lb fr pt en
Oppe Kierchen . Églises ouvertes  
29. Mee 2017

Am Joer 2017 hu 47 Kierchen hire Patrimoine gewisen

Fotoimpressiounen vun der Initiativ Oppe Kierchen um Päischtweekend am ganze Land

47 Kierchen hunn hir Dieren de Weekend vum 3. a 4. Juni grouss opgemaach, fir hiren aussergewéinleche Patrimoine ze weisen. Zum Deel goufen och Ausstellungen a kleng Concerten ugebueden.

Fotoimpressioune vum Weekend

Kierchen an dësen Uertschafte hu matgemaach:

Bartreng, Biissen, Biissen-Wobierg, Béiwen-Atert, Bëschrued, Bierden, Bollenduerfer Bréck, Bruch/Miersch, Diänjen, Esch-Uelzecht (neoapostolesch Kierch), Fousbann (Kierch), Fousbann (neoapostolesch Kierch), Gräisch, Gréiwels, Heeschpelt, Hiefenech, Iechternach (Basilika), Kaalmes, Käerch, Kéiber, Klief, Kruuchten, Lellgen, Lëlz, Lëtzebuerg-Alstad (Kathedral), Lëtzebuerg-Beggen, Lëtzebuerg-Gaasperech (neoapostolesch Kierch), Lëtzebuerg-Glacis, Lëtzebuerg-Hamm, Nidderkuer, Rammerech, Räichel, Randschelt, Schëffleng, Sëll, Simmer, Stengefort, Uewerkuer, Uewerwampech, Useldeng, Veianen, Wal, Waldbëlleg, Wecker, Wäicherdang, Wooltz (neoapostolesch Kierch), Zowaasch.

Highlight 2017 waren zwou Visite-guidéeë mam Alex Langini, Diözesanconservateur, e Samschdeg, 3. Juni zu Wäicherdang (um 15 Auer an der Kierch) an zu Diänjen (um 16.30 Auer an der Kierch).

Koordinatioun vum Weekend vun den oppene Kierchen: ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vun der kathoulescher Kierch.

All Infoen zum Weekend vun den oppene Kierche ginn et op: www.oppekierchen.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu