lb fr pt en
 
9. November 2020

Neies bei der Fondation Sainte-Irmine

De Site www.irmine.lu ass elo och op Lëtzebuergesch

Enn Oktober 2020 huet d’Ekipp vun der Fondation Sainte-Irmine déi lëtzebuergesch Versioun vun hirem Site online geschalt. Vun elo un kënnt Dir uewen op der Säit (riets) tëscht dem franséischen an dem lëtzebuergesche Fändel wielen.

D’Stëftung wëll op dës Manéier den Accès fir jiddereen zu den Informatioune vun de Projeten a Campagne vereinfachen a seng lokal Verwuerzelung zu Gonschte vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ënnersträichen.

Wärend d’Artikelen an der Kategorie “Evenementer” an Zukunft op Franséisch oder op Lëtzebuergesch verëffentlecht ginn, affichéiere sech d’Rubriken “Iwwer eis”, “Eis Projeten”, Campagnen”, “Ierfschaften an Donatiounen”, “Kontakt”, “En Don maachen” an “Eis Bankkonten” elo op Lëtzebuergesch.

Entdeckt déi lëtzebuergesch Versioun vum Site: https://irmine.lu/lu/

Äre Commentairen a Reaktioune si wëllkomm: info irmine.lu

MERCI fir Ären Intressi a fir Är Ënnerstëtzung!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu