lb fr pt en
Priedegten 2021  
4. Mee 2021

Begéinung, déi – dank dem demütege Pardon – Versönung konnt bewierken

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (4. Mee 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas (23,32-43)

Zusammen mit Jesus wurden auch zwei Verbrecher zur Hinrichtung geführt. Sie kamen an den Ort, der Schädelhöhe heißt; dort kreuzigten sie ihn und die Verbrecher, den einen rechts von ihm, den andern links.

Jesus aber betete: Vater, vergib ihnen, denn sie wissen nicht, was sie tun! Um seine Kleider zu verteilen, warfen sie das Los.

Das Volk stand dabei und schaute zu; auch die führenden Männer verlachten ihn und sagten: Andere hat er gerettet, nun soll er sich selbst retten, wenn er der Christus Gottes ist, der Erwählte.

Auch die Soldaten verspotteten ihn; sie traten vor ihn hin, reichten ihm Essig und sagten: Wenn du der König der Juden bist, dann rette dich selbst! Über ihm war eine Aufschrift angebracht: Das ist der König der Juden.

Einer der Verbrecher, die neben Jesus hingen, verhöhnte ihn:
Bist du denn nicht der Christus? Dann rette dich selbst und auch uns!

Der andere aber wies ihn zurecht und sagte: Nicht einmal du fürchtest Gott? Dich hat doch das gleiche Urteil getroffen. Uns geschieht recht, wir erhalten den Lohn für unsere Taten; dieser aber hat nichts Unrechtes getan.

Dann sagte er: Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!

Jesus antwortete ihm: Amen, ich sage dir: Heute noch wirst du mit mir im Paradies sein.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun der Usprooch vun haut ass „Begéinung, déi – dank dem demütege Pardon – Versönung konnt bewierken“.

Ee léiwe Bekannten huet sech mat 65 Joer – no der Pensioun an der Museksschoul ageschriwwen. Vu Kand u wollt hie léiere Gei spillen. Duerch eng ganz Réi Ëmstänn war dat awer net méiglech. Schliisslech huet hie sech an der Pensioun dëse Kanner- a Jugenddram selwer erfëllt. An elo, mat bal 75 Joer, ass et eng Freed, him nozelauschteren.

Villäicht gëtt et och an eisem Liewen „Beräicher“, wou mir spieren, dass nach eppes opsteet, dass mir nach eppes missten erleedegen, betreffend Relatiounen, Fortbildung oder Hobby. Et gëtt Beräicher, wou dat ganz vum selwe geet, anerer, wou et mi schwiereg ass. Een esou e Beräich kéint ee Pardon sinn, dee scho mi laang usteet an deen, aus wéi enge Grënn och ëmmer, ni op der richteger Plaz konnt ausgeschwat ginn. Wësse mir dach alleguer aus eegener Erfarung dass – wann et richteg wéi gedo huet – dat klengt Wiertche „Pardon“ ka Wonner wierken.

„Pardon“ ass och eent vun den Theme vun haut. Mir begleeden de Jesus an der leschter Etapp viru sengem Doud. Hien hänkt um Kräiz. Mir si gewinnt, esou Biller a Kräizer ze kucken – hu villäicht eent doheem an der Wunneng hänken oder eng Kette mat engem Kräiz un.

Mee – ganz éierlech – ech ka mir schwéier virstellen, virun engem richtege Kräiz ze stoen, wou ee Mënsch drun hänkt, deen Hänn a Féiss duerchgeschloe krut – an dobäi nach lieft, trotz Bluttverloscht an immenser Péng.

Léif Leit, ech weess net, wéi et Iech domat geet. Mee ech wëll mir dat guer net virstellen… Wéi grouss muss dem Jesus seng Léift – a säi Vertraue gewiescht sinn, dass hien all dat op sech geholl huet…

An deene verschiddenen Usprooche bis elo hu mir Texter betruecht, wou de Jesus verschiddene Persoune begéint. Ganz vill Mënsche goufen duerch de Kontakt mat him reegelrecht opgeriicht – et war een neien Ufank an hirem Liewen. Awer anerer sinn eben duerch dës Begéinung reegelrecht an den Ofgrond vun der Däischtert gefall.

Am Evangelium vun haut begéine mir di 2 Varianten. De Jesus ass um Kräiz festgeneelt. Ronderëm stinn d’Leit vu Jerusalem, an och d’Zaldoten. Si all hunn de Geck mat him gemaach… ee Mënsch, deen um Kräiz hänkt a sech net wiere kann.

Dann hat jo dozou de Pilatus och nach dat Schëld uewen um Kräiz festneele gelooss: Dëst ass de Kinnek vun de Judden. Sollt dat eng ironesch Frechheet sinn – oder war et iergendwéi verstoppt a sengem ganzen Dilemma awer seng Iwwerzeegung? Dat alles wësse mir net.

Eigentlech passen di 2 Wierder „Kinnek“ a „Kräiz“ net beieneen. De Kinnek sëtzt um Troun, ass staark, mächteg a seet deenen aneren, wat si ze maachen hunn. Awer de Jesus ass en anere Kinnek. Hunn dach schon an der Erzielung nom Jesus senger Gebuert di 3 Kinneken hien am Palais zu Jerusalem gesicht – awer hien net do, mee zu Betlehem an engem Stall fonnt. Och do scho war ee brutaalt Ëmdenke gefuerdert.

Jesus, Kinnek, um Kräiz. Di Schrëft um Jesus sengem Kräiz verleet och vill vu sengen Zäitgenossen zu verletzleche Kommentaren. Wéi grouss muss den Haass sinn, dann an dëser Situatioun – mat engem Mënsch, dee sech net wiere kann – de Geck ze maachen. De Jesus awer bleift souverän. Hie seet näischt. Hien hält aus, solidaresch mat a fir all aner Mënschen, déi onschëlleg verurteelt a gepisakt ginn – déi et gëtt – bis haut.

Da sinn awer och do nach di zwee Männer, déi mam Jesus zesumme gekräizegt goufen. Ee vun hinne ka sech et och net huele loossen, fir de Geck mam Jesus ze maachen. Awer deen aneren – ugeneelt un d’Kräiz, voller Blutt a voller Schmäerz – weist hien zurecht. „Net emol elo an dëser Situatioun fäerts Du den Härgott? Du bass dach grad esou verurteelt. Mir zwee ginn hei zu Recht gestrooft – awer hien – hien huet guer näischt Falsches gemaach!“ An da kënnt dee grousse Saz: „Jesus, vergiess mech net, wann s Du am Himmel ukënns.“

Dëse Raiber um Kräiz, dee jo bestëmmt Schlëmmes verbrach hat, ausgerechent hie rifft de Jesus mam Numm a seet: „Jesus – vergiess mech net, wann s Du an den Himmel kënns…“! Grad elo, wou guer näischt méi geet, huet hien de Courage, fir de Jesus ëm Hëllef ze froen. Geet et eis net och munchmol esou, wa mir un eis Grenze stoussen a keen Auswee méi wëssen?

Mee wéi hätte mir am Jesus senger Plaz reagéiert? Kënnt et net alt vir, dass, wann ee grad dann eppes vun eis wëllt, wa mir gestresst sinn, eisen éischte Reflex dann ass – elo net – looss mech mat Rou wgl. De Jesus reagéiert anescht. Hien denkt net u sech, mee un dësen aarmen Däiwel, dee grad ewéi hien um Kräiz hänkt.

An dëser ofgrondloser Perspektivlosegkeet seet de Jesus zu him: „Haut nach wäerts Du mat mir am Paradies sinn.“ An ech woe bäizefügen: do wou den Härgott, eise Papp mat offenen Äerm op eis waart.

Esou vill Mënsche stinn hei ronderëm. Awer kee vun hinnen huet kapéiert, wien de Jesus ass – ausser dësem aarmen Däiwel. Dëst Gebiet „Jesus, denk u mech“, dat hien am leschte Moment vu sengem Liewen biet, dat mécht him d’Dier op zum éiwege Liewen. Et ass also ni ze spéit…

Dee Schächer, wéi e biblesch genannt gëtt, dee sech am Liewe veriert, duerno awer asiichteg gouf – dee geet allen anere Männer a Frae viraus a mécht deenen, déi duerno kommen, d’Dier op. Ech denken do u Maria, seng Mamm, un de Péitrus, de Paulus, d’Maria-Magdalena an nach vill anerer. Mam Jesus waart hien op si… Ass dat net ee schéine Gedanken? Och mir wäerte sécher nach staunen – wien eis do uewen d’Dier wäert opmaachen.

Léif Leit, esou wéi dee Bekannten, deen ech am Ufank ernimmt hunn, deen am héijen Alter ugefaangen huet, Gei ze spillen, esou ass et och fir eis ni ze spéit fir – fir dat wat nach usteet – unzegoen. Il faut le décider – et le faire ! sot eng Kéier ee Jesuitepater.

Villäicht hunn och mir nach eng Entscheedung, en Thema, wat schwéier ass a misst gekläert ginn. Loosse mir iwwerleeën, an, wann et usteet, wéi de Schächer eis dem Jesus uvertrauen. Dat kann ee Pardon sinn, vis-à-vis vun engem Mënsch, deen op dëse Gest waart… oder mam Sakrament vun der Versönung. Loosse mer an der Stëllt all dat, Gefiller, Erfarungen a Mënschen, dem Jesus uvertrauen.

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed – léier eis verzéien an ëm Verzeiung froen – a biet fir eis. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu