lb fr pt en
Priedegten  
12. Mee 2020

„Pax et veritas“ – Fridden a Wourecht (Devise vum Mgr. Jean-Joseph Koppes)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (12. Mee 2020)

Hinführung

Was ist Frieden und was verstehen wir normalerweise unter diesem Begriff? Was bedeutet Wahrheit für uns Christen? Darf man heute überhaupt noch von ‚der Wahrheit‘ reden? Die neunte Oktavpredigt geht von diesen Fragen aus und versucht aus christlicher Perspektive eine Antwort zu geben. Dabei werden wir zu einem interessanten Ergebnis geführt, welches uns Konsequenzen aufzeigt, sowohl für unser Leben und Glaubenszeugnis als auch für die Weitergabe unseres Glaubens an die kommende Generation.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

„Pax et veritas“ – „Fridden a Wourecht“. Dës zwee Wierder hat de Mgr. Jean-Joseph Koppes, eisen zweeten Diözesanbëschof, sech iwwert säin Episkopat gesat. Zwee kleng Wierder, déi et a sech hunn. Kucke mir äis se mol kuerz un.

„Pax“ – „Fridden“: Wat ass Fridden? Den däitschen Duden gëtt ënner anerem dës Definitiounen: Fridden ass en „Zustand des inner- oder zwischenstaatlichen Zusammenlebens in Ruhe und Sicherheit“ an en „Zustand der Eintracht, der Harmonie“. Domadden ass wuel dat ausgedréckt, wat vill vun äis ënner Fridde verstinn. Fridden ass awer méi wéi de Géigesaz zu Krich, Onrou, a Sträit, en Zoustand, dee mir all erhoffen an ersehnen, besonnesch fir déi Gebidder vun eiser Welt, wou et alles aneschters wéi friddlech zougeet, wou vu Rou, Sécherheet an Harmonie wéineg ze gesinn an ze spieren ass.

Fridden heescht méi. Dat hebräescht Wuert fir Fridden „Schalom“ weist äis et. Schalom bedeit Gebuergenheet, Heel, en Zoustand, wou et Mënsch an Natur gutt geet, an deem Sécherheet an Uerdnung herrschen a Schwaacher Ënnerstëtzung fannen. Konkret mengt Schalom dat, wat d’Mënschen duerch d’Handelen an d’Wierke vu Jesus Christus erfuer a geschenkt kritt hunn. A genee ëm esou e Fridden, dee Christus äis virgelieft huet, hunn och mir äis mat alle Kräften a mat vollem Engagement ze beméien. Wéi seet de Psalm 34: „Suche Frieden und jage ihm nach.“ (Ps 34,15) En Optrag, deen et a sech huet, deen awer fir äis heellos a friddlos Zäit onëmgänglech ass.

Schwenke mir iwwer zur „Wourecht“ – „Veritas“: Wat ass Wourecht? De Pontius Pilatus stellt genee dës Fro dem Jesus um Enn vum Verhéier. Esou wéi de Pilatus se stellt, ass et éischter eng offälleg an zynesch Fro, vläicht esouguer eng Fro voller Resignatioun: „Wat soll dat schonns sinn, d’Wourecht?“ Wou kann ee se fannen? Wann een hir begéint, dann ass se dach mat Iertum, Ligen a Fake-News vermëscht, datt vun hir selwer net méi vill iwwereg bleift. U sech huet de Pilatus guer net esou onrecht. D’Wourecht ass schwéier an eiser Welt ze erkennen. Dobäi kënnt, datt d’Fro no der Wourecht hautdesdaags och bei ville verpönt ass. Wëll ee gesellschaftsfäeg sinn, dann däerf ee se an eiser pluralistescher Welt mol net méi stellen. D’Bekenntnis zur Toleranz zwéngt d’Mënsche gewëssermoossen dozou, all Meenungen, Opfaassungen an och Reflektiounen iwwert de Mënsch an de Sënn vum Liewen als gläichberechtegt unzegesinn. Mee, wann alles gläich gülteg ass, dann ass letztlech alles gläichgülteg. Da lount et sech och net méi eng fest Positioun ze bezéien an ze verteidegen. A wie sech traut, eng kloer Meenung a Positioun ze hunn, deen ass ganz séier dem Virworf vun der Intoleranz ausgesat. Dat geet äis an eiser Kierch net vill besser. Wéinst dem léiwe Fridden, verwässere mir eis Aussoen – och Glawensaussoen – a vermeiden dacks kloer Positiounen ze bezéien. Wonnere mir äis deemno net, datt mir bei villen – grad bei Jonken – onattraktiv ginn. Aus Gespréicher mat Jugendleche weess ech: Vill maache sech Gedanken iwwert existentiell Froen an de Sënn vum Liewen a sichen no kloer an däitlechen Äntwerten – Äntwerten, déi si bäi äis awer dacks net méi fannen. Esou lafe se op de grousse Maart vun de reliéisen Angeboter a sichen do. Dobäi picke si sech iwwerall dat eraus, wat hinne grad gefält. Patchworkreligiositéit nennt een dat. Bësse Buddhismus, eng Prise Chrëschtentum a schliisslech nach e puer esotheresch Elementer, a schonns ass de reliéise Menü zesummegestallt. Hei stellt sech da schliisslech och guer net méi d’Fro, ob dat alles wouer ass. Esou eng selwer zesummegestallte Religiositéit ass letztlech onverbindlech a stellt och keng Fuerderungen un de Mënsch. Si kann awer och letztendlech dem Mënsch a senger Sich nom Sënn vum Liewe keng Orientéierung ginn a wäert sech schwéierlech an de Krise vum Liewe bewäre kënnen.

Wéi provozéirend kléngen an deem Kontext d’Wierder vum Jesus, dee vu sech gesot huet: „Ech sinn de Wee an d’Wourecht an d’Liewen.“ (Joh 14,6a) „Wat ass Wourecht?“ Jesus Christus selwer gëtt hei d’Äntwert. Ouni wëllen intolerant oder arrogant ze kléngen a wierklech am Respekt vis-à-vis vun anere Meenungen an Opfaassungen, musse mir jo awer als Chrëschte fest bekennen, datt fir äis d’Wourecht en Numm huet: Jesus Christus, de Gekräizegten an Operstanenen.

Léif Leit.

„Pax et veritas“ – „Fridden a Wourecht“. D’Analys vu béide Wierder huet äis bei Christus gefouert. Ech betounen: Christus! Mir liewen – wéi schonns erwänt – an enger Zäit mat ville Sënnangeboter. Christus hänkt gewëssermoossen um Kräiz niewent dem Buddha an de Räucherstäbecher, déi um Regal stinn. Gläichzäiteg erliewe mir an eiser Gesellschaft och eng verstäerkten Indifferenz géinteniwwer Christus an der Kierch. Alles schéint méi wichteg wéi Christus an d’Kierch. Ech denke grad eis Titularkatecheetinnen a Katecheete wësse vu wat ech schwätzen. Fräizäitaktivitéiten a Sport gi méi héich agestuuft wéi d’Relioun. D’Fro no Christus gëtt zweetrangeg. Wéi kënne mir dësem Trend no ënne begéinen? Wat kënne mir der Christus-Indifferenz an dem Glawensverloscht entgéint setzen. D’Zäite, wou mir d’Glawenserzéiung op de Reliounsunterricht ofwälze konnte sinn eriwwer. Dat kann een elo bedaueren. An et ass och bedauernswäert. Mee ech denken, d’Zäit vun der Trauer ëm de Verloscht vum Reliounsunterricht an eise Schoule misst endlech eriwwer sinn. „Zesummen als Kierch“ sollte mir elo alleguerten nei Energie bündelen, fir der zukünfteger Generatioun eng adequat Glawensvermëttlung ze garantéieren an esou d’Fro no Jesus Christus nees zu enger Fro vum Liewen ze maachen. Vill Positives geschitt op deem Gebitt an der Catechèse en paroisse. Mee, och déi beschte Katechees kann net vill bewierken, wann am Elterenhaus d’Glawensfundament net geluecht an d’Fro nom Jesus net ab und zu erörtert ginn. „Die Keimzelle des gemeinsamen Lebens, die Familie, ist der prädestinierte Ort, um nicht nur miteinander aufzuwachsen und aneinander zu reifen, sondern auch den Glauben zu leben und ihm eine Gestalt zu geben!“ – esou dréckt et de fréiere Freiburger Äerzbëschof Robert Zollitsch aus. Mir brauchen nees Familljen, déi lieweg Zelle vun eisem Glawe sinn, wou eng freedeg Bezéiung zu Christus gelieft a virgelieft gëtt, wou am familiären Zesummeliewen de „Schalom“ vu Christus sichtbar a spierbar gëtt. Mir brauche Familljen, wou d’Verspriechen zur Glawenserzéiung a Glawensvermëttlung, dat d’Eltere bei der Daf vun hire Kanner ginn hunn, wierklech e Versprieche war a kee Ver-Spriechen: Eng Promesse a kee Lapsus.

Léif Leit.

A senger Priedegt vum 9. September 2016 erzielt de Poopst Franziskus vun enger fir eis Thematik net irrelevanter Begéinung. Bei engem Mëttegiesse mat Jugendlechen – am Kader vun de Weltjugenddeeg zu Krakau – huet e Jonken de Poopst gefrot, wat hie sengem atheistesche Kolleg soe soll, fir datt dësen zum Glawe kënnt. An de Poopst äntwert: „Höre, das allerletzte, was du tun darfst, ist, dass du ihm etwas sagst! Fang damit an, etwas zu tun, so wird er sehen, was du tust und wird dir Fragen stellen; und wenn er dir Fragen stellt, dann kannst du sprechen. […] Das Evangelisieren besteht darin, dieses Zeugnis abzulegen: ich lebe so, weil ich an Jesus Christus glaube; ich wecke in dir die Neugier, so dass du fragst: ‚aber warum tust du diese Dinge?‘ Und die Antwort des Christen müsse folgendermaßen lauten: ‚Weil ich an Jesus Christus glaube und Jesus Christus verkündige, und zwar nicht nur durch das Wort […] sondern vor allem durch mein Leben.‘“. Zeechnes fir Christus geschitt deemno duerch eist Liewen. Mir sinn déi eenzeg Bibel, déi haut nach gelies gëtt. Vläicht ass et genee dat Zeechnes, wat eis haiteg vu Sënnangeboter iwwerschwemmten a villfach heellos Welt brauch: Chrëschten, déi mat Radikalitéit an Entschlossenheet, awer net mat Fanatismus an och ouni anerer ze veruertdeelen oder sech iwwert se ze erhiewen, an der Nofolleg vu Christus stinn an esou eis Zäitgenossen zum Nodenke stimuléieren. „Zeugen können nie überzeugt genug sein, wenn sie andere Menschen von der Wahrheit ihres Glaubens überzeugen wollen.“ – seet de Kardinol Kurt Koch. Mee, si mir wierklech iwwerzeegte Chrëschten oder stëmmt ieren de Saz vum Georges Bernanos: „Das große Unglück dieser Welt, der große Jammer dieser Zeit, ist nicht, dass es Gottlose gibt, sondern dass wir so mittelmäßige Christen sind.“?

Léif Leit.

A sengem ‚Regina-Coeli-Gebiet‘ vum 22. Abrëll 2018 warnt de Poopst Franziskus: „Wenn in unseren Gemeinden der Wunsch abkühlt, die Beziehung mit Jesus zu leben, seine Stimme zu hören und ihm treu zu folgen, ist es unvermeidbar, dass sich andere Denk- und Lebensarten durchsetzen, die nicht mit dem Evangelium übereinstimmen.“ Hie rifft äis deemno op, eis Bezéiung zu Christus net ofkillen ze loossen, mee äis nei un dee liewege Christus ze bannen, eis Relatioun mat him ze iwwerdenken an äis zu him ze bekéieren, fir ebe keng „mëttelméisseg Chrëschten“ an enger kaler Kierch ze sinn, mee iwwerzeegten an entschlosse Chrëschten ze ginn an enger offener a waarmer Kierch, déi Freed ausstraalt a sech fir Fridden an all senge Formen asetzt, déi de Mënsche vun haut e wierklecht liewenswäert Sënnangebot ubitt an Zeechnes ofleet fir Christus, deen de Wee, d’Wourecht an d’Liewen ass; eng Kierch, wou et sech lount Chrëscht ze sinn an an der Nofolleg vu Christus ze stoen, fir esou an der Welt vun haut säin Ambassadeur a Verfechter ze si vu Fridden a Wourecht – vun „Pax et veritas“. Bleiwe mir Christus trei, da sti mir op festem Fundament a kënnen e Fiels an der Brandung an eiser pluralistescher an zum Deel friddloser Zäit sinn. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu