lb fr pt en
Priedegten  
11. Mee 2020

„Pro animabus vestris“ – Fir är Séilen (Devise vum Mgr. Joseph Philippe)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (11. Mee 2020)

Hinführung

Sowohl die immer grösser werdenden Probleme in der Welt als auch die aufkommenden ungesunden Tendenzen in unserer Gesellschaft dürfen von uns als Kirche nicht ignoriert werden. Wir Christen leben nicht als weltfremde Sonderlinge in der Welt, sondern mitten in einer konkreten Gesellschaft, in der wir das Recht und die Pflicht haben, bei Missständen unsere Stimme zu erheben. In der achten Oktavpredigt werden wir daher der Frage nachgehen, welche Verantwortung wir als Christen in der heutigen Gesellschaft haben.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

„Pro animabus vestris“ – „Fir är Séilen“. Eise 4. Diözesanbëschof, de Mgr. Joseph Philippe, hat sech dëse Saz als Bëschofsdevise gewielt. E staamt aus dem 13. Kapitel vum Hebräerbréif. Do steet – mir hunn et grad an der Liesung héieren: „Die Vorsteher wachen über eure Seelen.“ D’Bibel ‚Gute Nachricht‘ formuléiert et méi verständlech: „Die Aufgabe [der Gemeindeleiter] ist es, über euch zu wachen.“ Domadde gëtt kloer: D’Aufgab vun de „Vorsteher“ ass: Oppassen, opmierksam sinn, Verantwortung droen iwwert déi, déi engem uvertraut sinn. Ech ka mir virstellen, datt de Mgr. Philippe dëse Vers aus dem Hebräerbréif net ouni Grond iwwer säin Episkopat gesat hat. Wéi hien 1935 Bëschof vu Lëtzebuerg gouf, do sinn op där anerer Muselsäit schonns däischter Wolleken opgezunn. An den 10. Mee 1940 – gëschter viru genee 80 Joer – sollten dës Wolleke Lëtzebuerg erreechen. Däitsch Truppe sinn amarschéiert an hunn d’Land iwwerfall. Fir 5 Joer sollt eis Heemecht an eis Kierch ënnert dem Terror vun Nazidäitschland ze leiden hunn. Dem verantwortungsvollen a virsichtegen Handele vum Mgr. Philippe war et ze verdanken, datt d’reliéist-kierchlecht Liewen, dat an de Krichsjoren nëmmen an ageschränktem Moss funktionnéiert huet, net total ënnert d’Rieder koum. „Pro animabus vestris“ – „Fir är Séilen“ De Bëschof Philippe huet senger Devise all Éier gemaach, an huet iwwert déi him uvertrauten Häerd Wuecht gehalen.

Léif Leit,

„Pro animabus vestris“: Wa mir „zesumme Kierch wëlle sinn“, da komme mir an eiser Zäit net derlanscht dee Saz méi breet ze fächeren. D’Aufgab fir d’Wuel vun de Mënschen zu suergen, däerfe mir net nëmme méi eisen aktuelle „Vorsteher“, sief et Bëscheef, Priister oder aneren an der Seelsorg Verantwortlechen iwwerloossen. Als Kierch droe mir alleguerte Verantwortung ee fir deen aneren a fir eis Matmënschen. Ech betoune bewosst „fir äis Matmënschen“, net eleng „fir äis Matchrëschten“!

Mir hunn déi grouss Chance an engem Land ze liewen, wou et bis elo nach zimlech friddlech zougaangen ass an zougeet. Kucke mir awer iwwer eise klenge Lëtzebuerger Tellerrand eraus, da gesäit et ronderëm äis net esou rooseg aus. Hunn d’europäesch Politiker no de mäerderesche Jore vum Zweete Weltkrich mat alle Kräfte versicht, al Feindschaften ze iwwerwannen, Grenzen ofzebauen an d’Gemeinsamkeeten ze stäerken, esou ass haut de Projet vun der europäeschrer Eenegung neie Spannungen ausgesat. Vill Memberstaate kucke just nach op hir eegen Interesse, fänken u sech ofzeschotten a maachen hir anfänglech Droung d’EU ze verloosse wouer: De Brexit an d’Verhale beim Ophuele vu Flüchtlingen oder och an der Coronakris weisen äis et däitlech! Et si politesch onroueg Zäiten.

An domadden net genuch: Eis ganz Welt schéint instabil ze sinn: Praktesch keen Dag vergeet ouni Biller an Noriichte vu Gewalt an Terror. Op ville Plaze schlummeren ënnert der gesellschaftlecher Uewerfläch rietsextremistesch an nationalistesch Tendenzen! Erschreckend Aussoen a fragwürdeg Opfaassunge verschafe sech lues a lues Gehéier, an implantéiere sech als gesellschaftsfäeg an der politescher Landschaft. Antisemitismus fänkt nees u sech breet ze maachen. Den Holocaust gëtt verharmloost; schlëmmer nach, als historesch Onwourecht dohigestallt. Menscherechter a Meenungsfräiheet gi villfach mat Féiss getrëppelt. Diskriminatioun opgrond vun Hautfaarf, Origine, Relioun oder Liewensbedingungen, wéi och Rassismus huelen zou – am reale Liewen, wéi och am virtuellen. Et brauch ee just verschidde Kommentaren op de sozialen Netzwierker ze liesen. Do kënnt een un d’Schudderen. Hu mir aus den Erfarunge vum Zweete Weltkrich, 75 Joer no sengem Enn, näischt bäigeléiert?

Dat alles däerf äis als Kierch an als Chrëschten net kal loossen. Schliisslech geet et bei all deem ëmmer ëm Mënschen. Hei sti mir an der Verantwortung. „Pro animabus vestris.“ Fridden, Gerechtegkeet a Solidaritéit däerfe keng Floskele bleiwen. Si fuerderen eise konkreten Asaz. Oder wéi de Poopst Franziskus et a senger Botschaft fir de Weltfriddensdag vun dësem Joer formuléiert huet: „Die Welt braucht keine leeren Worte, sondern glaubwürdige Zeugen, Handwerker des Friedens.“

Léif Leit,

„Pro animabus vestris“: Och um gesellschaftspolitesche Plang komme mir als Kierch net derlanscht eis Verantwortung ze iwwerhuelen an äis fir d’Wuel vun de Matmënschen anzesetzen. Grad do, wou et ëm de Mënsch, seng mënschlech Würd a Wäerter geet, musse mir eise kierchleche Positiounen Gehéier verschafen. „‘Si nous nous taisons, les pierres crieront’ (cf. Lc 9,40). Après avoir commencé à détruire la planète, allons-nous laisser défigurer notre humanité ? Qui osera élever la voix ?“ [1] freet den Äerzbëschof vu Paräis, de Mgr. Michel Aupetit. A weider: „Comment se fait-il que notre société si soucieuse, à juste titre, du respect de l’écologie pour la planète, le soit si peu quand il s’agit de l’humanité ?“ [2] Ofdreiwung, Embryonefuerschung oder Euthanasie si keng abstrakt a just medezinesch Themen! Och hei geet et konkret ëm de Mënsch an d’mënschlecht Liewen. Et gëllt deemno nach ëmmer, wat den hellege Poopst Jean-Paul II. 1995 a senger Enzyklika Evangelium vitae geschriwwen huet: „Jeder Mensch ist auf Grund des Geheimnisses vom fleischgewordenen Wort Gottes (vgl. Joh 1,14) der mütterlichen Sorge der Kirche anvertraut. Darum muß jede Bedrohung der Würde und des Lebens des Menschen eine Reaktion im Herzen der Kirche auslösen, sie muß sie im Zentrum ihres Glaubens an die erlösende Menschwerdung des Gottessohnes treffen, sie muß sie miteinbeziehen in ihren Auftrag, in der ganzen Welt und allen Geschöpfen das Evangelium vom Leben zu verkünden.“ (EV 3) Als Ebenbild vu Gott, kënnt dem Mënsch – vu senger Empfängnis bis zu sengem Doud – eng him eege Würd an en unverfügbaren Eegewäert zou. A seng mënschlech Würd verbitt et, iwwert hien eegemächteg ze verfügen, a säi Liewen anzegräifen oder him d’Liewen ze huelen. Gott eleng ass Schëpfer, Bewarer a Vollender vum Liewen. „Zesumme Kierch sinn“ heescht och, gemeinsam Partei fir d’Liewen ze ergräifen.

Léif Leit,

Wéi ech dës Iwwerleeungen iwwert d’mënschlech Würd niddergeschriwwen hunn, ass mir d’Leed vu ville Mënschen an de Sënn komm – Leed, dat duerch Vertrieder vun eiser Kierch verursaacht gouf. Déi leschte Joren hu schrecklech Feeler a skandaléis Verhalensweisen un d’Dagesliicht bruecht. Dofir soll kloer gesot ginn: All Form vu Mëssbrauch ass ze veruertdeelen, well all Mëssbrauch stellt eng déifgräifend Verletzung vun der mënschlecher Würd an der Perséinlechkeet duer. An all dëse Fäll stoung net d’Wuel vum Matmënsch am Virdergrond. Iwwert dës „Séilen“ gouf net gewaacht, mee mat falsch verstanener Autoritéit verfügt. Mat Bedaueren an dem Agestoe vu der Sëndhaftegkeet vun eiser Kierch a verschiddene kierchleche Vertrieder musse mir mam Kardinol Walter Kasper demüteg gestoen: „Ohne Zweifel ist nicht alles, was die Kirche in ihrer empirischen Gestalt ist, auch Ausdruck des Evangeliums. Es gibt auch das Unchristliche und Antichristliche in der Kirche, welches nicht Zeugnis für das Evangelium, sondern Gegenzeugnis zum Evangelium ist.“ „Zesumme Kierch sinn“ heescht fir mech och, gemeinsam opmierksam sinn an alles Mënschenerdenkleches maachen, fir datt esou Virfäll sech net méi widderhuelen.

Léif Leit,

„Pro animabus vestris“: Et ass e Saz mat engem héijen Usproch, well Responsabilitéit fir anerer iwwerhuelen, erfuerdert grousse perséinlechen Asaz, bei deem mir ganz séier kinnten opginn, well mir äis där Aufgab net gewuess fillen. An deem Fall ass et wichteg sech drop ze besënnen, datt mir als Chrëschten ni eleng dostinn: Den Härgott schenkt äis Kraaft. Mat him un eiser Säit schaffe mir et! Dorops vertrauen ech voll a ganz. Ech hoffen, dir och! „Dem, der gemäß der Macht, die in uns wirkt, unendlich viel mehr tun kann, als wir erbitten oder erkennen, ihm sei die Herrlichkeit in der Kirche und in Christus Jesus bis in alle Generationen für ewige Zeiten. Amen.“ (Eph 3,20-21)


[1Aupetit Michel, Communiqué sur le projet de loi bioéthique, 15 janvier 2020.

[2Idem.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu