lb fr pt en
Priedegten  
8. Mee 2020

„Ut unum sint“ – Si sollen eens sinn (Devise vum Mgr. Fernand Franck)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (8. Mee 2020)

Hinführung

Vor seinem Leiden und Sterben hat Jesus Christus im Abendmahlssaal seinen Herzenswunsch zum Ausdruck gebracht: Er hat für die Einheit seiner Jünger gebetet. In der fünften Oktavpredigt fragen wir uns, wie es um die Einheit von uns Christen bestellt ist und wie weit der Wunsch Jesu Realität wurde. Gleichzeitig versuchen wir eine Antwort auf die Frage zu finden, warum unserem Herrn gerade die Einheit seiner Jünger so am Herzen lag.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

2. Februar 1991, Liichtmëssdag. Ech erënnere mech nach ganz gutt, wéi mäin deemolege Monnerecher Heemechtspaschtouer, den Här Beck, mech hei an d’Kathedral matbruecht huet, fir un der Bëschofswei vum Mgr. Fernand Franck kënnen deel ze huelen. Et war fir mech als jonke Borscht vu 17 Joer e ganzt besonnescht Erliefnes. Deen ergräifendste Moment awer vun där Feier, war deen Ablack, wou d’Maîtrise ënnert der Leedung vum Chanoine René Ponchelet, dee vun him vertounte Wopesproch vun eisem 7. Diözesanbëschof an zweeten Äerzbëschof erklénge gelooss huet. „Ut unum sint.“ D’Hingerhaut ass mir deemools ausgaangen – wéi och genee 25 Joer méi spéit bei der Feier vum Sëlwerne Bëschofsjubiläum vum Mgr. Franck. Dunn awer duerch en anere Grond. Hunn ech mech 1991 éischter vun dem Gesang ergräife gelooss, esou stung 25 Joer duerno de Wopesproch mat senger déiwer Ausso fir mech am Virdergrond. „Ut unum sint.“ – „Si sollen eens sinn!“ Ech hu mech gefrot, wat mir als Kierch am Laf vun der Zäit aus deem gemaach hunn, wat d’Bëschofsdevise ausdréckt. „Ut unum sint!“ Wéiwäit ass dat vu Jesus Christus am Johannesevangelium selwer formuléiert Uleies – säin Häerzenswonsch – Realitéit ginn?

Wa mir éierlech driwwer nodenken, da komme mir net derlaanscht, mat Bedauere festzestellen, datt den Häerzenswonsch vum Jesus, deen hien am Abendmahlssall den Owend viru sengem Leiden a Stierwen als Gebiet u säi Papp am Himmel geriicht huet, op ville Plazen an zu allen Zäiten e „fromme Wonsch“ bliwwen ass – bis haut. Vun Ufank u vun der Geschicht vum Chrëschtentum gouf et nämlech Spaltungen, Richtungskämpf, verschidden Ausleeunge vun deem, wat Jesus Christus wierklech gewollt huet. Dat huet dacks zu Reliounskricher gefouert, zu bluddegen Ausenanersetzungen, leider am Numm vu Christus, awer sécher net am sengem Geescht. A wann och haut vill Efforten um Niveau vun der ökumenescher Beweegung gemaach ginn, an d’Chrëschte sech een deem anere méi no kommen, esou bleift nach e wäite Wee ze goen, bis de Wonsch vu Christus wierklech Realitéit gëtt.

Mee, kommt mir kucken net eraus an d’Weltkierch, mee bleiwen emol hei zu Lëtzebuerg. Och an der Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, musse mir äis d’Fro gefale loossen, wéiwäit mir dem Uleies vu Christus entspriechen. „Ut unum sint!“ Bedauerlecherweis ginn et och innerhalb vun eiser klenger Äerzdiözes Differenzen, Parteiungen, Jalousie a Spannungen. Vill Guddes gëtt dacks selwer zerstéiert, wëll mir äis net eens sinn, wëll mir op eist Recht pochen a vläicht d’Zeeche vun der Zäit net richteg deite kënnen oder deite wëllen. Esou entstinn, Sträit, Näid an Oneenegkeet. An dobäi soll et dach grad bei äis Chrëschten aneschters sinn. „Ut unum sint!“ Mir sollen eens sinn!

D’Eenheet – léif Leit – wier esou wichteg! Virwat? D’Äntwert op dës Fro gëtt Jesus Christus selwer: „Alle sollen eins sein: Wie du, Vater, in mir bist und ich in dir bin, sollen auch sie in uns sein, damit die Welt glaubt, dass du mich gesandt hast.“ (Joh 17,21) „Damit die Welt glaubt“. D’Welt an eis Matmënsche kommen net zum Glawen duerch eng Priedegt – och wa se nach esou theologesch korrekt a fachmännesch virgedroe gëtt. Si kommen och sécher net nëmmen zum Glawen duerch d’Liese vun engem spirituelle Buch oder vu gutt ausformuléiert theologeschen Aufsäz. Dat stäerkst Glawenszeechnes, dat et an der Welt gëtt – grad an eiser oft zerrassener Welt – ass déi gelieften Eenheet. Wann d’Welt spiert, datt mir Chrëschten eens an eeneg sinn, da fannen d’Mënschen zum Glawen. Nëmme wa mir – biblesch gesot – „ein Herz und eine Seele“ sinn, kann d’Welt eppes vu Gott selwer gesinn, dann ass Gott, deen d’Léift ass, erfuerbar. Wann déi éischt Chrëschten an enger eenzeger Generatioun de ganze Mëttelmierraum missionnéiert hunn – ohne Fernseh, Internet a modern Verkéiersmëttelen – da luech et net zuletzt dodrun, datt – trotz ville Schwieregkeeten a Meenungsverschiddenheeten – bei hinnen eng Eenheet sichtbar war, déi faszinéiert a begeeschtert huet. „Seht, wie sie einander lieben.“ D’Eenheet a Léift ass wuel dat gréissten Zeechnes vun äis Chrëschten an eiser Zäit. D’Oneenegkeet schuet eiser Glafwierdegkeet. Vläicht ass ee vun de gréisste Feeler an eiser haiteger Kierch, datt mir Spaltungen zouloossen, a Sträit an eise Gemeinschaften an de Paren an Dierfer einfach hinhuelen. Et misst dach d’Uleies vun äis all sinn, datt mir Eenheet schafen an Eenheet liewen; datt mir „zesumme Kierch sinn“. „Ut unum sint!“

Léif Leit,

Mir däerfen de Jesus mat sengem Häerzenswonsch net falsch verstoen. Eenheet bedeit net Eenheetlechkeet oder Uniformitéit. Déi Eenheet, déi Jesus mengt, ass eng Eenheet an der Pluralitéit. Hei kann a soll jiddwereen onverwiesselbar hie selwer bleiwen. An onverwiesselbar si mir duerch eis Perséinlechkeet, eise Charakter, eis Talenter an – net ze vergiessen – duerch eis vu Gott geschenkte verschidde Charismen. „Gott gibt diese Eigenschaft, [das] Charisma jenem Menschen, aber nicht für ihn selbst, sondern damit er der ganzen Gemeinschaft dienen kann.“ [1] ënnersträicht de Poopst Franziskus. Ech denken, Eenheet kinnt entstoen, wa mir äis eiser Verschiddenaartegkeet a géigesäitegem Respekt bewosst ginn, wa mir äis op eis verschidde Charisme besënnen an dës zum Wuel vun eiser Kierch asetzen. Jiddwer Chrëscht – jo jiddweree vun äis – verfügt iwwert e Charisma. Et gëtt keen ouni Begabung. An de Charismalëschte vun de Paulusbréiwer komme ganz vill ënnerschiddlech Gowen zur Sprooch: Tréischten, Heelen, Leeden, Ënnerriichten, Baarmhäerzegkeet üben, prophéitescht Schwätzen, asw. Mir kinnten d’Lëscht weiderféieren. All dës vu Gott geschenkte Gowen – an nach vill anerer – gëllt et ze erspieren, wäertzeschätzen, ze fërderen a fir den Opbau vun der Eenheet vun eiser Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, ze notzen. Wie seng eege Gow geréngschätzt oder net abréngt, entzitt der Kierch wichteg Liewenskraaft. All Charisma vu Jonk an Al ass néideg, a fir eis Kierch liewensnoutwendeg, well d’Kierch lieft aus enger legitimer a fruchtbarer Pluralitéit.

An deem Kontext wëll ech e Plädoyer fir eis Jonk maachen. Dacks gëtt jo behaapt, mat eiser Jugend, der Handy- an Internetgeneratioun, wier näischt unzefänken. Ech konnt mech vum Géigendeel iwwerzeegen. Ënnert der Leedung vun eisem Kardinol, hat ech d’Chance an de leschte Joren e puer Mol mat Jugendlecher an Nord-Thailand ze fueren. Do gouf zesumme gebiet a geschafft. Mat hiren eegenen Hänn, mat jugendlechem Enthousiasmus a mat grousser Motivatioun, hu si an der Hëtzt, ënnert de lästege Mustiken, an aneren Erausfuerderungen, déi op Chantieren ze bewältege sinn, richteg geschafft, fir eng Kierch, bzw. eng Kapell, opzebauen. Jiddwereen huet seng Begabung a säi Charisma matabruecht, fir eppes Grousses ze realiséieren – um Chantier, an doriwwereraus um gemeinschaftleche Glawenswee, op deem mir an där Zäit och ënnerwee waren. Déi Erfarungen hu mir bewisen: Mat eise Jonken ass eppes unzefänken. An ech wiere mech dergéint, wann de Contraire behaapt gëtt.

Wa mir „zesumme Kierch“ wëlle sinn an d’Eenheet verwierklechen a liewe wëllen – fir esou e glafwierdegt Zeechnes no baussen ze ginn – da gëllt et net nëmmen déi eeler Generatiounen oder déi am beschten Alter ze berücksichtegen. Da musse mir grad och eis Jonk matabezéien, hir spezifesch Charisme fërderen; si – wéi och eis Kanner – begleeden an hinnen eng Plaz an eise Gemeinschafte ginn. Dëst leet äis och de Poopst Franziskus a sengem Schreiwes Christus vivit un d’Häerz: „La communauté a un rôle très important dans l’accompagnement des jeunes, et c’est toute la communauté qui doit se sentir responsable pour les acceuillir, les motiver, les encourager et les stimuler. Cela implique que l’on regarde les jeunes avec compréhension, valorisation et affectation, et qu’on ne les juge pas en permanence, ni qu’on exige d’eux une perfection qui ne correspond pas à leur âge.“ (CV 243)

Léif Leit,

„Ut unum sint!“ D’Uleies vu Christus bleift eng Erausfuerderung fir äis all. Wëlle mir wierklech d’Eenheet realiséieren, da musse mir all un äis schaffen, eis Charisme géigesäiteg unerkennen a jiddwerengem seng Plaz an eiser Kierch zougestoen. Jo, wëlle mir wierklech bestehend Problemer an Differenzen iwwerwannen, da kënnt et drop un, datt mir dat Gemeinsaamt am Glawen, der Hoffnung an der Léift entdecken. Virun allem awer musse mir äis nees op dee besënnen, deen den Här vun der Kierch ass; deen an eiser Kierch lieft a wierkt: Christus, den Operstanenen.

Léif Leit,

A senger Priedegt bei Geleeënheet vum 25. Bëschofsjubiläum vum Mgr. Franck sot eise Kardinol: „Ut unum sint! Monseigneur Franck, dir hutt eiser Kierch vu Lëtzebuerg dëst als Cadeau hannerlooss. An dat ass immens wichteg.“ Jo, et ass e Cadeau – e wichtegen, a gläichzäiteg en erausfuerdernde Cadeau fir eis Kierch. Huele mir zesummen dee Cadeau dankbar un a schaffe mir un der Verwierklechung vun der Eenheet. Loosse mir Spannungen an Differenzen hannert äis. Denke mir drun: D’Eenheet ass de Mossstaf vun der Glafwierdegkeet vun äis Chrëschten. Nëmmen, wa mir vereent – mat Christus an eiser Mëtt – an d’Zukunft ginn, si mir op engem gudden, fruchtbaren an hoffnungsvolle Wee. Da si mir „zesumme Kierch“.

Merci, Mgr. Franck! Är Bëschofsdevise ass a bleift Programm fir eis Kierch zu Lëtzebuerg. Amen.


[1Poopst Franziskus a senger Generalaudienz zu Roum vum 1. Oktober 2014.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu