lb fr pt en
Priedegten  
27. Abrëll 2021

Begéinung, déi Lassloosse fuerdert

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (27. Abrëll 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas (2,41-52)

Und die Eltern Jesu pilgerten jedes Jahr nach Jerusalem zum Paschafest. Auch als er zwölf Jahre alt war, zogen sie nach dem Festbrauch hinauf.

Und nachdem sie die Tage zu Ende gebracht, verharrte bei ihrer Heimkehr Jesus, das Kind, in Jerusalem. Und seine Eltern merkten es nicht. Aber, da sie dachten, er sei in der Reisegesellschaft, gingen sie eine Tagreise weit und suchten ihn unter den Stammesgenossen und Bekannten. Und als sie ihn nicht fanden, kehrten sie auf der Suche nach ihm zurück nach Jerusalem.

Und es geschah: Nach drei Tagen fanden sie ihn im Heiligtum, wie er in der Runde der Lehrer saß, ihn zuhörte und sie befragte.

Die ihn hörten, gerieten außer sich ob seiner Einsicht und seiner Antworten. Uns als sie ihn sahen, waren sie bestürzt, und seine Mutter sprach zu ihm: Kind, warum hast du uns das angetan? Da! Dein Vater und ich – wir suchen dich voll Sorge.

Er aber sprach zu ihnen: Was brauchtet ihr mich zu suchen? Wusstet ihr nicht, dass ich bei der Sache meines Vaters sein muss? Dann ging er mit ihnen hinab und kam nach Nazareth. Und er war ihnen untertan.

Und seine Mutter bewahrte all diese Worte in ihrem Herzen. Und Jesus kam voran in der Weisheit, im Wuchs und in der Gnade bei Gott und Menschen.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Usprooch vun haut steet ënnert dem Thema „Begéinung, déi Lassloosse fuerdert“.

Léif Leit, ee jonke Familljepapp huet mir erzielt, wéi hie virun e puer Joer op der Schueberfouer säi klengt Meedche verluer hat. Am Gewulls vun deene ville Leit, war d’Kand op eemol net méi do. Stress pur! Alarm! Wat maachen? Du koum him di genial Iddi fir dee Wee zréckzegoen, deen hie grad virdru gaange war. An do – op eemol, am Gewulls vun de ville Leit, war do eng Fra, déi d’Kand un der Hand hat. Di Fra hat gesinn, dass d’Kand eleng do stoung a gekrasch huet a si duecht – di Eltere mierken direkt, dass d’Kand net mi do ass, a kommen zréck – an esou war et och. De Papp an d’Kand waren erliichtert.

Am Evangelium vun haut begéine mir eng änlech Situatioun. De Jesus war mat sengen Elteren, Jousef a Maria op Jerusalem an den Tempel gepilgert. De Jesus hat 12 Joer, en Alter, deen an der jüddescher Kultur eng wichteg Iwwerganksetapp zum Erwuessene war.

Pilgere war deemools keng kleng Saach. E Pilger huet sech Geforen a Strapazen ausgesat. Gouf et dach weder Auto, Bus, Zuch, nach Fliger. Maria a Jousef sinn di ronn 160 km vu Nazareth bis Jerusalem zu Fouss gaangen, (± vu Wäiswampech op Metz), an dat mat Kanner, Gepäck a Pic-nic. Hin an zréck ware si e puer Deeg ënnerwee, ouni Hotel oder Restaurant. Grad ewéi haut hunn och deemools d’Leit sech a Pilgergruppen zesumme gedoen. Och war de Pilgergank oft mat engem Uleies oder engem Versprieche verbonnen.

Um Heemwee awer geschitt der jonker Koppel dat, wat, wéi uewe schonn ugedeit, de Cauchemar vun allen Elteren ass. Si verléieren hiert Kand. An dat no enger déif reliéiser Aktivitéit. Hätt ee sech dach erwaart, dass hire Glaawensäifer belount géif. Neen, am Géigendeel, hire Glawe gëtt zudéifst op d’Prouf gestallt…

No dräi Deeg, d. h. zwou Nuechten… nodeems si di ganz Pilgerkaravan ofgelaf sinn, fanne si hien erëm – am Tempel – bei de Schrëftgeléierten.

Wat war geschitt? Wat haten d’Eltere verpasst – net matkritt? No laanger verzweiwelter Sich begéine si hirem Jong – dee kee Kand méi, mee bal erwuesse ginn ass.

Den Text ass sober. Awer et fält op, dass den Evangelist Maria hei nëmme méi als Mamm ernimmt – an zurecht. An dëser extremer Stresssituatioun reagéiert Maria wéi all Mamme vun der Welt. Et ass keng Rieds méi vu „Maria ganz an der Gnod“, vun „Himmelskinnigin“, vu „Jongfra, geseent ënnert de Fraen“.

Vun den eventuellen interne Kommentaren an der Koppel (dat ass vu mir eng Hypothees): „Du häss sollen… Firwat hues Du net? Ech hat Dir awer gesot…“ seet den Evangelist hei näischt… Maria gëtt beschriwwen ewéi eng normal Mamm, déi ausser sech ass vu Suerg, di Angscht huet, an déi, wéi si de Jong am Tempel erëm fonnt hunn, him et richteg gutt lafe léisst: „Wéi konnts Du eis dat do undoen? Däi Papp an ech hunn Dech voller Angscht gesicht.“

Hat Maria vergiess, wat den Engel bei der Verkënnegung gesot hat? Hat si vergiess, wéi d’Kusinn Elisabeth an hir d’Mamm vum Erléiser erkannt a bestätegt huet? Hat si vergiess, de Gesank vun den Engelen an de Besuch vun den Hierten um Feld zu Betlehem, oder d’Wierder vum Simeon bei der Beschneidung am Tempel virun 12 Joer? Kee weess et.

Mee wat mir hei erausliesen, dat ass, dass och Maria duerch eng Glaawensschoul huet misse goen, grad ewéi jidderee vun eis. Och si huet Begéinungen an Erfarungen, schéiner a schmäerzvoller, missen erliewen – an all dat huet hir gehollef lasszeloossen, an – am Glawen ze wuessen.

Dozou ass dem Jesus seng Reaktioun op d’Suerg vu sengen Eltere méi wéi erstaunlech. Kee Wuert vu Pardon, keen Unzeeche vu Bedaueren oder vu schlechtem Gewëssen. Nee! Verwonnert freet hien: „Firwat hutt Dir mech da gesicht? Wousst Dir dann net, dass ech bei de Saache vu mengem Papp misst sinn?“

„Bei de Saache vu mengem Papp“. An dëser extremer Situatioun, wou Maria hirem Jong, dee kee Kand mi ass, op nei Manéier begéint, gëtt si schmäerzvoll drun erënnert, dass hiert Kand hir net gehéiert. Och si huet misse léieren, Mamm sinn, net no hirem, mee nom Härgott sengem Plang.

An dat bedeit: lassloossen – di eege Virstellungen, di eege Pläng. Begleeden – garder le lien – munchmol ouni ze verstoen! Aushalen ouni ze begräifen. Gleewen ouni ze gesinn. Scholdgefiller ofleenen a „JO“ soen! Den Evangelist Lukas kommentéiert dëst alles ganz sober: „Si hunn net verstanen, wat hien hinne wollt soen“.

Mat hirem Kand sinn di jonk Eltere vu Nazareth op Jerusalem gepilgert. No der Pilgerfaart si si mat hirem bal erwuessene Jong heem komm.

Villäicht huet Maria do och heemlech am Häerz gebiet: Härgott, ech verstinn net, mee ech gleewen, dass alles bei Dir e Sënn huet! Ech gleewen, dass näischt geschitt, waats Du net zouléiss, mee – et ass net ze gleewen, wat s Du alles zouléiss.

Villäicht war dës Begéinung mat hirem Kand wéi en Ausléiser fir hiert „Jo-Wuert“, hire „Fiat“ vun deemools bei der Verkënnegung, ze erneieren. „Et soll geschéien, wéi s Du et gesot hues!“

Wéi vill Mammen (a Pappen) huet och si missen de Wee vun hirem Jong unhuelen – munchmol ouni ze verstoen. Wéi munch Elteren haut, huet och si sech an dëser „nuit obscure“ mat Vertrauen a Gebiet virugetaascht.

Hëlleg Maria – Gottesmamm, villäicht bass Du eis duerfir esou no. Villäicht nenne mir Dech duerfir „Tréischterin vun deenen, déi traureg sinn“. Deng Trei an Däi Glawe goufen op d’Prouf gestallt. Du weess, wéi schmäerzvoll Einsamkeet an déif Ängschte sinn, wann d’Kanner Weeër ginn, déi d’Elteren net verstinn, a mat vill Suerg mussen dermat liewen.

An engem Moment vu Stëllt vertraue mir der Tréischterin Mënschen an Uleies un.

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm, biet fir eis Sënner, elo an an der Stonn vun eisem Doud. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu