lb fr pt en
Oppe Kierchen . Églises ouvertes  
29. Mee 2018

59 Kierchen a Kapellen hunn hiren aussergewéinleche Patrimoine gewisen

Kuckt d’Fotoimpressiounen vum Highlight 2018: d’Kierch zu Suessem

Billergalerie

Kuckt Iech déi 1001 Gesiichter an eise reliéise Gebaier un! Relieffer mat Figuren aus der Bibel, Engelen am Trompe-l’oeil, Gargouillen, déi Grimasse schneiden, Helleger aus Steen an aus Edelmetal, Portraite vun Doudegen ... eis Kierche si voll mat ausdrocksstaarke Gesiichter, déi heiansdo e puerhonnert Joer al sinn. Dës Männer a Fraen, déi an der Matière veréiwegt sinn, kenneléieren, sech vun hinne verzaubere loossen, dat heescht eiser reliéiser Vergaangenheet an eisem Patrimoine begéinen

Mee mir fannen hei och d’Gesiichter vun all deenen, déi d’Liewen an eise Kierchen erhalen: déi Leit, déi den Empfang maachen, déi, déi Zeremonie feieren, d’Handwierker, déi Gleeweg an d’Pilger, déi eise Patrimoine weidergin, déi, déi eng Kéier era virwëtze kommen.

Um Weekend vun den oppene Kierche den 2. an 3. Juni hunn am ganze Land 59 Kierchen a Kapellen hir Diere grouss opgemaach, fir hiren aussergewéinleche Patrimoine ze weisen. Zum Deel goufe Visite-guidéeën, Ausstellungen a kleng Concerten ugebueden.

Kierch zu Suessem: Highlight vum Weekend.
(Foto by Jim Wanderscheid / intranet.cathol.lu [cc by-nc-nd])

Kierchen an dësen Uertschafte hu matgemaach:

Äischen, Belval-Metzerlach, Bäerdref, Bartreng, Bëschrued, Biissen, Biissen-Wobierg, Béiwen-Atert, Bierden, Bollenduerfer Bréck, Bruch/Miersch, Déifferdeng-Fousbann, Diänjen, Elleng, Esch-Uelzecht (neoapostolesch Kierch), Gréiwels, Habscht, Heeschpelt, Iechternach (Basilika, Église Sts-Pierre-et-Paul, Chapelle Notre-Dame), Jonglënster, Kaalmes, Käerch, Kéiber, Klierf, Konsdref, Léiler, Lellgen, Lëllgen, Lëtzebuerg-Zentrum (Kathedral, Dräifaltegkeetskierch, St-Michel), Lëtzebuerg-Belair (Chapelle Christ-Roi, Chapelle Ste-Elisabeth), Lëtzebuerg-Glacis, Lëtzebuerg-Gaasperech (neoapostolesch Kierch), Longsdref, Miedernach, Monnerech, Munzen, Nidderkuer, Pënsch, op Renert (B), Randschelt, Schëffleng, Sëll, Simmer, Suessem, Suewelbur, Stengefort, Tënten, Trënteng, Uewerkuer, Uewerwampech, Veianen (Église des Trinitaires, St-Nicolas), Wal, Zowaasch.

Den Highlight 2018

Suessem, Kierch vun der Helleger Catherine
Visite-guidée mam Diözesankonservator Alex Langini e Samschdeg, den 2. Juni, um 15 Auer

Am XIII. Joerhonnert bauen d’Häre vun Zolwer eng Buerg zu Suessem. Ëm déiselwecht Zäit entsteet eng “fräi Kapell” fir d’Awunner vum Duerf. Hautdesdaags ass de Chouer aus dem XVI. Joerhonnert deen eelsten Deel vun der Kierch. D’Herrschaftskapell op der Südsäit geet op d’XVII. Joerhonnert zréck. Et si schéi Grafsteng bannendran erhalen. D’Schëff ass vu 1738, den Tuerm vu 1766. D’Gebai gëtt 1953 komplett restauréiert a kritt zur Agangssäit zwou Ubauten. Eng weider Restauratioun vun 1983-84 gëtt dem Banneraum säin aktuellt Gesiicht: Fënstere vum Roger Bertemes an Ady Deville, Mobilier vum Egino Weinerr, spéitgotescht Kräiz.

Koordinatioun vum Weekend vun den oppene Kierchen: ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vun der kathoulescher Kierch.

All Infoen zum Weekend vun den oppene Kierche ginn et op: www.oppekierchen.lu

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie vum Weekend vun den oppene Kierchen 2017 ze gesinn.
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu