lb fr pt en
Aktivitéiten 2019 . Activités 2019  
19. November 2019

De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet zwou Flüchtlingsfamilljen empfaangen

D’Familljen aus dem Flüchtlingslager vu Lesbos gi vun der Lëtzebuerger Kierch encadréiert a betreit

Am spéiden Dënschdeg Moien sinn zwou Flüchtlingsfamilljen zu Lëtzebuerg um Findel ukomm a gläich dono vum Kardinol Jean-Claude Hollerich am Bëschofshaus empfaange ginn, wou hie mat hinnen zu Mëtteg giess huet. An der Suite vun der Rees op Lesbos an der Visite vum Flüchtlingslager am Mee dëst Joer hat de Mgr Hollerich sech engagéiert, als e konkret Zeeche vu Solidaritéit an Nächsteléift, an Ofsprooch mat de griecheschen an de lëtzebuergeschen Autoritéiten Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg wëllkomm ze heeschen a si en charge ze huelen.

Bei den zwou Familljen handelt sech ëm eng Famill aus dem Kuwait (Beduine mat zwee Kanner am Alter vu 5 an 8 Joer) an ëm eng Famill aus Syren (och mat zwee Bouwen, Zwillinge vu knapp 2 Joer). Si kommen no enger kuerzer Iwwergangszäit an enger Structure d’accueil an zwee Appartementer an engem Haus hei am Land ënner. D’Famillje ginn encadréiert vun der Ekipp vu Reech eng Hand.

Am Kader vun der Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener a vun der Kardinolskreatioun vum Mgr. Jean-Claude Hollerich waren d’Leit ë.a. invitéiert ginn, en Don fir den Accueil an den Encadrement vun deenen zwou Flüchtlingsfamilljen ze maachen. Ganz vill Leit waren där Invitatioun nokomm, ronn 76.000 Euro sinn iwwer dëse Wee fir dësen Hëllefsprojet erakomm. E ganz grousse Merci fir all Geste vu Solidaritéit!

Wann och Dir en Don maache wëllt, da klickt hei.

Liest zu deem Sujet och:

L’Église du Luxembourg s’engage pour plus de solidarité : Deux familles vivant dans le camp de Lesbos seront accueillies au Luxembourg

Une délégation du Saint-Père au coeur de la désolation humaine : L’archevêque Jean-Claude Hollerich en visite sur l’île de Lesbos / Regardez la galerie de photos


 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu