Paren am Jubiläumsjoer en neien Opbroch. Den Härgott brauch äis an traut et äis zou! „Fäert net!“. Setze mir an eise Paren en neien Ufank mat a fir Christus, mat sengem a fir säin Evangelium, mat de Mënschen a fir d’Mënschen. „Tibi servire“ – „Dir ze déngen, Här“, dat huele mir äis zesumme vir, mat Freed a Courage. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu