lb fr pt en
Priedegten  
13. Mee 2020

„Succure miseris“ – Komm de Bedürftegen zur Hëllef (Devise vum Mgr. Nicolas Adames)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (13. Mee 2020)

Hinführung

Luxemburg gehört zu den reichsten Ländern der Erde. Doch nicht alle haben das Glück am Reichtum teilhaben zu dürfen. Auch in unserem Land gibt es Notleidende und Bedürftige. Die zehnte Oktavpredigt versucht diese unsere Mitmenschen in ihrer oft verzweifelten Lage in den Blick zu nehmen und geht der Frage nach der Verantwortung unsere Kirche den ‚Armen unserer Zeit‘ gegenüber nach. Wie weit leben wir das Liebesgebot Jesu und versuchen das gesellschaftliche Zusammenleben wärmer und solidarischer zu gestalten?

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

„Succure miseris“: De Wopesproch vun eisem éischte Bëschof, dem Mgr. Nicolas Adames, ass geholl aus der Marienantiphon, déi bis zur Liturgiereform fir d’Vesper vum 5. August, dem Weiedag vun der réimescher Basilika Santa Maria Maggiore, virgesi war. E lenkt eise Bléck direkt op Maria, eis Tréischterin. Si froe mir nämlech an där Antiphon: „Sancta Maria, succure miseris“ – „Helleg Maria, komm de Bedürftegen zur Hëllef“. Schenk deenen deng Hëllef, déi a Nout sinn. Kann een haut nach esou bieden? Nout?

„Lëtzebuerg – eisem Land – geet et gutt!“ Dës an ähnlech Aussoen vu Säiten vun der Politik hu mir dach bis elo ëmmer gesot kritt. Sécherlech war hir Siicht op eist Land net falsch. Wirtschaftlech ass et äis jo bis elo och net schlecht gaangen. Eis Finanzen stinn op stabile Féiss. Lëtzebuerg ass – esou nach viru kuerzen eng Ausso vum Finanzminister – gutt opgestallt. D’Economie huet och bis elo gutt gedréint – och wann se momentan duerch d’Coronakris eng Zwangspaus huet missen aleeën. Den Triple AAA schenkt äis nach ëmmer weltwäit Opmierksamkeet. A Lëtzebuerg zielt och nach ëmmer zu de räichste Länner op der Welt. Gleeft een enger Statistik vum leschte Joer, ass Lëtzebuerg esouguer dat räichste Land an Europa. Mir kënnen also frou an zefridde liewen – och wann d’Baustellen an de dagdeeglechen Trafik mam Stau, dee no Corona nees ufänke wäert, äis gehéierlech op d’Nerve ginn.

„Lëtzebuerg – eisem Land – geet et gutt!“ Hei gëtt et dach keng Nout! Economesch gesinn – trotz Virus – stëmmt et; grad am Verglach mat anere Länner. Mee Economie a Finanzen sinn net alles fir e Land. De Bléck op d’Situatioun vun engem Land däerf net eleng duerch de wirtschaftlech-finanzielle Brëll gekuckt ginn. Den eigentleche Räichtum vun engem Land sinn net d’Suen, mee d’Leit, déi hei wunnen, liewen a schaffen. A mam Bléck op si muss d’Fro grad elo erlaabt sinn: Geet et Lëtzebuerg wierklech gutt? Perséinlech Erfahrungen, Gespréicher a Noriichten weise mir en anert Bild.

Aarmut – oft ënnert den Teppech vun der gudder economescher Situatioun gekiert – ass och hei zu Lëtzebuerg e reelle Problem. Wann et och nach ville gutt geet, solle mir net vergiessen, datt etlech um Existenzminimum liewen an dacks net wëssen, wéi se iwwert d’Ronne komme sollen. Héich Wunneng- a Loyerspräisser droen och net grad positiv zur Liewenssituatioun vu ville bäi. Esou bleift bei villen um Enn vum Geld nach vill vum Mount iwwereg!

E weidert Problem ass de Chômage. Vun engem Dag op deen aneren ouni Schaff do ze stoen, dreift vill Leit net nëmmen an eng finanziell, mee dacks och an eng existenziell Kris. An enger Gesellschaft, wou sech alles nëmmen ëm d’Leeschtung an d’Wirtschaft ze dréine schéngt, verléieren der vill hiert Selbstwäertgefill. A vergiesse mir an deem Kontext net: D’Auswierkunge vun der Coronakris sinn och nach net richteg auszemaachen. Ouni grouss Prophéiten ze sinn, wësse mir all, datt de Chômage rapide klamme wäert, an datt esou muench Failliten op äis duerkommen, an nach etlech Leit a Famillen a finanziell Schwieregkeete stierze wäerten.

„Eisem Land geet et gutt.“ Wierklech? Wéi erkläre mir dann, d’Sënn- an d’Perspektivlosegkeet am Liewen, déi grad bei Jonken zouhëlt. Etlech briechen d’Schoul of. Anerer schlitteren an den Drogemilieu eran, dacks an der Hoffnung wéinstens do hiert vermeintlecht Gléck ze fannen. Net ze vergiessen d’Suiciden. D‘Zuel vun deenen, déi keen aneren Auswee méi wëssen, wéi hirem Liewe selwer en Enn ze setzen, ass erschreckend: 75 pro Joer laut engem Artikel vum Le Quotidien vun 2018 [1].

Desweidere konstatéieren ech mat Schrecken: d’Matmënschlechkeet – huet se och wärend der Coronakris nees zougeholl – killt dach am Allgemengen an eiser Gesellschaft of. Eis Spaass-Gesellschaft ass dacks gekennzeechent vun Individualismus, Jalousie a Profitgier. Mir wëllen alles, an zwar direkt. Erfolleg, Geld, Muecht an Afloss ginn als héchste Liewensziiler ugesinn. Dobäi ass et äis egal, datt mir net seelen op d’Käschte vun anere liewen. Schonns a sengem Hierdebréif vun 1969 huet de Bëschof Leo Lommel virun enger „Verkümmerung vun de Wäerter vum Häerz an der Matmënschlechkeet“ gewarnt [2]. Kucke mir ronderëm äis, da stelle mir fest, datt seng Warnung berechtegt war. Den Ëmgang mateneen ass rau ginn. Siche Friemer a Flüchtlingen bei äis eng nei Heemecht, ginn se schif a misstrauesch ugekuckt. Wou ass eis Matmënschlechkeet, wou sinn eis Wäerter wéi Léift an Akzeptanz hikomm? Huet Corona vläicht eppes geännert? Ech woen et ze beweifelen.

Léif Leit,

„Eisem Land geet et gutt.“ Och wa mir an eng Rezessioun opdriften an de Staatsdefizit e grousst Lach wäert kréien, wäerte mir duerch déi aktuell Kris gutt derduerchkommen – och wann et déier gëtt – esou déi politesch Verantwortlech. Dat ass sécher engersäits berouegent! Mee loosse mir äis net blende vun eise Finanzen oder dem nach wirtschaftleche Räichtum vun eisem Land. Et ass nach laang net alles Gold wat glänzt. Kucke mir méi déif an eis Gesellschaft, dann erkenne mir Suergen, Problemer an Zukunftsängscht; da begéine mir Mënschen, déi nëmmen e kléngt Stéck, bezéiungsweis guer kee Stéck vum Kuch vum Räichtum, ofkréien; da stelle mir fest, datt am Zesummeliewen dacks d’Matmënschlechkeet der Ieleboumentalitéit Plaz maache muss; da gesi mir Aarmer, Kranker, Jonker ouni Perspektiv, Flüchtlingen, Mënschen, déi vun Nout a Misär heemgesicht sinn an zu Bedürfteger vun eiser Zäit gi sinn. Fir si ruffe mir haut zu eiser Patréinesch: „Succure miseris“ – „Helleg Maria, komm de Bedürftegen zur Hëllef“.

Eise Kreesch zu Maria – ass en och nach esou haart a vertrauensvoll – geet eleng awer net duer. „Ora et labora“ – „Biet a schaff“! „Succure miseris“ däerf net nëmmen e frommt Gebiet bleiwen. „Zesumme Kierch sinn“ heescht, äis zesummen ze engagéiere fir Mënschen an Nout. Esou gi mir der Nächsteléift e konkret Gesiicht.

Gi mir – nom Wonsch vum Poopst Franziskus – un d’Peripherie vun eiser Gesellschaft an huele mir déi an de Bléck, déi op Hëllef an Zouwendung ugewise sinn. Vergiesse mir dobäi ni, deen anere Mënsch ass a bleift eise Brudder oder eis Schwëster, an him an an hir begéine mir Jesus Christus, eisen Här. „Was ihr für einen meiner geringsten Brüder, für eine meiner geringsten Schwestern, getan habt, das habt ihr mir getan.“ (Mt 25,40)

Baue mir – grad hei an eisem sougenannte räiche Lëtzebuerg – mat un enger Zivilisatioun vun der Léift, der sozialer Gerechtegkeet an der Solidaritéit, an hëllefe mir, datt Wäermt a Mënschlechkeet an eiser Gesellschaft nees opbléien.

Léif Leit,

„Eine Kirche, die nicht dient, dient zu nichts.“, sot sengerzäit de Mgr. Jacques Gaillot, de fréiere Bëschof vun Évreux. An hien huet bis haut recht. Den Déngscht um Nächsten, den Déngscht um Bedürftegen – d’Diakonie – ass eng vun de Grondfunktione vun eiser Kierch. „Der Liebesdienst ist für die Kirche nicht eine Art Wohlfahrtsaktivität, die man auch anderen überlassen könnte, sondern er gehört zu ihrem Wesen, ist unverzichtbarer Wesensausdruck ihrer selbst.” – schreift de Poopst Benedikt XVI. a senger Enzyklika Deus caritas est (DCE 25a). De Poopst Franziskus seet et méi einfach: „Diakonie ass eis Missioun.“ Dankbar solle mir sinn, fir all déi, déi där Missioun grad an de vergaangenen 150 Joer bei äis an der Diözees nokomm sinn. An der Onméiglechkeet se all ze nennen, denken ech awer zum Beispill un eis Schwësteregemeinschaften an d’Baarmhäerzeg Bridder, déi an de Spideeler, den Alters- a Fleegeheemer an an der ambulanter Fleeg sech dem Déngscht un eise kranken, behënnerten an eelere Leit verschriwwen haten an hunn. Ech denken un d’Membere vun der Caritas, déi op ville Plazen am In- an Ausland op villfälteg Aart a Weis Mënschen an Nout an Aarmut mat wäertvoller Ënnerstëtzung zur Säit stinn. Dankbar ze nennen, sinn och d’Initiatoren an all Mataarbechter a Mataarbechterinne vun der Initiativ „Reech eng Hand“, déi sech ëm den Accueil an d’Integratioun vun de Flüchlinge këmmeren, wéi och vum „Tricentenaire“, engem Wierk, dat wéi keen anert mat der Veréierung vun eiser Tréischterin verbonnen ass. Ech denke schliisslech un déi vill Persounen, déi an der Gesënnung vun eisen Uerdensgemeinschaften deenen hir Wierker weiderdroen a weiderféieren, an un all bénévol Fraen a Männer an de sozial-karitativen Institutiounen, Paren an Dierfer, déi sech op iergend eng Aart a Weis ëm Mënschen an Nout, ëm déi Bedürfteg vun eiser Zäit an och ëm Flüchtlinge këmmeren – dacks am Verbuergenen, ouni grouss wëllen an de Virdergrond ze trieden. Ech denken och un déi, déi an eiser aktueller Kris hiert Liewen an den Déngscht vun de Corona-Affer a vun eiser ganzer Gesellschaft stellen. Si all hunn net nëmme mat der marianescher Antiphon – bewosst oder unbewosst – gebiet a getréischt der Muttergottes déi Bedürfteg an d’Hänn geluecht. Nee, si hunn de Saz als Optrag zum diakonalen Handelen echt geholl. Esou goufen – bezéiungsweis ginn – Léift a Baarmhäerzegkeet konkret.

Huele mir äis e Beispill un hinnen a kucke mir, wou mir äis kënnen engagéiere fir Mënschen an Nout. Well eréischt, wann all Nout iwwerwonnen ass, all Kranken, Eeleren oder Behënnerten eng mënschewierdeg Behandlung, Begleedung an Ënnerstëtzung kritt, all Sans-Abri en Dag iwwert dem Kapp huet, all Aarmen aus senger Aarmut eraus ass, jiddwereen e Liewe mat Perspektiv a Sënn opgemaach kritt a schliisslech zu Lëtzebuerg d’Mënschlechkeet nees iwwerhand hëlt, da kënne mir mat guddem Gewësse soen: „Lëtzebuerg geet et gutt.“ Amen.


[1D’Zuel staamt aus der Zeitung Le quotidien vum 8. September 2018.

[2Vgl. Léon Lommel, Hierdebréif „Unsere gemeinsame Verantwortung für die Zukunft der Kirche Luxemburgs“, 1969, S. 7.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu