lb fr pt en
Priedegten  
7. Mee 2021

Begéinung mam Jesus haut – duerch gleeweg Zeien

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (7. Mee 2021)

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Römer (16,1-7)

Ich empfehle euch unsere Schwester Phöbe, die auch Dienerin der Gemeinde von Kenchreä ist: Nehmt sie im Namen des Herrn auf, wie es Heilige tun sollen, und steht ihr in jeder Sache bei, in der sie euch braucht; denn für viele war sie ein Beistand, auch für mich selbst.

Grüßt Prisca und Aquila, meine Mitarbeiter in Christus Jesus, die für mein Leben ihren eigenen Kopf hingehalten haben; nicht allein ich, sondern alle Gemeinden der Heiden sind ihnen dankbar.

Grüßt auch die Gemeinde, die sich in ihrem Haus versammelt!

Grüßt meinen lieben Epänetus, der die Erstlingsgabe der Provinz Asien für Christus ist!

Grüßt Maria, die für euch viel Mühe auf sich genommen hat!

Grüßt Andronikus und Junia, die zu meinem Volk gehören und mit mir zusammen im Gefängnis waren; sie ragen heraus unter den Aposteln und haben sich schon vor mir zu Christus bekannt.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Begéinung mam Jesus haut – duerch gleeweg Zeien“.

D’Thema vun haut begleet eis zu eiser perséinlecher Glawensgeschicht. Mir si gedeeft – di meescht vun eis schonn als klengt Kand. Wien huet eis vum Jesus erzielt oder mat an d’Kierch geholl? Wien huet eis biede geléiert? Wat bedeit dat haut fir eis Chrëscht ze sinn?

Glawen, d’Relatioun mam Jesus, wéi all Relatioun, déi entwéckelt a verännert sech duerch d’Héichten an Déifte vun der perséinlecher Liewensgeschicht. Dat ass sécher ee vun de Grënn, firwat Katechees net nëmmen eng Saach ass fir Kanner, mee eng Liewensschoul fir all Alter.

Mir gleewen net un eppes, mir gleewen un EEN, wéi d’Teresa vun Avila seet. Bieden ass net eppes maachen. Bieden ass mat engem schwätzen. Wéi all Relatiounen, muss och déi mam Jesus gefleegt ginn – soss verdréchent se. Dat wier elo héich interessant sech iwwert all dëst matenee kënnen auszetauschen, wéi mir als Eenzelen, awer och als Gemeinschaft dës Relatioun fleegen, wéi se sech am Laf vum Liewenswee verännert huet? A wat eis motivéiert fir dee Glawen mat aneren ze deelen? Leider ass dat an dësem Kader net méiglech, mee villäicht awer duerno.

Mech perséinlech beandrockt et zudéifst, wat di éischt Chrëschten a Chrëschtinnen hei geleescht hunn. Dës Männer, Fraen a Koppele waren esou begeeschtert vum Jesus, dass si duerfir grouss Deplacementer net gescheit hunn. Vun Israel a Griicheland, op Roum, zu Fouss oder mam Schëff – ouni TGV a Fliger, ouni Internet an Handy, am totale Vertrauen an deen operstanene Jesus, dee si geruff, geschéckt a begleede géif. Wat ee Glawen! Deene Fraen a Männer verdanke mir et, dass och mir haut dem Jesus seng Botschaft kennen.

An der Liesung vun haut ginn e puer vun dësen Zeie genannt. Am Bréif un d’Réimer schéckt de Paulus hinne Gréiss an ee Merci fir hire Glawen an hiren Asaz. An Zäiten (wéi haut leider och nach), wou gleeweg si geféierlech konnt sinn, si si awer dem Jesus trei bliwwen.

Mee – firwat hu si dat gemaach? Wat hat deen Operstanenen, deem si – wéi mir all jo och – présentiel ni begéint haten – an hirem Liewe verännert? Wat an hirem Liewe gouf duerch HIEN op eemol anescht? A wat heescht dat fir eis?

Di verschidde Personnagen, déi de Paulus am Réimerbréif am Kapitel 16 nennt, déi wéilt ech elo kuerz kommentéieren.

Am 1. Vers nennt hien eng Fra, d’Phöbe. Hie freet d’Destinatäre vu sengem Bréif ëm Ënnerstëtzung fir dës Fra, well si selwer esou ville Mënschen – an och him selwer – gehollef huet. Um Hannergrond vun der deemoleger Stellung vun der Fra am ëffenleche Liewen ass et scho bemierkenswäert, dass de Paulus si iwwerhaapt ernimmt a si dozou nach „Dienerin der Gemeinschaft“ nennt. Dat Wuert „Dienerin“ huet am deemolege Sproocheverständnis bedeit: den Déngscht um Dësch, d. h. den Accueil vu Leit op der Duerchrees, oder vu Mënschen, déi keen Ënnerdaach hunn, aarm an hongreg waren. Dem Paulus senge Wierder no war d’Phöbe diakonesch täteg!

Di Tatsaach, dass de Paulus si ernimmt bestätegt, wéi unerkannt di Fraen an der jonker Chrëschtegemeinschaft waren. Hate si dach vum Jesus geléiert, dass hie selwer keng Angscht a keng Virurteeler vis-à-vis vu Fraen hat, och wann hie selwer dofir vill kritiséiert gouf…

Denke mir u seng Begéinung mat der Sënnerin, déi d’Männer wollte stengegen… oder u säi Gespréich um Pëtz mat der Samariterin, woufir seng Jünger hien duerno zurecht gewisen hunn. Di Samariterin awer gouf eng vun den éischten Zeien vu senger Botschaft an huet d’Mënschen aus der ganzer Stad bei hie gefouert – an d’Leit si komm! Bestëmmt hat d’Teresa vun Avila Recht, wéi si geschriwwen huet: „Du, Herr meiner Seele, dir hat vor Frauen nicht gegraut, als Du durch diese Welt zogst. Im Gegenteil.“ (Weg der Vollkommenheit CE 4,1)

De Paulus nennt a sengem Bréif dann d’Priska an hire Mann, den Aquila. Si waren eng Koppel, déi sech mat Courage fir de Jesus agesat huet. Kierche goufen et deemools jo keng. Di éischt Chrëschten hunn anerer doheem an hir Stuff invitéiert fir ze bieden, wat an der Bibel „Hauskirche“ genannt gëtt.

Léif Leit, wa mir eis kierchlech Realitéit vun haut kucken, da kënne mir vun dësen éischte Gemeinschafte ganz vill léieren. Eis Kierch vu muer brauch dringend esou Hauskierchen, wou zesumme gebiet an dem Jesus säi Wuert verkënnegt a gedeelt gëtt.

Duerno begréisst de Paulus am Bréif 2 Persounen, den Andronikus an d’Junia, deenen hie merci seet fir di wonnerbar Zesummenaarbecht.

Scho laang virum Paulus hu si sech zu hirem Glawen un de Jesus bekannt. Si ware mat him am Prisong, wat vill iwwert hiert Engagement ausseet. Villäicht ass dat och ee vun de Grënn, firwat de Paulus schreift: „Sie ragen heraus unter den Aposteln und haben sich schon vor mir zu Christus bekannt.“

Ech erlabe mir awer betreffend di zwee nees eng kleng Klammer opzemaachen. Den Andronikus, dat war ee Mann. Awer d’Junia? Wärend Joerhonnerte gouf an de bibleschen Iwwersetzunge vum Griicheschen op Latäin aus dem Numm Junia ee Junius – d. h. ee Mann – gemaach. Zanter awer och d’Fraen Theologie studéieren, hu si dat erausfonnt a sech fir entspriechend Korrektur agesat… An der haiteger Eenheetsiwwersetzung vun der Bibel ass d’Junia nees als Fra ernimmt – a vum Paulus, Apostelin genannt ginn. Dozou géif et och elo ganz vill ze soën… mee an dësem Kader ass dat net méiglech…

Duerno nennt de Paulus a sengem Bréif d’Lydia, eng heednesch Fra aus Philippi, dem haitege Griicheland, déi am Purpurgeschäft täteg ass. Si huet de Paulus op senger Duerchrees kenne geléiert, wou hien hir an anere Frae vum Jesus erzielt huet. Dësen Temoignage vum Paulus an dem Sylas, dee mat him ënnerwee war, muss si staark beandrockt hunn. Doropshin huet si sech – an och hir ganz Famill, deefe gelooss an dës friem Männer bei sech heem invitéiert. Sot dach de Jesus: „Wien Iech a säin Haus ophëlt, deen hëlt MECH op.“ Hiert Haus gouf zum Versammlungsuert vun der jonker Hauskierch, wou dem Jesus seng Botschaft awer och gemeinsaamt Gebiet an Handele konnt gedeelt ginn.

Léif Leit, ouni dës Temoignagen a vill anerer duerch d’Héichten an Déifte vun 2000 Joer Kierchegeschicht, wéisste mir haut näischt vum Jesus. Zum Schluss vun dëser, menger leschter Oktavpriedegt wéilt ech Iech invitéieren, eleng, awer och mat aneren am Gebiet ze iwwerleeën:

  • Wat wier anescht a mengem Liewen, wann ech net gleeweg wier?
  • Wéi misste mir sinn – a wat misste mir maachen, lassloossen oder woen, fir dem Jesus seng Botschaft un di nächst Generatioun kënnen ze ginn? Wa mir et net maachen – wie mécht et dann?

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm – biet fir eis, elo an an der Stonn vun eisem Doud. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu