lb fr pt en
Sonndesmass  
23. November 2023

D’Mass um 34. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Hueschtert (Nidderaanven) iwwerdroen

De 26. November gouf d’Sonndesmass vun Hueschtert iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Hueschtert huet mam Dirigent Jean Schumacher gesong, begleet op der Uergel vum Stefan Dorneanu an op der Gei vum Ruben Dorneanu. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Ste-Cécile Hueschtert

Dëst Joer feiert d’Chorale Ste-Cécile vun Hueschtert hir 150 Joer.
Bis 1958 war d’Chorale e Männerchouer, duerno e gemëschte Chouer. An deenen laange Joren hat d’Chorale eelef Presidenten an nëmme 4 Dirigenten.
Haut besteet d’Chorale aus 31 aktive Memberen. Dirigent ass de Jean Schumacher. Organist de Stefan Dorneanu, dee fir äis 150 Joer dës Mass komponéiert huet, an dëse Sonndeg fir d’éischt gesonge gëtt. Geiist ass de Ruben Dornenau.
Mat eisem Gesank verschéinere mir all kierchlech a weltlech Fester. Eis Prouwen si Mëttwochs vun 20.00-22.00 Auer an eisem Proufsall 6, rue Principale zu Hueschtert. D’Kontaktpersoun ass:
Juliette Beffort - juliette.beffort@gmail.com

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Gott des Himmels und der Erden Adolf Hesse
Agangslidd Herr, durch die ganze Welt Félix Mendelssohn-Bartholdy
Kyrie Messe Ste Cécile Stefan Dorneanu
Gloria Messe Ste Cécile Stefan Dorneanu
Alleluja Halleluja Wolfgang Amadeus Mozart
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Jubilate Deo Wolfgang Amadeus Mozart
Sanctus Messe Ste Cécile Stefan Dorneanu
Agnus Dei Messe Ste Cécile Stefan Dorneanu
Kommiounslidd Cantabile a Sol Majeur Justin Heinrich Knecht
Schlusslidd Mög dir Gott seine Gnade John Rutter
Uergel: Sortie Fugue a Mi Majeur Jan Krtitel Vanhal

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu