lb fr pt en
Digitaalt Bicherzelt vun der ErwuesseBildung  
1. Mee 2021

Bénévoler stellen Iech eng breet Selektioun u Bicher vir

Digitaalt Bicherzelt vun der ErwuesseBildung

Mir stellen Iech hei e puer „Coups de coeur“ vir, déi sech haapt- an éierenamtlech Mataarbechterinne vun der ErwuesseBildung erausgepickt hunn. Virgestallt gi Bicher aus de Beräicher „reliéis Kannerbicher“, „Philosophéiere mat Kanner a Jugendlechen – Nodenken an an d’Gespréich kommen iwwert Theemen, déi si an eis ganz Gesellschaft beschäftegen“.

An dësem klenge Filmclip kritt dir Loscht drop gemach, iech dat eent oder anert ganz interessant Buch méi genee unzekucken.

D’Bicher gi virgestallt vun:

  • Marie-Christine Ries,
  • Michèle Scholer, fréier Mataarbechterin vun der ErwuesseBildung
  • Theo Péporté, fréieren Responsabel vun der ErwuesseBildung
  • Paul Galles, ë.a. Theolog a Politiker a Member vum Verwaltungsroot vun der ErwuesseBildung

Organisatioun:
ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu